Gratis Nohëllefscoursen: Aschreiwung bis de 26. Juli

D'Schouljoer 2019/2020 war en Defi fir jiddwereen - Enseignanten, Schüler an Elteren. Déi kommend Wochen erlaben et sech ze entspanen an Energie ze tanken, mee och, fir déijéineg de et brauchen oder de Besoin verspieren, sech op d'Rentrée am September virzebereeden.

Ab dem 24. August 2020 bitt de Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend de Schüler aus dem Fondamental an dem Secondaire thematesch Dossieren zu den Haaptfächer an deene verschiddene Klassen un. Déi kënnen op www.schouldoheem.lu erofgeluede ginn.

All Schüler, deen eng ëffentlech Schoule besicht, huet och d'Méiglechkeet sech fir Nohëllefscoursen an de leschten zwou Woche vun der Vakanz, vum 31. August bis den 11. September, anzeschreiwen. Dës Offer gëllt och fir Schüler vu Privatschoulen, déi den offizielle Programm applizéieren.

D'Aschreiwungsmodalitéite fannt Dir hei drënner.

Wann Dir Schwieregkeete bei der Aschreiwung hutt, kënnt dir d'Helpline per Telefon um 8002-9090 bis de 26. Juli erreechen.

Grondschoulen

Nohëllefscoursë gi fir Schüler ugebueden, déi am Schouljoer 2019/2020 eng Klass vum Cycle 2, 3 oder de Cycle 4.1 besicht hunn. D'Coursë si fir d'Fächer Däitsch, Franséisch a Mathematik.

Um Enn vum Schouljoer haten d'Enseignanten d'Méiglechkeet, fir Schüler mat grousse Réckstänn fir déi Coursen anzeschreiwen. Ab elo a bis de 26. Juli kënnen d'Eltere selwer d'Initiativ ergräifen andeems si de Formulaire vum Ministère benotzen. Kanner kënne just fir een eenzegt Fach ageschriwwe ginn, fir d'Kanner net ze iwwerfuerderen.

Fir d'Schüler vun de Cyclen 2.2 an 3.2 fannen d'Coursë vum 31. August bis de 4. September statt. Fir d'Schüler vun de Cyclen 2.1 an 3.1 fannen d'Coursë vum 7. bis den 11. September statt. Fir d'Schüler vum Cycle 4.1 daueren d'Coursen zwou Wochen, vum 31. August bis den 11. September.

D'Schüler vun der Klass 4.2. kënnen sech fir Opfrëschungscoursen am Kader vum Enseignement secondaire iwwert dëse Formulaire aschreiwen.

Enseignement secondaire

Am Lycée adresséieren d'Coursë sech un d'Schüler vu 7e bis 2e. Zwou Zorte Coursë ginn ugebueden:

  • D'Nohëllefscoursen adresséieren sech un d'Schüler mat engem Noexamen (Fächer: Däitsch, Englesch, Franséisch, Mathematik, Biologie, Chimie a Physik);
  • D'Opfrëschungscourse riichten sech un d'Schüler, déi eventuell Lacunne wëllen opschaffen (Fächer: Däitsch, Englesch, Franséisch, Mathematik).

D'Schüler kënnen sech mat dësem Formulaire fir maximal zwee Fächer aschreiwen.

D'Coursë si vum 31. August bis den 11. September an deenen dräi regionalen Zenteren:

Regioun Zentrum: Lycée Michel Rodange

Regioun Süden: Lycée Guillaume Kroll

Regioun Norden: Dikrecher Lycée

Et kann een sech bis de 26. Juli aschreiwen.

An den internationalen ëffentleche Schoulen

Schüler vun den internationalen ëffentleche Schoule mussen sech beim Sekretariat vun hirer Schoul iwwert d'Nohëllefscoursen informéieren an aschreiwen. 

Communiqué vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend

Aktualiséiert