Noriichten

  • Resultater filtern
    Entrez une période

    Le format de date attendu comprend le jour (sur deux chiffres) suivi du mois (sur deux chiffres) suivi de l'année (sur quatre chiffres) : chacune de ces valeurs est séparée par un tiret.

  • 169 Resultater
  1. D'Schouljoer 2019/2020 war en Defi fir jiddwereen - Enseignanten, Schüler an Elteren. Déi kommend Wochen erlaben et sech ze entspanen an Energie ze tanken, mee och, fir déijéineg de et brauchen oder de Besoin verspieren, sech op d'Rentrée am September virzebereeden.

  2. 2019/2020 huet den Institut national des langues (INL) scho fir déi eelefte Kéier d'Formatioun "Zertifikat Lëtzebuerger Sprooch a Kultur" (ZLSK) organiséiert. Dës Formatioun gouf duerch d'Gesetz vum 22. Mee 2009 vum INL geschaaft an huet de Formatioune fir Enseignanten am Lëtzebuergeschen eng legal Basis an en offiziellen Diplom ginn.

  3. Um 18:30 Auer informéiert de Premier- a Staatsminister Xavier Bettel d'Press iwwert d'arbechte vum haitege Regierungsrot a gëtt, zesumme mam Claude Meisch, Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, weider Detailer iwwert d'Situatioun am Kader vum COVID-19.

  4. Fir ronn 52.000 Kanner fänkt dës Woch d’Schoul nees un. No zéng Woche sinn de Moien déi éischt Kanner nees an d’Schoul, an d’Betreiungsstruktur oder an ee vun de Kompetenzzentere gaangen. De Modell, deen d’Regierung dobäi gewielt huet, war ambitiéis a stoung am Zeeche vun der Sécherheet, awer och vun der Garantie vun de Bildungschancë fir all Schüler.

  5. Fir d'Verbreedung vum Coronavirus COVID-19 maximal ze limitéieren, huet d'Regierung all Deplacementer a Kontakter op déi onbedéngt noutwendeg reduzéiert. An dëser Zäit wou ee soll doheem bleiwen, ass et schwéier physesch a sportlech Aktivitéiten auszeüben, déi awer bewisen zur physescher a mentaler Gesondheet vu jidderengem bäidroen.

  6. D'lescht Woch huet de Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend den Internetsite www.schouldoheem.lu lancéiert. De Site ass geduecht fir d'Schüler, d'Enseignanten an d'Eltere wärend der Zäit wou d'Coursen aussetzen, beim Léieren a Ënnerriichten iwwer Distanz z'ënnerstëtzen.

  1. Éischt Säit
  2. ...
  3. 8
  4. 9
  5. 10
  6. 11
  7. 12
  8. Lescht Säit