Noriichten

  • Resultater filtern
    Entrez une période

    Le format de date attendu comprend le jour (sur deux chiffres) suivi du mois (sur deux chiffres) suivi de l'année (sur quatre chiffres) : chacune de ces valeurs est séparée par un tiret.

  • 169 Resultater
  1. Wéi am November 2019 eng aktualiséiert a completéiert Orthografie vun der Lëtzebuerger Sprooch virgestallt gouf, war d'Nofro risegrouss. Bannent kierzter Zäit huet dat offiziellt Reegelwierk mussen zweemol nogedréckt ginn.

  2. Jury a Publikum si sech eens: Corona ass dat lëtzebuergescht Wuert vum Joer 2020. Dat Wuert, dat mat Ofstand am heefegste vun de Leit proposéiert gouf, krut um Enn och déi meeschten Zoustëmmung vum Jury.

  3. Eng nei Publikatioun mat Pärelen aus der Lëtzebuerger Sprooch, e Webinaire dëse Mëttwoch iwwer de Lëtzebuerger Wuertschatz an e sëllegen Neierungen am Lëtzebuerger Online Dictionnaire (LOD) vum Zenter fir dʼLëtzebuerger Sprooch (ZLS) vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend.

  4. Nom Succès vun de Bicher "Schwätzt Dir Lëtzebuergesch?" A1 an A2, presentéiert Iech den Institut national des langues (INL) den neie Band fir den Niveau B1. Dëst Buch huet sech zënter der Rentrée 2020/2021 an de Librairië bei d'Bicher vun den Niveauen A1 an A2 gesellegt an huet esou d'Serie ëm e ganzen Niveau vergréissert.

  5. A sengem Réckbléck op d'Woch vum 5. bis 11. Oktober, huet de Gesondheetsministère vermierkt, dass 12% vun all de positiven Infektiounen zu Lëtzebuerg am Zesummenhang mam Beräich Educatioun stinn. An dësem Kontext gëllt et ze preziséieren, dass dës Zuel all d'Studente vun der Uni Lëtzebuerg esou ewéi déi déi am Ausland op der Uni sinn, mä awer hire Wunnsëtz zu Lëtzebuerg hunn, ëmfaasst.

  1. Éischt Säit
  2. ...
  3. 7
  4. 8
  5. 9
  6. 10
  7. 11
  8. ...
  9. Lescht Säit