Prezisiounen vum Gesondheetsministère zu de positive Fäll a Relatioun mam Educatiounsberäich

A sengem Réckbléck op d'Woch vum 5. bis 11. Oktober, huet de Gesondheetsministère vermierkt, dass 12% vun all de positiven Infektiounen zu Lëtzebuerg am Zesummenhang mam Beräich Educatioun stinn. 

De Gesondheetsministère an de Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend wëllen heimat nach eng Kéier betounen, dass dës Zuel sech net just op déi Persoune beschränkt, déi positiv getest goufen an eng ëffentlech oder privat Grondschoul oder de Secondaire zu Lëtzebuerg besichen, mee och besonnesch all Studente vun der Uni Lëtzebuerg esou ewéi déi vun den auslänneschen Unie, déi awer e Wunnsëtz zu Lëtzebuerg hunn. 

An dësem Beräich ass eng däitlech Zounam vun de Fäll am Zesummenhang mat belschen Unien, besonnesch zu Louvain, Namur a Léck festgestallt ginn.

Zur Erënnerung: de Bilan mat den Zuele vun de Schüler an dem Léierpersonal, déi positiv op COVID-19 getest goufen, an déi de Lëtzebuerger Schoulsystem besichen, gouf vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend matgedeelt. Dëse bezitt sech op den Zäitraum vum 15. September bis den 9. Oktober 2020 a begräift folgend Zuelen. 

Infektiounen am Zesummenhang mat den Aktivitéiten am Lëtzebuerger Educatiounsberäich:

  • 8 positiv Fäll am Zesummenhang mat 2 Infektiounsketten (Zenario 3: Infektiounskette mat verschiddene Fäll déi am Zesummenhang sti mat enger schoul-interner Infektioun);
  • 85 positiv Fäll an engem Zenario mat 2 Schüler aus der nämmlechter Klass (Zenario 2: max. 2 positiv Fäll an enger Klass mat onbekannter Infektiounsquell).

Säit der Rentrée de 15. September gouf keng gréisser Infektiounsketten an de Grondschoulen oder am Secondaire observéiert. Méi wéi 107.000 Schüler besichen ëffentlech a privat Schoulen a méi wéi 12.000 Enseignantë schaffen a béide Beräicher. 

Communiqué vum Gesondheetsministère

Aktualiséiert