Noriichten

  • Resultater filtern
    Entrez une période

    Le format de date attendu comprend le jour (sur deux chiffres) suivi du mois (sur deux chiffres) suivi de l'année (sur quatre chiffres) : chacune de ces valeurs est séparée par un tiret.

  • 168 Resultater
  1. Fir et de Kanner a Jugendleche méi einfach ze maachen, den offiziellen, meeschtens franséischen Numm mat dem lëtzebuergeschen Numm ze associéieren, huet de Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend eng Landkaart mat den Nimm vun den Uertschaften an de Flëss a béide Sproochen erausbruecht an un all Grondschoulen a Lyceeë geschéckt.

  2. Den 20. November 2019 feiert d'international Kannerrechts-Konventioun (CIDE) hiert 30-järegt Bestoen. D'Konventioun gouf den 20. November 1989 vun der Generalversammlung vun de Vereenten Natiounen ugeholl.

  3. De 15. November 2019 huet de Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch, eng kohärent Offer fir d’Léiere vun der Lëtzebuerger Sprooch presentéiert, zesumme mam Direkter vum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch, Luc Marteling, dem Commissaire fir d’Lëtzebuerger Sprooch, Marc Barthelemy, an der Presidentin vum Conseil fir d’Lëtzebuerger Sprooch, Myriam Welschbillig.

  4. Den Institut national des langues (INL) organiséiert den 23. Oktober 2019 um 19 Auer a senge Raimlechkeeten (21, bd de la Foire; L-1528 Luxembourg) am Kader vu sengem 10. Anniversaire eng literaresch Table ronde mat 4 Gewënner vum Servais-Präis.

  5. De Luc Marteling gëtt den éischten Direkter vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch, dee mam Gesetz vum 27. Juni 2018 geschaf gouf. Hien ass de Moie vum Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch, vereedegt ginn an iwwerhëlt seng nei Fonctioun den 1. Juli.

  6. Am Kader vun der ëffentlecher Feier fir de Gebuertsdag vum Grand-Duc, participéieren d'Membere vun der groussherzoglecher Famill a vun der Regierung den 22. an den 23. Juni un de Festivitéiten, déi zu Esch-Uelzecht, zu Buerschent an an der Stad Lëtzebuerg organiséiert ginn.

  7. 2017/2018 huet den Institut national des langues (INL) scho fir déi néngte Kéier d’Formatioun "Zertifikat Lëtzebuerger Sprooch a Kultur" (ZLSK) organiséiert.

  8. Am Kader vun der ëffentlecher Feier fir de Gebuertsdag vun S.K.A. dem Grand-Duc, participéieren d'Membere vun der groussherzoglecher Famill a vun der Regierung den 22. an den 23. Juni un de Festivitéiten, déi zu Esch-Uelzecht, an der Fiels an an der Stad Lëtzebuerg organiséiert ginn.

  1. Éischt Säit
  2. ...
  3. 8
  4. 9
  5. 10
  6. 11
  7. 12
  8. Lescht Säit