-
D'UN-Kannerrechts-Konventioun feiert hir 30 Joer
Den 20. November 2019 feiert d'international Kannerrechts-Konventioun (CIDE) hiert 30-järegt Bestoen. D'Konventioun gouf den 20. November 1989 vun der Generalversammlung vun de Vereenten Natiounen ugeholl.
-
Fir eng geliefte Sproochpraxis vum Lëtzebuergeschen
De 15. November 2019 huet de Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch, eng kohärent Offer fir d’Léiere vun der Lëtzebuerger Sprooch presentéiert, zesumme mam Direkter vum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch, Luc Marteling, dem Commissaire fir d’Lëtzebuerger Sprooch, Marc Barthelemy, an der Presidentin vum Conseil fir d’Lëtzebuerger Sprooch, Myriam Welschbillig.
-
Literaresch Table ronde am Institut national des langues
Den Institut national des langues (INL) organiséiert den 23. Oktober 2019 um 19 Auer a senge Raimlechkeeten (21, bd de la Foire; L-1528 Luxembourg) am Kader vu sengem 10. Anniversaire eng literaresch Table ronde mat 4 Gewënner vum Servais-Präis.
-
Luc Marteling neien Direkter vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch
De Luc Marteling gëtt den éischten Direkter vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch, dee mam Gesetz vum 27. Juni 2018 geschaf gouf. Hien ass de Moie vum Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch, vereedegt ginn an iwwerhëlt seng nei Fonctioun den 1. Juli.
-
Nationalfeierdag 2019
Am Kader vun der ëffentlecher Feier fir de Gebuertsdag vum Grand-Duc, participéieren d'Membere vun der groussherzoglecher Famill a vun der Regierung den 22. an den 23. Juni un de Festivitéiten, déi zu Esch-Uelzecht, zu Buerschent an an der Stad Lëtzebuerg organiséiert ginn.
-
E komplettéiert Reegelwierk vun der Lëtzebuerger Sprooch
De Conseil fir d'Lëtzebuerger Sprooch (Conseil permanent de la langue luxembourgeoise) huet den 20. Mäerz 2019 e komplettéiert Reegelwierk vun der Schreifweis vun der Lëtzebuerger Sprooch ugeholl.
-
De Conseil fir d'Lëtzebuerger Sprooch huet eng nei Presidentin
De Conseil fir d'Lëtzebuerger Sprooch souz den 20. Mäerz 2019 ënnert der Leedung vun der neier Presidentin Myriam Welschbillig beieneen. Si gouf an hirer neier Fonctioun vum Educatiounsminister Claude Meisch begréisst.
-
Diplomiwwerreechung am INL
2017/2018 huet den Institut national des langues (INL) scho fir déi néngte Kéier d’Formatioun "Zertifikat Lëtzebuerger Sprooch a Kultur" (ZLSK) organiséiert.
-
Marc Barthelemy Kommissär fir d’Lëtzebuerger Sprooch genannt
Op Propositioun vum Regierungsrot ass den Marc Barthelemy Kommissär fir d’Lëtzebuerger Sprooch genannt ginn.
-
Broschür "Bierger, Gesellschaft, Politik – Zesummen d’Lëtzebuerger Sprooch fërderen" gratis bestellen op www.sproocheronn.lu
Am Februar an am Mäerz 2018 huet de Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend véier Biergerforen organiséiert, wou d’Awunner d’Méiglechkeet haten, aktiv iwwer d’Entwécklung vun der Lëtzebuerger Sprooch matzediskutéieren
-
Sproocheronn.lu: méi wéi 100 Propose vun de Bierger fir d’Lëtzebuerger Sprooch ze fërderen
Den Educatiounsminister Claude Meisch an de Staatssekretär an der Kultur, Guy Arendt, hunn den 10. Juli 2018 de Bilan vun der Initiativ Sproocheronn.lu presentéiert, déi Deel ass vun den Efforte fir d’Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch.
-
Nationalfeierdag 2018
Am Kader vun der ëffentlecher Feier fir de Gebuertsdag vun S.K.A. dem Grand-Duc, participéieren d'Membere vun der groussherzoglecher Famill a vun der Regierung den 22. an den 23. Juni un de Festivitéiten, déi zu Esch-Uelzecht, an der Fiels an an der Stad Lëtzebuerg organiséiert ginn.
-
TNS-Ilres-Enquête: D’Lëtzebuergescht ass déi gemeinsam Sprooch vun dräi Véierel vun der Populatioun a vu 94 % vun deene Jonken
Den Educatiounsminister Claude Meisch an de Staatssekretär fir Kultur, Guy Arendt, hunn en Donneschdeg, 7. Juni d’Resultater vun der Enquête iwwer d’Roll vun der Lëtzebuerger Sprooch an der Gesellschaft presentéiert.
-
Wat mengt Dir? Den nächste Biergerforum iwwer d’Lëtzebuerger Sprooch ass den 8. Mäerz
Nach bis den 31. Mäerz hunn all d’Bierger am Land d’Méiglechkeet, iwwer de Stellewäert, d‘Chancen an d‘Perspektive vun der Lëtzebuerger Sprooch zesummen ze diskutéieren.
-
Sproocheronn.lu : Fir eng lieweg a geliefte Lëtzebuerger Sprooch als Pilier vun eiser Méisproochegkeet
Den 22. Mäerz 2018 hunn de Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch, an de Staatssekretär fir Kultur, Guy Arendt, sproocheronn.lu presentéiert.
- Éischt Säit
- ...
- 8
- 9
- 10
- 11
- 12