Aktualiséiert den
Presentatioun vum éischten nationalen Aktiounsplang fir d'Ëmsetzung vun der Internationaler Konventioun iwwer d'Eliminatioun vun alle Forme vu rassistescher Diskriminatioun
Den 1. Dezember 2025 ass den nationalen Aktiounsplang fir d'Ëmsetzung vun der Internationaler Konventioun iwwer d’Eliminatioun vun alle Forme vu rassistescher Diskriminatioun (PAN AR) vum Max Hahn, Minister fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil, Georges Mischo, Aarbechtsminister, a Claude Meisch, Minister fir Wunnengsbau a Landesplanung a Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend virgestallt ginn.
No enger Debatt iwwer Rassismus an der Chamber an der Adoptioun vun enger entspriechender Motioun, huet de Ministère fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil (MFSVA) 2020 beim CEFIS a LISER eng Etüd an Optrag gi fir d'Situatioun zu Lëtzebuerg ze analyséieren. Dës Etüd mam Titel "Rassismus an ethnesch-rassistesch Diskriminatioun zu Lëtzebuerg" ass 2022 verëffentlecht ginn a weist, datt Rassismus nach ëmmer eng Realitéit am Grand-Duché ass.
Aus dëser Etüd geet och ervir, datt net nëmme Persoune mat afrikaneschen Originnen am heefegsten Affer vun Diskriminatioun ginn, mee datt och virun allem dräi Beräicher dovunner betraff sinn: Educatioun, Aarbecht a Logement.
Op der Grondlag vun dëse Feststellungen ass dësen Aktiounsplang vum MFSVA an Zesummenaarbecht mat 12 Ministèren an an enker Ofstëmmung mat der Zivilgesellschaft, Mënscherechtsinstitutiounen a Persounen, déi Affer vu Rassismus gi sinn, ausgeschafft ginn. Dëse Plang orientéiert sech un der Internationaler Konventioun iwwer d'Eliminatioun vun alle Forme vu rassistescher Diskriminatioun a soll dës Thematik fir déi éischte Kéier systematesch a koordinéiert ëmsetzen.
Mat 23 Ziler an 118 Aktioune soll dëse Plang Rassismus an all Form vu rassistescher Diskriminatioun op eng geziilten an ëmfaassend Aart a Weis bekämpfen, an esou zu enger méi gläichberechtegter a gerechter Gesellschaft bäidroen.
"Rassismus huet keng Plaz an engem multikulturelle Land wéi Lëtzebuerg. Mat dësem Plang ënnersträicht d'Regierung säi konsequenten Engagement fir den Opbau vun enger inklusiver Gesellschaft, déi op géigesäitegem Respekt, Toleranz a Solidaritéit baséiert, als Grondlage vun eisem Zesummeliewen. All Mënsch muss zu Lëtzebuerg seng Plaz fanne kënne, an dëst onofhängeg vu senger Ofstamung", betount de Max Hahn.
De Minister Claude Meisch ënnersträicht: "Et geet mir no, wa Kanner an der Schoul eleng wéinst hirem Ausgesinn, hirem Numm oder hirer Ofstamung ongerecht behandelt ginn. Eng Schoul muss fäeg sinn de Bedürfnisser vu senger villsäiteger Schülerschaft gerecht ze ginn, an esou all Schüler déi selwecht Bildungschancen ze bidden. Grad esou inakzeptabel ass et och, datt Familljen, déi op der Sich no enger Wunneng sinn, aus ëmmer deene selwechte Grënn refuséiert ginn. Mat dësem Aktiounsplang erneiert Lëtzebuerg säin Engagement géint Diskriminatioun am Alldag an an de Käpp, sief et an der Schoul, beim Zougang op Wunnraum oder an anere Beräicher vum gesellschaftlechen Zesummeliewen. Eis Ambitioun ass kloer. Mir wëllen datt zu Lëtzebuerg all Kand an all Famill zu e Liewen a Respekt, Dignitéit a mat reellen Zukunftsperspektive féiere kann."
An deem Sënn gesäit dësen Aktiounsplang konkret Moossnamen an de Beräicher Aarbecht, Educatioun a Logement vir, mee och wat d'Sensibiliséierung, d'Sammele vun Donnéeën an d'Ënnerstëtzung vun den Affer ugeet.
An dësem Zesummenhang sinn ënner anerem follgend Mesure virgesinn:
- D'Schafe vun enger eenzeger Ulafstell, déi Orientatioun, e séchere Raum fir den Austausch tëscht betraffene Persounen, a Berodung iwwert d'Servicer fir Affer an d'Méiglechkeeten eng Plainte viru Geriicht anzereechen ubitt.
- D'Schafe vun engem Label "Ech engagéiere mech géint Rassismus" fir de privaten ewéi och den ëffentleche Secteur mat strenge Krittären.
- D'Ausschaffe vun antirassistesche Formatioune fir Professioneller an ënnerschiddleche Beräicher.
- D'Ëmsetzung vu Sensibiliséierungscampagnen an enker Zesummenaarbecht mat betraffene Persounen.
Fir eng effektiv Ëmsetzung an e konsequente Suivi vun de verschiddene Moossname kënnen ze garantéieren, ëmfaasst de Plang prezis Indicateuren esou wéi en Zäitplang fir all Aktioun. Ausserdeem ass och eng strukturéiert Kontroll duerch zwee verschidde Gremie virgesinn: en interministerielle Koordinatiounsgrupp an deem d'Uspriechpartner vun alle bedeelegte Ministère vertruede sinn, grad esou wéi och e Begleedungsgrupp an deem Vertrieder vun Organisatioune vun der Zivilgesellschaft, Mënscherechtsorganisatiounen a vum Conseil supérieur du vivre-ensemble interculturel sëtzen.
Weider Detailer stinn am Text vum Aktiounsplang, deen um Site vum Ministère fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil ze fannen ass.
Communiqué vum Ministère fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil, vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, vum Ministère fir Wunnengsbau a Landesplanung a vum Aarbechtsministère