Neierungen 2026

Eng Rei gesetzlech a reglementaresch Bestëmmungen, déi de Bierger direkt betreffen, trieden 2026 a Kraaft. Hei en Iwwerbléck iwwer d'Haaptännerungen déi en direkten Afloss op d'Bierger hunn. Dës Lëscht ass net vollstänneg.

Wunnengsbau / Landesplanung

Individuell Wunnengsbäihëllefen

Akraafttrieden: 1. Januar 2026

Fir d'Demarchë bei der Ufro vun individuelle Wunnengsbäihëllefe fir all Stéit ze vereinfachen, ass dat geännert Gesetz iwwer individuell Wunnengsbäihëllefen ugepasst ginn. Déi gestëmmten Ännerunge solle méi Kloerheet mat sech bréngen, d'Prozeduren harmoniséieren an d'Rechtssécherheet vun de Beneficiairë verbesseren. Hei en Iwwerbléck vun den Haaptverbesserungen:

  • Eng méi kloer Reegelung vun der Bäihëllef fir d'Finanzéierung vu Loyerskautiounen. Wann den Datum vum Enn vum Bail net schrëftlech confirméiert ginn ass, da gëllt an Zukunft deen Datum, wou de Locataire effektiv erausgeplënnert ass (de Logement effektiv verlooss huet).
  • Eng méi gerecht Berechnung vum Nettoakommes. Hei ginn an Zukunft sämtlech Revenue berécksiichtegt, och déi di net zu Lëtzebuerg besteiert ginn, grad esou wéi deen Deel vum Kannergeld, deen iwwert dem gesetzleche Montant läit. Esou soll all Demandeur gläich behandelt ginn.
  • Eng Vereinfachung vun den administrativen Obligatiounen. Ännerunge vun der berufflecher Situatioun mussen net méi direkt gemellt ginn, mee eréischt bei der nächster Revisioun vum Dossier. Ännerungen an der Zesummesetzung vum Stot mussen awer weiderhin direkt matgedeelt ginn.
  • Upassung un ëmweltrechtlech Dispositiounen, duerch d'Ofschafung vun der Sanéierungsprimm fir d'Installatioun vu Chaudièren, déi mat fossille Brennstoffer bedriwwe ginn, geméiss den europäesche Richtlinnen.
  • Eng méi kloer Reegelung vun der Primm fir integréiert Wunnengen. Dës ass elo op eng Primm pro Eefamilljenhaus begrenzt a gekoppelt un d'Conditioun, datt e separaten Agang besteet.
  • Méi Transparenz bei der Loyerssubventioun. E Beneficiaire deen onrechtméisseg Loyerssubventioune krut, huet elo ee Joer Zäit fir dëse Betrag ze rembourséieren.

Dës Adaptatioune suerge fir méi Kloerheet an Zouverlässegkeet vum System, fir esou jidderengem en einfachen a gerechten Zougang zu den individuelle Wunnengsbäihëllefen ze garantéieren.

Umeldung iwwer MyGuichet fir eng Demande fir abordabele Wunnraum

Akraafttrieden: 1. Januar 2026

Den nationale Regëster vum abordabele Wunnraum (RENLA, Registre national des logements abordables) gëtt agefouert a soll zur eenzeger Ulafstell gi fir all Persoun, déi fir e bezuelbare Logement kandidéiere wëll.

D'Umeldung leeft iwwer MyGuichet. D'Demandeure, déi fir e bezuelbare Logement wëlle kandidéieren, brauchen sech nëmmen ee Mol unzemellen. De RENLA soll d'Panoplie u bestoenden Demarchen ersetzen an en zentraliséierte Kader bidde fir d'Stéit op hirer Sich no engem bezuelbare Wunnraum besser z'ënnerstëtzen.

Finanzen

Besteierung vun den Elteren

Akraafttrieden: 1. Januar 2026

Op Demande kann deem Elterendeel, bei deem d'Kand net zum Stot gehéiert (opgrond vun engem gedeelte Suergerecht) an deen, doduercher datt d'Kannergeld gedeelt gëtt, net méi an d'Steierklass 1a fält, eng Steiervergënschtegung vu maximal 922,50 Euro pro Kand accordéiert ginn. Dës Moossnam gëllt awer nëmme fir 2025 an 2026.

Méi laang am Beruffsliewe bleiwen an Altersvirsuerg

Akraafttrieden: 1. Januar 2026

Abattement fir Persounen déi méi laang am Beruffsliewe bleiwen

Fir Persounen, déi d'Konditioune fir eng virzäiteg Pensioun erfëllen an awer fräiwëlleg bis zu engem Alter vu 65 Joer berufflech aktiv bleiwen, gëtt e steierlechen Abattement agefouert: den Abattement fiscal de maintien dans la vie professionnelle (AMVP). Dës Mesure erlaabt eng Reduzéierung vum steierflichtegen Akommes vu bis zu 9 000 Euro pro Joer.  Fir vun dëser Vergënschtegung kënnen ze profitéieren, muss ee bei den zoustännege lëtzebuergesche Pensiounsorganismen e Certificat ufroen, datt ee fir d'Pensioun eligibel ass.

Erhéijung vum Plaffong vun der steierlecher Ofsetzbarkeet vun der Altersvirsuerg

De Plaffong vun der steierlecher Ofsetzbarkeet vun der Altersvirsuerg geet vun 3 200 op 4 500 Euro pro Joer erop. Domadder soll den drëtte Pilier vun der Pensiounsversécherung gestäerkt ginn, deen op individuellen Initiative baséiert.

Ëmwelt

Akraafttrieden: 1. Januar 2026

Reegele fir den Amortissement vun Investitiounsausgaben am Kader vun nohaltegen energeetesche Renovatiounen

Den Amortiséierungstaux fir nohalteg energeetesch Renovatioune vu Logementer déi verlount ginn, geet vu 6% op 10% erop. Dës Moossnam soll Investitiounen an d'nohaltegt Wunnen am Kontext vum Klimawandel fërderen.

CO2-Steier

De Präis vum Kuelestoff gëtt, geméiss dem nationalen Energie- a Klimaplang, op 45 Euro pro Tonn CO2 ugehuewen. Dëst wäert zu enger Erhéijung vun der CO2-Steier op de concernéierten Energieprodukter féieren.

Fir de potentiellen Impakt vun der CO2-Steier fir Persoune mat niddregem oder mëttlerem Akommes ze begrenzen, gëtt den CO2-Steierkredit ëm 24 Euro erhéicht, esou datt dësen elo bei 216 Euro läit.

Accisen um Tubak

Akraafttrieden: 1. Januar 2026

Eng Erhéijung vun der Steier op Zigaretten an Tubak wäert zu Lëtzebuerg a Kraaft trieden. Doduercher klëmmt de Präis fir e Pak vun 20 Zigaretten ëm 30 Cent a fir e Pak Tubak vu 50 Gramm ëm 40 Cent.

Wirtschaft a Finanzplaz

Akraafttrieden: 1. Januar 2026

Fërderung vun Investitiounen a Startups

Et gëtt e Steierkredit agefouert fir Privatleit déi a Startups investéieren. D'Zil ass et Lëtzebuerger Startups an den éischte Jore vun hirem Bestoen den Zougang zu finanzielle Produiten ze erliichteren.

Fir kënnen eligibel ze si mussen d'Startups ganz prezis Krittären a punkto Innovatioun, Gréisst an Anciennetéit erfëllen. Och d'Investisseure musse minimal Conditioune respektéieren (investéierte Montant, Dauer vum Invest).

De Steierkredit läit bei 20 % vum Investissement, begrenzt op 100 000 Euro pro Joer. D'Zil heivunner ass et privat Erspuernisser fir innovativ PMEen ze mobiliséieren.

Besteierung vu Saisonsaarbechter, Geleeënheetsaarbechter a Stagiairen

Ënner bestëmmte Conditioune kënne Patronen, déi fir Geleeënheetsaarbechten op temporäert Personal mussen zréckgräifen, eng pauschal Quellesteier um Salaire zréckbehalen.

Fir kënnen heivunner ze profitéieren, gëtt ab dem 1. Januar 2026 déi maximal Grenz vum Stonneloun vu 16 op 18 Euro eropgesat.

An deem Sënn gëtt déi maximal Aarbechtsdauer fir saisonal Landwirtschafts-, Wäibau- oder Bëschaarbechter vun 18 op 30 Deeg um Stéck eropgesat. Doduerch kënnen d'Besoin beispillsweis wärend der Drauwelies kënnen ofzedecken.

Defence Bond

Lëtzebuerg wäert eng staatlech Obligatioun am Beräich vun der Verdeedegung aféieren, déi sougenannten Defence Bond. Dëst fir seng militäresch Verflichtungen ze finanzéieren, déi ëmmer méi zouhuelen. Mat dësem innovante Modell kënnen elo och Privatinvestisseuren d'Ausgaben an der nationaler Verdeedegung ënnerstëtzen. D'Zënsen, déi sech fir Privatpersounen aus dësen Obligatiounen erginn, si steierfräi.  De Kader gesäit och eng transparent Verwendung vun dëse Fonge vir, déi nëmme fir eligibel Verdeedegungsprojeten dierfe benotzt ginn.

Famill

Akraafttrieden: 1. Januar 2026

Hëllef fir eeler Leit (Complément pour personnes âgées - COMPA)

Ab dem 1. Januar 2026 trëtt d'Gesetz vum 18. Juli 2025 a Kraaft. Dëst erlaabt et dem Nationale Solidaritéitsfong sech un de Käschte vun de Servicer an den Déngschtleeschtungen an den Altersheemer an agreéierte betreite Wunnstrukturen ze bedeelegen. Dëst Gesetz ersetzt dat aalt Gesetz vum 30. Abrëll 2004 iwwert den "Accueil gérontologique".

D'Gesetz gesäit en neie System fir d'Berechnung vun der Prestatioun vir, déi de reelle Präis vun de Kummeren an de betreite Wunnstrukturen, déi a säin Uwendungsberäich falen, berécksiichtegt. Déi pauschal Prise en charge vun den essentielle Prestatiounen an Servicer, grad esouwéi d'Augmentatioun vum monatlechen Fräibetrag um perséinlechen Akommes wäert et de Betraffenen erlaben e Liewen an Dignitéit ze féieren.

Finanziell Hëllef fir eeler Leit (Aide financière pour personnes âgées – AFPA)

A senger Sëtzung vum 14. November 2025 huet de Regierungsrot eng nei Reegelung decidéiert, wat d'Zoulag fir d'Liewensdeierecht fir Joer 2026 betrëfft. Deemno kréie Persounen, déi eng Alterspensioun oder eng Pension de survie kréien, oder mindestens 65 Joer al sinn, fir déi éischte Kéier eng finanziell Hëllef ausbezuelt. Mat dëser Moossnam wëll ee géint d'Altersaarmut virgoen. Jee no Zesummesetzung vum Stot a vu senge Revenue kann dës Hëllef bei bis zu 2 400 Euro pro Mount leien.

Educatioun/ Jugend

Neie Léierplang an der Primärschoul

Akraafttrieden: ab dem 15. September 2025

Ab dem 15. September 2026 gëtt no an no en neie Léierplang an der Primärschoul agefouert, ugefaange mam Zyklus 1. De Léierplang definéiert d'Kompetenzsockelen, déi d'Schülerinnen an d'Schüler um Enn vun all Léierzyklus beherrsche sollen, souwéi d'järlech Zuel un Unterrechtsstonnen, déi op déi verschidde Léier- a Kompetenzsockele verdeelt sinn.

Schoulflicht klëmmt vu 16 op 18 Joer

Akraafttrieden: 15. September 2025

D'Gesetz, dat 2023 ugeholl gouf an d'Schoulflicht vu 16 op 18 Joer eropsetzt, trëtt mam Ufank vum Schouljoer 2026/2027 a Kraaft. Et gëllt fir Schülerinnen a Schüler, déi virum 1. September 2026 nach keng 17 Joer al sinn. Zil vun dëser Ännerung ass et Jugendlecher, déi riskéieren d'Schoul ofzebriechen, méi laang am Schoulsystem ze halen an hinnen esou besser Zukunftschancen ze bidden.

Reform vum Solfège

D'Museksausbildung (Solfège) gëtt fir d'Rentrée 2026/2027 reforméiert. D'Reform soll d'Inhalter an d'pädagogesch Approchë vun der Museksausbildung un déi aktuell musikalesch Praktiken an un déi reell Besoine vun de Schülerinnen a Schüler unzepassen.

ALPHA – zesumme wuessen: Wiel vun der Alphabetiséierungssprooch

Akraafttrieden: 15. September 2025

Am zweeten Trimester vum Schouljoer 2026/2027 kënnen d'Eltere vun de Schülerinnen a Schüler aus dem Zyklus 1.2 fir d'éischte Kéier Däitsch oder Franséisch als Alphabetiséierungssprooch fir hiert Kand wielen. Mam Ufank vum Schouljoer 2027/2028 ginn d'Schülerinnen an d’Schüler aus dem Zyklus 2.1 an der gewielter Sprooch alphabetiséiert. D'Reform ALPHA – zesumme wuessen gëtt dono no an no, a bis zum Schouljoer 2032/2033 op all Zyklen ausgebaut.

Gesondheet/ Sozial Sécherheet

Upassung vun de Pensiounen

Akraafttrieden: 1. Januar 2026

D'Upassung vun de Pensioune gëtt op den 1.1.2026 ëmgesat, am Aklang mat den Dispositioune vum Artikel 225bis vum Code de la sécurité sociale. An deem Sënn ginn d'Pensiounen ëm 1,5 % erhéicht, a ginn esou un d'Entwécklung vum duerchschnëttlechen Niveau vun de cotisabele Salairen ugepasst.

Upassunge vum Pensiounssystem

Akraafttrieden: progressiv vum 1. Januar 2026 un

D'Upassunge vum Lëtzebuerger Pensiounssystem triede progressiv vum 1. Januar 2026 un a Kraaft. D'Zil ass et déi finanziell Nohaltegkeet vum System sécherzestellen a gläichzäiteg de gesetzleche Pensiounsalter bei 65 Joer bäizebehalen. Déi wichtegst Upassunge betreffen d'Erhéijunge vun de Cotisatiounen, d'Aféierung vun enger progressiver Pensioun, eng méi grouss Flexibilitéit bei der Berécksiichtegung vu Studiejoren, eng progressiv Erhéijung vun der Cotisatiounsdauer fir d'fréizäiteg Altersrent an de steierlechen Abattement fir d'Verbleiwen am beruffleche Liewen (AMVP, Abattement de maintien dans la vie professionnelle).

Upassung vum Spidolsgesetz

De Gesetzesprojet iwwert d'Upassunge vum Spidolsgesetz gouf den 18. Dezember 2025 an der Chamber gestëmmt.

Dës Ännerunge sollen notamment den Ausbau vu Behandlungsméiglechkeete baussent dem Spidol fërderen. Den Text gesäit d'Méiglechkeet vir, zousätzlech ambulant Standuerter ze schafen an Antennen ze autoriséieren, wou liicht medezinesch Agrëffer ausserhalb vum Spidol kënnen duerchgefouert ginn, sou zum Beispill an der Dermatologie oder an der Ophtalmologie, fir Katarakt-Operatiounen.

De Projet erlaabt et ausserdeem och ausserhalb vun Ausnamesituatioune Better aus der Sanitärreserve an d'Spidolscapacitéit ze integréieren. Domat soll d'Offer un akute Behandlungen oder mëttellaangen Openthalter ausgeweit ginn. Den Text gesäit iwwerdeems eng Aktualiséierung vun der Maximalzuel u Spidolsbetter vir, fir der reeller Entwécklung vun der Aktivitéit an de Besoinen um Terrain méi gerecht ze ginn.

Schafe vum Etablissement public "Centrale nationale d'achat et de logistique (CNAL)"

Akraafttrieden: 1. Februar 2026

Dëst Gesetz schaaft eng national Zentral fir Akaf a Logistik, déi den organisatoreschen a logistesche Besoine vun den Haaptacteure vum Spidolssecteur a vum paramedezinesche Secteur gerecht gëtt. Dëst betrëfft notamment Etablissementer aus de Beräicher vun der Santé, de CGDIS, de Luxembourg Institute of Health, dem nationale Gesondheetslabo, souwéi aner Optragsentitéiten an Träger aus de sozialen, familiären an therapeutesche Beräicher. D'Zil ass et d'Zäit ze spueren an d'Personal am Fleege- an Apdikteschsecteur vun engem Deel vu senge logisteschen Aufgaben ze entlaaschten. Gläichzäiteg soll esou Budget agespuert ginn, d'Notzung vu Lagerflächen optimiséiert ginn an d'Produktivitéit verbessert ginn.

Tubak: Gesetzesännerunge fir Nikotinsäckelcher an nei Produite mat Nikotin

Akraafttrieden: 1. Januar 2026

D'Ännerungen, déi mat dësem Gesetz agefouert ginn, betreffen ënner anerem Nikotinsäckelcher an nei nikotinhaltëg Produiten, déi elo deene selwechten Obligatiounen a Restriktioune wéi Tubaksprodukter ënnerleien. Dat gëllt zum Beispill fir de Reklammsverbuet, de Verbuet esou Produite gratis ze verdeelen oder d'Flicht, Gesondheetsavisen asw. unzebréngen.

De Gehalt u Nikotin ass op 0,048 mg pro Säckelchen oder pro Gramm Produkt limitéiert. Ausserdeem si verschidden Zousazstoffer verbueden, an d'Produite mussen iwwer e Sécherheetsdispositif fir Kanner verfügen. Och de Konsum vun dëse Produiten ass a Schoulen, op Spillplazen an an Ariichtungen, déi Mannerjäreger ënner 16 Joer empfänken, verbueden.

Zousätzlech kënnen d'Verkeefer d'Virweise vun enger Identitéitskaart verlaangen, fir den Alter vun der Clientèle ze iwwerpréiwen. Dëst gëllt fir all Produiten, déi ënner d'Antitubaksgesetz falen. De Packaging vun Zigaretten a vum Tubak ass reglementéiert ginn.

Start vum Pilotprojet "Ordonnance fir kierperlech Aktivitéit"

Akraafttrieden: Ufank vum éischten Trimester 2026

An der Pilotphas vum preventive medezinesche Programm "Ordonnance fir kierperlech Aktivitéit" (Prescription d'activité physique, PAP) kënnen déi deelhuelend Dokteren hir eligibel Patienten u spezialiséiert Strukture fir therapeutesch physesch Aktivitéit weider orientéieren. Zil vun dësem Programm ass et net aktiven oder wéineg aktive Patienten e strukturéierten Accompagnement unzebidden, baséiert op enger adequater kierperlecher Aktivitéit, déi u spezifesch Pathologië vum Programm ugepasst ass (zu Beispill Kriibs, Diabeetes Typ 2 an Häerz-Kreeslaf-Krankheeten). Duerch dëse PAP-Programm, kënnen eligibel Patientinnen a Patienten hir kierperlech Aktivitéiten an engem strukturéierte Kader erhéijen, hir Symptomer reduzéieren an hir Heelungschancë verbesseren. D'Pilotphas leeft iwwert ee Joer ab dem Start vum Projet.

Weider Informatiounen

Encadrement vu Gesellschafte vun Dokteren, Zänndokteren, Psychotherapeuten oder Veterinären

A senger Seance vum 17. Dezember 2025, huet de Regierungsrot den Avant-Projet de loi ugeholl, deen d'Grënnung vu Gesellschaften duerch Dokteren, Zänndokteren, Psychotherapeuten oder Veterinäre virgesäit, souwéi Ännerungen zum geännerte Gesetz vum 8. Juni 1999 iwwert de Collège médical an zum geännerte Gesetz vum 31. Mee 2022 iwwert de Collège vétérinaire.

De Gesetzesprojet kënnt elo an déi legislativ Prozedur. En ass Deel vum Koalitiounsaccord 2023-2028, deen d'Schafe vun engem juristesche Kader virgesäit fir d'Grënnung vu medezinesche Gesellschaften, déi ausschliisslech aus Dokteren, Zänndokteren, Psychotherapeuten oder Veterinären zesummegesat sinn.

Weider Informatiounen

Konformitéit vum Regimm vun der virzäiteger Altersrent

No engem Urteel vum 1. Mäerz 2024 huet d'Cour constitutionnelle eng Inegalitéit tëscht zwou Kategorie vu Beneficiairë vun der virzäiteger Altersrent festgestallt, nämlech tëscht Salariéen a Fräiberuffler

Fir dës Inegalitéit ze behiewen, gesäit de Gesetzesprojet N° 8514 eng Harmoniséierung vun de Reegele fir Fräiberuffler fir. Doriwwer eraus, sollen déi selwecht Anti-Cumul Bestëmmungen agefouert ginn, wéi déi déi fir Salariéë gëllen. Sou soll de System méi gerecht gestalt ginn.

De Gesetzesprojet gouf den 18. Dezember 2025 vun der Chamber gestëmmt.

Gläichstellung

Akraafttrieden: 1. Semester 2026

De ‘Centre National pour Victimes de Violences’ (CNVV) wäert véieranzwanzeg Stonnen op véieranzwanzeg, siwen Deeg d’Woch op sinn.

Wirtschaft/ Energie/ Entreprisen

Bäitrag vum Staat zu den Netzkäschte fir Elektrizitéit

Vum 1. Januar 2026 un a fir op d'mannst dräi Joer iwwerhëlt de Staat e wichtege Deel vun den Netzkäschte fir Elektrizitéit. Am Ganze ginn 150 Milliounen Euro fir d'Joer 2026 investéiert. Dës Moossnam gëllt fir all Clienten, Stéit an Entreprisen. Dat geschitt automatesch: an et muss ee keng Demande dofir maachen.

Bäitrag zum Kompensatiounsmechanismus

Vum 1. Januar 2026 un gëtt den Ausbau vun den erneierbaren Energië net méi iwwer e Bäitrag finanzéiert, deen op all Stroumclient opgehuewe gëtt. De Bäitrag zum Kompensatiounsmechanismus gëtt vun elo un direkt vum Staatsbudget iwwerholl. Am Ganze ginn 80 Milliounen Euro fir d'Joer 2026 investéiert.

Virfinanzéierung vu Photovoltaikanlagen

D'Virfinanzéierung vun de finanzielle Bäihëllefe fir Photovoltaikanlagen erlaabt et Privatleit vun der Subventioun „Klimabonus“ ze profitéieren, ouni op de Versement vum Staat waarde ze mussen. Vum 2. Januar 2026 u gëtt dës Subventioun direkt vum Installateur vun der Schlussrechnung ofgezunn. Dat gëllt fir Photovoltaikanlagen an, gegebenefalls, an Kombinatioun mat enger Heembatterie.

 Digitaliséierung vun den Demande fir d’Ariichte vun Entreprise an den nationale Wirtschaftszonen (ECO-n) via MyGuichet

Vum Mount Januar 2026 u kënnen d'Demande fir d'Ariichten an enger nationaler Wirtschaftszon iwwer MyGuichet agereecht ginn. Dëst dréit net nëmmen zum Prozess vun der Digitaliséierung bäi, mee erlaabt och eng méi séier Beaarbechtung an eng Novollzéibarkeet vum Prozess fir d'Firma, déi d'Demande stellt.

De-minimis-Register

Vum 1. Januar 2026 un gëtt en europäeschen Zentrallregister fir De-minimis-Bäihëllefen agefouert a vun der Europäescher Kommissioun online accessibel gemaach. Wéi all aner Memberstaate muss Lëtzebuerg do d'Informatiounen iwwer d'De-minimis-Bäihëllefen androen, déi un d'Entreprise vergi goufen. Dëse Register, dee fir de Public accessibel ass, stäerkt d'Transparenz iwwer d'Montanten an erméiglecht et – soubal en dräi komplett Joer ofdeckt – d'Deklaratiounspflichte fir d'Entreprisen ze reduzéieren.

Kadaster

En Tool fir d'Kartographie, deen all d'Wirtschaftszonen (ZAE) vum nationalen Territoire ofdeckt, gëtt am Joer 2026 online gesat. Dat erlaabt e méi präzise Suivi vun de Flächen, Terrainen a Gebaier, déi beluecht oder nach disponibel sinn. Et bitt souwuel den Entreprise op der Sich no verfügbare Fläche fir hir Projeten, wéi och de Verwalter vun dësen Zonen, en eenheetlechen a standardiséierten digitalen Accès op d'Grondstécksinformatiounen. Et erliichtert och d'Sammele vun Daten iwwer d'Entreprise, déi an den ZAE ugesidelt sinn.

Vereinfacht administrativ Prozedur fir d'Grënnung vun enger Entreprise

Am Joer 2026 wäerten de Wirtschaftsministère, d'Enregistrementsverwaltung (AED) an de Centre commun de la sécurité sociale (CCSS) d'Prozedure fir d'Grënnung vun enger Entreprise zesummeleeën. Zil ass en integréierten an harmoniséierte Prozess, deen et erlaabt, d'Handelsermächtegung, d'TVA-Nummer an d'Employeur-Matrikel an enger eenzeger administrativer Demande ze froen.

Aféierung vun engem Tool fir d'Nohaltegkeetsberichterstattung fir PME

Am Joer 2026 gëtt en digitalen Tool online gesat, deen zesumme vum Wirtschaftsministère, an Zesummenaarbecht mat der Handelskummer an der Handwierkskummer entwéckelt gouf. Dëst soll de PME (kleng a mëttelstännesch Betriber) hëllefen, d'Ufuerderunge vun der Nohaltegkeetsberichterstattung am Kader vun den administrative Verinfachungsmoossnamen „Omnibus“ vun der Europäescher Kommissioun ze erfëllen.

Gesetzesprojet n°8597 iwwer e Bäihëlleferegime fir Investitiounen an d'energeetesch Sanéierung vu Funktiounsgebaier

Vun 2026 u gëtt en neie Bäihëlleferegime agefouert, fir Entreprise a Privatleit bei hire Projete fir d'energeetesch Renovatioun vu Funktiounsgebaier ze ënnerstëtzen. Dëse Regime erlaabt et, souwuel d'Aarbechte wéi och d'Etüden ze finanzéieren, déi virun den Investitiounen néideg sinn. De Bäihëlleferegime bleift bis Enn 2029 disponibel. Wärend dëser Period sollen d'Besëtzer encouragéiert ginn, d'energeetesch Leeschtung vun hire Gebaier ze verbesseren, ier vun 2030 un nei Ufuerderunge fir Net-Wunngebaier gëllen. De Saz vun der Hëllef variéiert jee no der Gréisst vum Beneficiaire: 30 % fir grouss Entreprise, 40 % fir mëttelgrouss a 50 % fir kleng Entreprise, Mikro-Entreprise a Privatleit. De maximale Betrag, deen ee ka kréien, läit bei 300.000 Euro.

Gesetzesprojet n°8475 fir d'Ännerung vum geännerte Gesetz vum 9. August 2018 iwwer e Bäihëlleferegime zugonschte vu klengen a mëttelstänneschen Betriber

D'Ännerunge vum Gesetz vum 9. August 2018 iwwer d'Bäihëllefe fir PME, déi 2026 a Kraaft triede sollen, sinn Deel vum Regierungsprogramm 2023-2028 a begleeden d'digital an nohalteg Transformatioun vun der lëtzebuergescher Ekonomie. Haaptzil ass et, en Ëmfeld ze schafen, dat den Entrepreneursgeescht fërdert, andeems den Accès op d'Hëllefe méi einfach, méi séier a méi transparent gëtt. Den Text gesäit eng verstäerkt Digitaliséierung vun de Prozedure vir, mat méi flëssegen Online-Ofleef a kloer definéierte Beaarbechtungsfristen. Nei Bäihëlleferegime ginn agefouert, besonnesch fir Investitiounen an d'Digitaliséierung, den ökologeschen Iwwergank souwéi fir den éischten Investissement am Kader vun enger Neigrënnung (Primo-création). Schlussendlech wäerten d'Aféierung vum „Once Only“-Prinzip an e Mechanismus vum Typ „Silence vaut accord“ dozou bäidroen, d'administrativ Formalitéiten ze vereinfachen an ze beschleunegen.

Gesetzesprojet n°8386 iwwer d'Erneierung vum Bäihëlleferegime fir den Ëmwelt- a Klimaschutz

De Gesetzesprojet fir d'Erneierung vum Bäihëlleferegime fir den Ëmwelt- a Klimaschutz ënnerstëtzt Entreprise, déi an ëmweltfrëndlech Technologien investéieren oder hir Ëmweltleeschtung verbesseren. Eng vun den Neierungen ass, datt Moossname fir d'Energieeffizienz oder d'Dekarboniséierung net méi subventionéiert ginn, wann se op fossillen Energië baséieren, ausser ënner ganz strikte Konditiounen. Nei Bäihëlleferegime goufen agefouert, fir Investitiounen an Elektro- a Waasserstoff-Gefierer ze fërderen an d'Energieinfrastrukturen ze ënnerstëtzen, besonnesch den Ausbau vun engem zukünftege Waasserstoffnetz zu Lëtzebuerg. Den Text gesäit och eng Vereinfachung vun den administrative Prozedure vir, virun allem duerch d'Integratioun vum „Once Only“-Prinzip. PME profitéiere vun engem méi einfachen Accès duerch méi kloer Reegelen an eng méi liicht Beaarbechtung fir Bäihëllefen ënner 100.000 Euro. De ganze Gesetzesprojet zielt dorop ab, den Energiewandel ze beschleunegen an dobäi d'Kompetitivitéit vun den Entreprise ze erhalen.