Aktualiséiert den
"Upbooking": schenk denge Schoulbicher en zweet Liewen
Mam Enn vum Schouljoer ginn och vill Schoulbicher net méi gebraucht. Oft endege se doheem als Stëbsfänkert an engem Schaf oder si ginn esou guer ewech gehäit. Doduerch gëtt d'Ëmwelt staark belaascht.
Fir d'Secondaire-Schüler nach weider ze motivéieren hire Schoulbicher, déi si net méi benotzen, een zweet Liewen ze schenken an esou den Impakt op d'Ëmwelt ze reduzéieren, huet de Ministère firEducatioun, Kanner a Jugend d'Campagne "Upbooking" lancéiert.
Duerch dës Initiativ ginn d'Schüler opgefuerdert hir gebrauchte Schoulbicher nees an de Kreeslaf zeréckzebréngen an deem si se anere Schüler ginn, déi se am nächste Schouljoer benotze kënnen an esou dozou bäidroen dee ville Pabeier, Plastik an Tënt, déi bei der Produktioun vun de Schoulbicher benotzt ginn ze reduzéieren.
Op der Plattform www.upbooking.lu kënnen d'Schüler e Benotzerkont erstellen, hir Annoncë geréieren oder an e puer Klicken d'Bicher fannen, déi si brauchen.
Seit der Aféierung vu gratis Schoulbicher am Secondaire am Schouljoer 2018/2019, bitt de Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend deene Schüler déi Schoulbicher vun engem anere Schüler iwwerhuelen ee Bong vun 50% vum Neiwäert vun deene Bicher.
Weider Informatiounen fënnt een op www.upbooking.lu an www.mybooks.lu.
Communiqué vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend