-
Prezisiounen vum Gesondheetsministère zu de positive Fäll a Relatioun mam Educatiounsberäich
A sengem Réckbléck op d'Woch vum 5. bis 11. Oktober, huet de Gesondheetsministère vermierkt, dass 12% vun all de positiven Infektiounen zu Lëtzebuerg am Zesummenhang mam Beräich Educatioun stinn. An dësem Kontext gëllt et ze preziséieren, dass dës Zuel all d'Studente vun der Uni Lëtzebuerg esou ewéi déi déi am Ausland op der Uni sinn, mä awer hire Wunnsëtz zu Lëtzebuerg hunn, ëmfaasst.
-
Pressekonferenz vum Paulette Lenert a Claude Meisch iwwert den Zenario 1 vum sanitären Dispositif an de Schoulen
De Livestream fänkt géint 15 Auer un.
-
Presentatioun vun der Strategie fir d'Schoulrentrée 2020/21 am Kontext vun der COVID-19-Kris
De Livestream fänkt géint 14 Auer un.
-
Gratis Nohëllefscoursen: Aschreiwung bis de 26. Juli
D'Schouljoer 2019/2020 war en Defi fir jiddwereen - Enseignanten, Schüler an Elteren. Déi kommend Wochen erlaben et sech ze entspanen an Energie ze tanken, mee och, fir déijéineg de et brauchen oder de Besoin verspieren, sech op d'Rentrée am September virzebereeden.
-
Diplomiwwerreechung am INL: d'Laureaten vun der eelefter Promotioun vun der Formatioun "Zertifikat Lëtzebuerger Sprooch a Kultur" kruten hiren Diplom iwwerreecht
2019/2020 huet den Institut national des langues (INL) scho fir déi eelefte Kéier d'Formatioun "Zertifikat Lëtzebuerger Sprooch a Kultur" (ZLSK) organiséiert. Dës Formatioun gouf duerch d'Gesetz vum 22. Mee 2009 vum INL geschaaft an huet de Formatioune fir Enseignanten am Lëtzebuergeschen eng legal Basis an en offiziellen Diplom ginn.
-
Spezifesch Mesurë fir den Apprentissage an d'Qualifikatioun vun deene Jonken z'ënnerstëtzen
De Livestream fänkt géint 10:30 Auer un.
-
Zousätzlech Deconfinementsmesuren am Beräich Educatioun
De Livestream fänkt géint 18 Auer un.
-
Pressebriefing nom Regierungsrot vum 10. Juni 2020
Um 18:30 Auer informéiert de Premier- a Staatsminister Xavier Bettel d'Press iwwert d'arbechte vum haitege Regierungsrot a gëtt, zesumme mam Claude Meisch, Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, weider Detailer iwwert d'Situatioun am Kader vum COVID-19.
-
Gelongene Start an der Grondschoul am Zeeche vun der Sécherheet a vu faire Bildungschancen
Fir ronn 52.000 Kanner fänkt dës Woch d’Schoul nees un. No zéng Woche sinn de Moien déi éischt Kanner nees an d’Schoul, an d’Betreiungsstruktur oder an ee vun de Kompetenzzentere gaangen. De Modell, deen d’Regierung dobäi gewielt huet, war ambitiéis a stoung am Zeeche vun der Sécherheet, awer och vun der Garantie vun de Bildungschancë fir all Schüler.
-
Pressekonferenz iwwert d'Reprise am Cycle 1 vun der Grondschoul, de Crèchen an de Kompetenzzenteren
Op der Pressekonferenz um 14:30 Auer stellt de Minister Claude Meisch d’Modalitéite vun der Organisatioun vum Cycle 1 vun der Grondschoul, de Crèchen an de Kompetenzzentere fir Psychopädagogie vir.
-
Pressekonferenz iwwert d'Reprise vun de Coursen an dem Accueil an der Grondschoul
De Claude Meisch, Minister fir Educatioun, Kanner a Juegend, an den Emile Eicher, President vum Syvicol, informéieren iwwert d'Modalitéiten vun der Reprise. De Livestream fänkt géint 13 Auer un.
-
"D'Schüler stellen dem Claude Meisch hir urgent Froen"
Interview vum Claude Meisch am Tageblatt
-
Progressive Relancement vun de Coursen an de Klassen, déi ab dem 4. Mee 2020 ofwiesselend organiséiert ginn
De Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch, huet de 16. Abrëll 2020 den etappeweise Relancement vun den Aktivitéiten an de Schoulen an de Betreiungsstrukturen erkläert.
-
Pressekonferenz iwwert de schrëttweise Relancement vun de schouleschen Aktivitéiten
De Livestream fänkt géint 14 Auer un.
-
Lancement vun der Online-Plattform aktivdoheem.lu
Fir d'Verbreedung vum Coronavirus COVID-19 maximal ze limitéieren, huet d'Regierung all Deplacementer a Kontakter op déi onbedéngt noutwendeg reduzéiert. An dëser Zäit wou ee soll doheem bleiwen, ass et schwéier physesch a sportlech Aktivitéiten auszeüben, déi awer bewisen zur physescher a mentaler Gesondheet vu jidderengem bäidroen.