En Aktiounsplang fir d’Inklusioun an der Grondschoul

Zënter 2017 ass den Dispositif fir d'Betreiung vu Schüler mat spezifesche Besoine grondleeënd reforméiert ginn, fir d'Inklusioun an der Schoul ze fërderen an all betraffene Schüler déi néideg Ënnerstëtzungsmoossnamen ze bidden, déi si fir hir Entwécklung an hire Succès brauchen.

Dës Evolutioun huet sech souwuel duerch eng bedeitend Investitioun an d'Ressources humaines wéi och duerch strukturell Upassunge gewisen, fir dem konstanten Zouhuele vun de Bedierfnesser vun de Schüler gerecht ze ginn – souwuel qualitativ wéi och quantitativ. D'Personal am Déngscht vun dësem Dispositif ass vu 645 Mataarbechter am Joer 2017 op 1.902 Mataarbechter am Joer 2025 geklommen. D'Aféierung vun den Ekippe fir d'Ënnerstëtzung vu Schüler mat spezifesche Besoinen (équipes de soutien des élèves à besoins éducatifs spécifiques, ESEB) an den Asaz vun Enseignanten an Assistente fir Schüler mat spezifesche Besoinen (instituteurs spécialisés dans la scolarisation des élèves à besoins éducatifs spécifiques, I-EBS, an assistants pour élèves à besoins éducatifs spécifiques, A-EBS) hunn et erméiglecht, d'Schüler an der Schoul méi individuell ze betreien an eng koordinéiert a multidisziplinär Prise en charge sécherzestellen. D'Schafe vu regionalen Antenne vun de verschiddene Kompetenzzentren huet dozou bäigedroen, d'Accessibilitéit vun de Servicer am ganze Land ze verbesseren.

E breede Consultatiounsprozess

Trotz de bedeitenden Efforten, déi an de leschte Jore gemaach goufen, steet d'Betreiung vu Schüler mat spezifesche Besoinen haut virun enger Rei vun Erausfuerderungen. D'Gesellschaft huet sech weiderentwéckelt, an domat och d'Bedierfnesser vun de Schüler an d'Realitéit, mat där d'Schoule konfrontéiert sinn. Fir en Iwwerbléck iwwer d'Defien ze kréien, déi den Alldag an der Grondschoul prägen, huet de Ministère am Januar a Februar 2026 e breede Consultatiounsprozess mat Acteure vum Terrain organiséiert. Insgesamt huet de Ministère sech mat zirka 140 Vertrieder getraff, dorënner d'Collèges des directeurs vum Enseignement fondamental a vun de Kompetenzzentren, d'Gewerkschaften SNE an SEW, d'national Elterevertriedung, den Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher (OKAJU) souwéi d'Enseignantë fir Schüler mat spezifesche Besoinen (I-EBS).

D'Prise en charge stäerken an ausbauen

Et huet sech e breede Konsens gebilt, wat déi zentral Erausfuerderunge sinn: d'Betreiung vu Schüler mat engem extreemen an net ugepasste Behuelen, dat den Unterrecht immens stéiert an hir eege Sécherheet oder déi vun Drëtten a Gefor brénge kann; d'Noutwendegkeet, vun engem méi reaktive System anzeféieren, deen d'Delaie fir d'Prise en charge reduzéiert souwéi en Ausbau vun alternative Beschoulungsstrukturen.

Fir dës Erausfuerderungen unzegoen, schléit de Ministère en Aktiounsplang vir, deen dozou bäidroe soll, d'Prise en charge vun de betraffene Schüler an der Grondschoul weider ze stäerken an auszebauen. D'Mesuren ëmfaasse Follgendes:

• d'Aféierung vun engem Interventiounsplang am Fall vun enger Kris am Schoulkontext;

• den Ausbau vun de Ressourcen I-EBS an A-EBS;

• eng besser Zesummenaarbecht tëscht de verschiddenen Acteuren;

• d'Regionaliséierung an den Ausbau vun der Offer vun de Kompetenzzentren;

• eng besser Preventioun duerch e verstäerkten Encadrement am Cycle 1;

• eng méi kohärent Ënnerstëtzung vun de Schüler an hirer Famill duerch den ONE-Schouldéngscht;

• eng Reserv vu Remplaçantë fir d'Personal vun den ESEB;

• eng Reform vun der Commission nationale d'inclusion;

• konsequent Recrutementer fir d'Ëmsetzung vun den neie Moossnamen ze garantéieren;

• en neie Portal fir all Froen am Zesummenhang mat der schoulescher Inklusioun.

Iwwer déi konkreet Modalitéiten an d'Ëmsetzung vun de virgeschloene Moossname gëtt am Kader vun engem ausféierlechen Dialog mat alle Concernéierte an den nächste Wochen diskutéiert.

Communiqué vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend

Regierungsmember

MEISCH Claude

Event Datum

23.03.2026