Noriichten

  • Resultater filtern
    Entrez une période

    Le format de date attendu comprend le jour (sur deux chiffres) suivi du mois (sur deux chiffres) suivi de l'année (sur quatre chiffres) : chacune de ces valeurs est séparée par un tiret.

  • 169 Resultater
  1. Eng nei Publikatioun mat Pärelen aus der Lëtzebuerger Sprooch, e Webinaire dëse Mëttwoch iwwer de Lëtzebuerger Wuertschatz an e sëllegen Neierungen am Lëtzebuerger Online Dictionnaire (LOD) vum Zenter fir dʼLëtzebuerger Sprooch (ZLS) vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend.

  2. Nom Succès vun de Bicher "Schwätzt Dir Lëtzebuergesch?" A1 an A2, presentéiert Iech den Institut national des langues (INL) den neie Band fir den Niveau B1. Dëst Buch huet sech zënter der Rentrée 2020/2021 an de Librairië bei d'Bicher vun den Niveauen A1 an A2 gesellegt an huet esou d'Serie ëm e ganzen Niveau vergréissert.

  3. A sengem Réckbléck op d'Woch vum 5. bis 11. Oktober, huet de Gesondheetsministère vermierkt, dass 12% vun all de positiven Infektiounen zu Lëtzebuerg am Zesummenhang mam Beräich Educatioun stinn. An dësem Kontext gëllt et ze preziséieren, dass dës Zuel all d'Studente vun der Uni Lëtzebuerg esou ewéi déi déi am Ausland op der Uni sinn, mä awer hire Wunnsëtz zu Lëtzebuerg hunn, ëmfaasst.

  4. D'Schouljoer 2019/2020 war en Defi fir jiddwereen - Enseignanten, Schüler an Elteren. Déi kommend Wochen erlaben et sech ze entspanen an Energie ze tanken, mee och, fir déijéineg de et brauchen oder de Besoin verspieren, sech op d'Rentrée am September virzebereeden.

  5. 2019/2020 huet den Institut national des langues (INL) scho fir déi eelefte Kéier d'Formatioun "Zertifikat Lëtzebuerger Sprooch a Kultur" (ZLSK) organiséiert. Dës Formatioun gouf duerch d'Gesetz vum 22. Mee 2009 vum INL geschaaft an huet de Formatioune fir Enseignanten am Lëtzebuergeschen eng legal Basis an en offiziellen Diplom ginn.

  6. Um 18:30 Auer informéiert de Premier- a Staatsminister Xavier Bettel d'Press iwwert d'arbechte vum haitege Regierungsrot a gëtt, zesumme mam Claude Meisch, Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, weider Detailer iwwert d'Situatioun am Kader vum COVID-19.

  7. Fir ronn 52.000 Kanner fänkt dës Woch d’Schoul nees un. No zéng Woche sinn de Moien déi éischt Kanner nees an d’Schoul, an d’Betreiungsstruktur oder an ee vun de Kompetenzzentere gaangen. De Modell, deen d’Regierung dobäi gewielt huet, war ambitiéis a stoung am Zeeche vun der Sécherheet, awer och vun der Garantie vun de Bildungschancë fir all Schüler.

  1. Éischt Säit
  2. ...
  3. 8
  4. 9
  5. 10
  6. 11
  7. 12
  8. Lescht Säit