Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend // D’Lëtzebuerger Regierung
Attributiounen
De Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend ass déi Verwaltung, déi d'Politik vun der Regierung an de Beräicher Bildung, Kanner a Jugend ausschafft an duerchféiert.
Noriichten
-
Neies fir d'Rentrée am ZLS: Wuertschatz Band 5 iwwer d'Jéinescht, e neie Spellchecker a Verbesserunge bei Schreifmaschinn.lu
Kuff dʼSchmull an dibber nobes! Esou heescht de fënnefte Band vun der Serie Lëtzebuerger Wuertschatz, déi den Zenter fir dʼLëtzebuerger Sprooch zesumme mam Service de coordination de la recherche et de l'innovation pédagogiques et technologiques (SCRIPT) erausgëtt.
-
Wanderausstellung "D'Lëtzebuerger Sprooch(en)": Déi nächst Statioun ass Miedernach
Vum 3. bis den 9. September 2023 ass d'Wanderausstellung "D'Lëtzebuerger Sprooch(en)" all Dag an der Sportshal zu Miedernach ze gesinn. D'Adress ass: Millewee, L-7661 Miedernach.
-
D'Ausstellung "D'Lëtzebuerger Sprooch(en)" wandert weider op Ëlwen
Vum 5. bis den 9. August 2023 ass d'Wanderausstellung "D'Lëtzebuerger Sprooch(en)" zu Ëlwen all Dag vu 14 bis 18 Auer am Kulturzenter op 20, rue de Binsfeld ze gesinn. D'Ekipp vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) ass all Dag op der Plaz, fir d'Visiteuren duerch d'Ausstellung ze féieren.
-
Offiziell Aweiung vum Eltereforum zu Beetebuerg
Den 18. Juli 2023 huet de Claude Meisch, Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend den zweete regionalen Eltereforum zu Beetebuerg offiziell ageweit. Déi offiziell Aweiung vum éischten Eltereforum war den 8. Februar 2023 zu Nidderaanwen.