Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend // D’Lëtzebuerger Regierung
Attributiounen
De Kompetenzberäich vum Ministère ass am interne Reglement vun der Regierung festgehalen.
De Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend ass déi Verwaltung, déi d'Politik vun der Regierung an de Beräicher Bildung, Kanner a Jugend ausschafft an duerchféiert.
Noriichten
-
"Froen zum Lycée": déi éischt Podcast-Serie vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend
Am Kader vun der drëtter Editioun vun der YEP!-Schoulfoire, lancéiert de Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend mat de Podcasts "edutalk" en neie Kommunikatiounskanal. Déi éischt Podcasts presentéieren déi schoulesch Offer vun de Lëtzebuerger Lycéeën.
-
MATHI – eng nei Method fir Mathematik an engem méisproochege Kontext ze léieren
Ab der Rentrée 2024/2025 wäerten d'Schüler aus dem Cycle 1 vum Fondamental MATHI entdecken, eng nei Serie vun didakteschem Material, mee virun allem eng nei Method fir Mathematik ze léieren. De Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch, huet en Dënschden, den 19. Mäerz 2024, un der offizieller Presentatioun vum MATHI-Material um Campus Geesseknäppchen deelgeholl.
-
Rentrée am Nationale Sproocheninstitut Lëtzebuerg
Fir méi wéi 8.000 Interessenten, déi eng nei Sprooch entdecken oder hir Sproochekenntnisser verbessere wëllen, war en Dënschdeg, 20. Februar 2024, d'Rentrée.
-
Virstellung vum Whitepaper iwwer de neie Plan d'études fir den Enseignement fondamental
En Dënschden, den 3. Oktober 2023, ass de Whitepaper iwwer de neie Plan d'études an der Grondschoul um Forum Geesseknäppchen a Presenz vum Claude Meisch, Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend a vum Luc Weis, Direkter vum Koordinatiounsservice fir Recherche a pedagogesch an technologesch Innovatioun (SCRIPT) virgestallt ginn.