Aktualiséiert den
Extraklass: eng Plattform, déi all pedagogesch Offere fir d'Schoule regruppéiert
De 17. Mäerz 2026 huet de Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch, Extraklass virgestallt – eng digital Plattform, déi all pedagogesch Aktivitéiten zesummeféiert, déi vun Acteuren aus der Zivilgesellschaft fir Grondschoulen, Lycéeën a Kompetenzzentren ugebuede ginn.
De 17. Mäerz 2026 huet de Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch, Extraklass virgestallt – eng digital Plattform, déi all pedagogesch Aktivitéiten zesummeféiert, déi vun Acteuren aus der Zivilgesellschaft fir Grondschoulen, Lycéeën a Kompetenzzentren ugebuede ginn.
Extraklass stäerkt d'Zesummenaarbecht tëscht de Schoulen an externe Partner, andeems d'Enseignanten d'Méiglechkeet kréien, passend pedagogesch Offeren, déi am beschten de Besoine vun hire Schülerinnen a Schüler entspriechen, ze sichen an direkt ze reservéieren.
"Fir hir Missioun ze erfëllen, muss d'Schoul sech och fir d'Welt ausserhalb vun der Schoul a fir d'Acteure vun der Zivilgesellschaft opmaachen. D'pedagogesch Aktivitéiten, déi vun dëse Partner ugebuede ginn, erlaben et, mat de Schüler vill gesellschaftlech relevant Theemen unzegoen an d'Schlësselkompetenze vum 21. Joerhonnert ze entwéckelen. Mat Extraklass valoriséiere mir dës Offer a gläichzäiteg stelle mir sécher, datt si am Aklang steet mat de Prioritéiten a Programmer vun der Éducation nationale", huet de Minister Claude Meisch betount.
Schonn haut gëtt et vill pedagogesch Aktivitéiten, déi vun externe Partner (Associatiounen, ONGen asw.) ugebuede ginn. Dës sinn awer op verschidde Websäiten a Plattforme verdeelt (ënner anerem kulturama.lu, beweegung.lu, entrepreneurship.lu, levelup.lu a liesen.lu). Extraklass regruppéiert dës Offeren an engem eenzege Katalog a bitt esou en einfachen Zougang fir Schoulen an extern Partner, wärend gläichzäiteg d'Kohärenz an d'pedagogesch Qualitéit garantéiert ginn.
Pedagogesch Offeren am Aklang mat de Schoulprogrammer
All Aktivitéit, déi op Extraklass ugebuede gëtt, gëtt vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend validéiert a steet am Aklang mat den nationale Schoulprogrammer. D'Offer ass ronderëm néng gesellschaftlech relevant Theemen opgebaut, déi op den neie Léierplang vum Fondamental an de Programmer vum Secondaire ofgestëmmt sinn. Extraklass mécht et esou méi einfach, dës transversal Theemen an alle Fächer opzegräifen, an dréit dozou bäi, Kompetenzen ze entwéckelen, déi fir d'Liewen an der haiteger Gesellschaft onëmgänglech sinn.
Déi néng Theeme sinn:
- Kultur, Konscht & Patrimoine;
- Digitalitéit, Medien & KI;
- Gesondheet, Wuelbefannen & Präventioun;
- Nohalteg Entwécklung, Ëmwelt & Konsum; Demokratie, Rechter & Weltbiergerschaft;
- Sproochen, Kommunikatioun & Multilittératie; Wëssenschaft & Technik;
- Orientatioun, Beruffer & Liewensweeër;
- Finanzen & Entreprenariat.
D'Plattform bitt dräi komplementar digital Raim: e Beräich fir de Grand public, fir déi agreéiert Partner ze entdecken an de komplette Katalog vun den Offeren ze consultéieren; e Beräich fir d'Partner, an deem all Organisatioun e Minisite mat sengen Offeren, sengem Kalenner a senge Reservatioune verwalte kann an e Beräich fir d'Enseignanten, an deem Ufroen, Confirmatiounen, de perséinleche Kalenner an e Kommunikatiounsoutil integréiert sinn.
All Reservatiounen an all Austausch lafen iwwer en zentraliséierten a séchere System, deen eng eenheetlech Gestioun vun den Ufroen a Reservatiounen erméiglecht.
Garantéiert Qualitéit
Fir eng pedagogesch Aktivitéit op Extraklass kënnen unzebidden, mussen extern Partner eng Umeldungsprozedur duerchlafen an déi dozou néideg Dokumenter ënnerschreiwen. Dat soll garantéieren, datt d'Interventiounen an de Schoule qualitativ héichwäerteg sinn an den Ufuerderunge vum Ministère entspriechen.
E Monitoring-System wäert et erlaben, d'Notzung vun der Plattform ze evaluéieren an d'Offer progressiv unzepassen, ënner anerem op Basis vu systematesche Feedbacken no all Aktivitéit. Dës Approche ass Deel vun enger Strategie fir eng kontinuéierlech Verbesserung, déi d'Zil huet, d'Qualitéit an d'Kohärenz vun de pedagogeschen Offeren um nationalen Niveau ze stäerken.
En Opruff un d'Partner
Extraklass ass als Internetsite an als App vum Schouljoer 2026/2027 un disponibel. De Ministère rifft all interesséiert Partner op, bei Extraklass matzemaachen, fir hir Aktivitéite méi visibel ze maachen an dozou bäizedroen, d'pedagogesch Offer fir d'Schoule weider auszebauen. An den nächste Woche ginn Informatiounsseancen organiséiert, fir d'Plattform an d'Participatiounsmodalitéite virzestellen. All d'Informatioune sinn och op extraklass.lu verfügbar.
Communiqué vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend