Attributiounen
De Kompetenzberäich vum Ministère ass am interne Reglement vun der Regierung festgehalen.
De Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend ass déi Verwaltung, déi d'Politik vun der Regierung an de Beräicher Bildung, Kanner a Jugend ausschafft an duerchféiert.
Noriichten
-
Nei Reegele fir de Smartphone am Lycée: Mesuren, fir déi Jonk besser ze schützen
No der Aféierung vum Smartphone-Verbuet an de Grondschoulen a Maison-relaisen den 22. Abrëll 2025 huet de Minister Claude Meisch den 19. Mee déi nei Mesurë fir de Lycée virgestallt.
-
Ouverture vum neien nationalen Zentrum fir Affer vu Gewalt - eng Ulafstell, Betreiung an Ënnerstëtzung fir all Affer vu Gewalt
Den 28. Abrëll huet d'Yuriko Backes, Ministesch fir Gläichstellung an Diversitéit, den neien nationalen Zentrum fir Affer vu Gewalt, kuerz "CNVV" ageweit.
-
Nei Tester fir eng besser Detektioun vu Léierschwieregkeeten an engem méisproochegen Ëmfeld
Spezifesch Léierschwieregkeete besser detektéieren duerch Tester, déi un dat méisproochegt Ëmfeld zu Lëtzebuerg ugepasst sinn.
-
Shape your future - Entdeck däin Talent. Entdeck däi Wee. Entscheet dech fir eng Beruffsausbildung: Eng gemeinsam Campagne fir d'Beruffsausbildung ze promouvéieren
Den 22. Abrëll 2025 huet de Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch, zesumme mat der Chambre des Salariés, der Chambre de Commerce, der Handwierkerkummer an der Landwirtschaftskummer d'Campagne Shape Your Future lancéiert.
Aktualiséiert den