11 nei Lycéeë bis 2050 a méi wéi 17 Infrastrukturprojete an der Planung

De 14. Abrëll 2026 hunn de Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch, an d’Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten, Yuriko Backes, d’Deputéiert iwwert den aktuelle Stand vun de Viraarbechte fir en neie sektorielle Plang "Lycéeën" mat Bléck op 2050 informéiert. Am Kader vun enger gemeinsamer Sëtzung vun de parlamentaresche Kommissioune fir Educatioun, Kanner a Jugend, Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten, souwéi fir Wunnengsbau a Landesplanung hunn si och e gemeinsame Beschleunegungsplang virgestallt, fir nei Schoulinfrastrukturen ze realiséieren.

D’Ministeren hunn ënnerstrach, datt d’Investitiounen an d’Educatioun an an Infrastrukture fir Kanner a Jugendlecher am Aklang mam Regierungsprogramm 2023–2028 zu den nationale Prioritéite gehéieren. Opgrond vun engem unhalende Bevëlkerungswuesstem muss Lëtzebuerg haut schonn d’Schoulbedierfnesser vu muer am Bléck hunn, fir weiderhin e gerechten Zougang zu enger qualitativ héichwäerteger Bildungsoffer an alle Regioune vum Land ze garantéieren.

Eng accessibel Bildungsoffer an alle Regiounen

De sektorielle Plang "Lycéeën" bleift an dësem Kontext e wichtegt strategescht Instrument, fir d’Bedierfnesser u Schoulinfrastrukturen am Secondaire virauszegesinn an eng laangfristeg Planung ze garantéieren.

Op Basis vun de demographesche Prognose vum STATEC soll den neie Plang d’Entwécklung vun der Schüpopulatioun bis 2050 virausgesinn an domat op de wuessende Besoin u Plazen am Secondaire reagéieren. Am Sënn vun der Chancëgläichheet soll dee Plang dofir suergen, datt an alle Regioune vum Land eng accessibel Bildungsoffer besteet, esou datt all Schülerin a Schüler de gewënschte Schoulparcours wiele kann, ouni laang Distanze mussen zréckzeleeën.

Dës territorial Planung soll dozou bäidroen, d’Mobilitéit besser z’organiséieren, andeems d'Schoulen am Aklang mat de bestoenden Transportnetzer implantéiert ginn an nohalteg Léisunge gefërdert ginn. Gläichzäiteg soll si et erlaben, déi néideg Terrainen am Viraus ze reservéieren, an enker Zesummenaarbecht mat de concernéierte Gemengen, fir d’Machbarkeet vun de Projeten ze garantéieren.

Am Kader vun de Viraarbechte fir de sektorielle Plang huet de Minister Claude Meisch preziséiert, datt d’Identifikatioun vu potenzielle Sitte schonn ugefaangen huet. Duerno ginn Ëmweltanalysen duerchgefouert. Wann dës ofgeschloss sinn, kann d’Prozedur fir de Plang ageleet ginn. De Plang soll viraussiichtlech 2028 a Kraaft trieden.

Eng equilibréiert Verdeelung: 11 nei Lycéeën op laang Siicht

D’Consultatiounsphas, déi zesumme mam STATEC duerchgefouert gouf, huet et erméiglecht, déi Regiounen z’identifizéieren, an deenen d’Schouloffer muss verstäerkt ginn. Op där Basis ass d’Schafung vun 11 neie Lycéeën op nationalem Niveau virgesinn, fir op de Bevëlkerungswuesstem ze reagéieren an engem Manktem u Plazen entgéintzewierken.

Dës nei Lycéeë ginn equilibréiert op déi verschidde Regioune verdeelt:

  • Regioun Éislek: 1 neie Lycée
  • Regioun Agglo-Centre: 1 neie Lycée
  • Regioun Süden: 4 nei Lycéeën
  • Regioune Jonglënster an Ëmland, Mëllerdall, Musel an Ëmland-Nord: 2 nei Lycéeën
  • Regioun Miersch an Ëmland: 1 neie Lycée
  • Regioun Musel an Ëmland-Süd: 1 neie Lycée
  • Regioun Stengefort an Ëmland: 1 neie Lycée (cf Kaart)

E Beschleunegungsplang fir 17 Infrastrukturprojeten, mat kuerz- a mëttelfristegen Investitioune vun 1,9 Milliarden Euro

Parallel zu dëser laangfristeger Planung ginn och kuerz- a mëttelfristeg Investitiounen an eng Rei vu Schoulinfrastrukturprojeten ëmgesat, fir déi direkt Bedierfnesser u Kapazitéiten am Secondaire ze decke Fir eng gutt ofgestëmmten Ëmsetzung ze garantéieren, baséieren dës Projeten op enger enker Koordinatioun tëscht dem Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend an dem Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten.

Kuerzfristeg ginn op verschiddene bestoende Sitte provisoresch modulär Strukturen installéiert, fir séier zousätzlech Plazen ze schafen.

Mëttelfristeg ginn nei Konstruktiounen an Erweiderunge geplangt, fir d’Kapazitéiten nohalteg ze erhéijen an d’Bildungsoffer regional ze verbesseren.

Am Ganze si 17 Bau- oder Erweiderungsprojete virgesinn, fir de Bedierfnesser kuerz- a mëttelfristeg gerecht ze ginn.

D’Gesamtkäschte vun allen aktuelle Projeten, inklusiv deene vum Beschleunegungsplang, déi eng zousätzlech Fläch vu ronn 500.000 m² ausmaachen, belafe sech viraussiichtlech op ongeféier 3,1 Milliarden Euro. (D’Käschte vun de Projeten an der Programméierungsphas sinn nach net definéiert.) Verschidde Projete wäerten op alternativ Finanzéierungs- an Ëmsetzungsmodeller zeréckgräifen, fir d’Ziler aus dem Koalitiounsaccord z’erreechen.

Bei der Kommissioun gouf drun erënnert, datt de Bau vun ëffentlechen Infrastrukturen, dorënner Schoulgebaier, an d’Zoustännegkeet vun der Administration des bâtiments publics (ABP) fält, ënner der Tutelle vum Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten. Am Aklang mam Koalitiounsaccord kritt de Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend eng méi grouss Autonomie bei Projete vu méi klenger Envergure, wéi Ënnerhalts-, Transformatiouns- oder Renovatiounsaarbechten.

All dës Infrastrukture wäerten definéierte Standarden entspriechen a ginn an enger spéiderer Phas an de Patrimoine vun der ABP integréiert.

Informatiounen zum aktuelle Lycéeëbestand an zu de Realisatioune vun de leschte fënnef Joer

Aktuell ëmfaasst de Lycéeëbestand, deen dem Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend zougewisen ass a vun der Administration des bâtiments publics geréiert gëtt, Lycéeën op 65 Sitte mat enger gesamter Bruttofläch vun ongeféier 1.220.000 m².

An de leschte fënnef Joer goufen 19 Projeten am Zesummenhang mat dësem Bestand ofgeschloss, mat engem Gesamtinvestitiounsvolume vu 663.630.000 Euro. Dovun hunn 11 Projeten nei Fläche geschaf, mat enger zousätzlecher Bruttofläch vu ronn 170.000 m², wat enger Erhéijung vun ongeféier 16 % vun der Gesamtfläch entsprécht.

Doriwwer eraus goufen an där selwechter Period 12 Sitte mat moduläre Strukturen equipéiert.

Communiqué vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, vum Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten, a vum Ministère fir Wunnengsbau a Landesplanung