En neit Buch iwwer Uebst a Geméis an 23 Videoclippen iwwer d'Orthografie

 

De SCRIPT an den ZLS deele sech e Stand op de Walfer Bicherdeeg

Op de Walfer Bicherdeeg dëse Weekend ass och de Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend vertrueden: De SCRIPT (Service de Coordination de la Recherche et de lʼInnovation pédagogiques et technologiques) an den ZLS (Zenter fir dʼLëtzebuerger Sprooch) hunn e gemeinsame Stand an der Hal 2, wou se virun allem op e puer nei Projeten am Beräich vun der Lëtzebuerger Sprooch opmierksam maachen.

Den Educatiounsminister Claude Meisch freet sech iwwer den direkte Kontakt mam Public, deen iwwer dee Wee entsteet: "D'Lëtzebuerger Sprooch gehéiert an d'Mëtt vun der Gesellschaft an d'Walfer Bicherdeeg sinn den ideale Rendez-vous, fir den drëtte Band vun eiser Wuertschatz-Serie ze entdecken, gradesou wéi déi sëllegen aner Produite vum ZLS a vum SCRIPT."

1. Vun Dréischel bis Kréischel: Band 3 vum "Lëtzebuerger Wuertschatz"

Ierzen a Muerten, Rousemaräin an Teimerjännchen, Wakelter, Mais a Majiskraut: De Band 3 vum "Lëtzebuerger Wuertschatz" presentéiert 294 lëtzebuergesch Bezeechnunge fir Uebst- a Geméiszorten, fir Kraider, Gewierzer an Nëss. Dat ass natierlech just eng Selektioun, mee déi meescht Zorten, déi ee kann iessen an déi et hei am Gaart oder am Buttek gëtt, fënnt een an dësem drëtte Band vun der beléifter Serie. Vun Absinth bis Zwiwwel geet de Planzentour, op deem ee bekannten Nimm wéi Äerdbier, Gromper a Promm gradesou begéint wéi méi ale lëtzebuergesche Bezeechnungen à la Meekraitchen. Natierlech dierfen dʼBettseechesch- an dʼMauséiercherszalot net feelen an och méi exotesch Friichte wéi dʼMango an dʼMaracuja gehéieren an de Sproochen-Tuttifrutti.

DʼBegrëffer ginn alphabetesch opgelëscht – dës Kéier souguer a sechs Sproochen: Nieft dem lëtzebuergeschen Numm gëtt et och deen däitschen, dee franséischen, deen engleschen an dee portugiseschen an déi wëssenschaftlech, latiniséiert Bezeechnunge ginn och nach ernimmt.

Och eng Rëtsch flott Riedensaarten aus dem Lëtzebuerger Online Dictionnaire sinn am Buch ze fannen a ginn doran erkläert: Den Apel fält net wäit vum Bam, wat e Kabes, dat ass dʼKiischt um Kuch, rout ewéi eng Tomat...

Natierlech sinn de Band 1 vum "Lëtzebuerger Wuertschatz" Aläert, jauwen, Zockerboun – 123 Pärelen aus der Lëtzebuerger Sprooch an der 3. Oplo (ISBN 978-2-9199644-1-3) an de Band 2 DʼPan klaken an dʼSchong voller Féiss – 99 typesch Lëtzebuerger Riedensaarten (ISBN 978-2-9199644-2-0) och nach ëmmer ze kréien.

Zenter fir dʼLëtzebuerger Sprooch a SCRIPT

Vun Dréischel bis Kréischel – 294 Uebst- a Geméiszorten, Kraider, Gewierzer an Nëss

Serie: Lëtzebuerger Wuertschatz, Band 3

© Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, Lëtzebuerg 2021

Layout: Laurence Dostert

Dréckerei: Imprimerie OSSA, 1. Oplo

ISBN 978-2-9199644-3-7

96 Säiten, 10 Euro

2. Tutorialen: Videoclippen, fir dʼLëtzebuerger Orthografie ze léieren

Am November 2019 huet den Educatiounsminister déi completéiert an aktualiséiert Lëtzebuerger Orthografie presentéiert. DʼReegelwierk gouf an der Tëscht eng 17.000 Mol verdeelt an ass nach ëmmer gratis ze kréien (op de Walfer Bicherdeeg oder iwwer e Mail op lod@lod.lu). Och op www.zls.lu fënnt een dʼReegelen an do kann een dʼBuch och als PDF eroflueden.

Fir den Iwwergang vun der aler op déi nei Orthografie ze vereinfachen, huet den Zenter fir dʼLëtzebuerger Sprooch ënnert anerem mam Spellchecker.lu kollaboréiert, zesumme mam Jérôme Lulling en neit Verbebuch editéiert, den Ortho-Trainer op ortho.lod.lu erweidert an e sëllege Coursë ginn.

Un engem weideren Outil hunn de SCRIPT an den LOD an de leschte Méint intensiv geschafft: eng Serie vun 30 kuerze Videoclippen, an deenen allkéiers eng wichteg Reegel erkläert gëtt. Titel: Lëtzebuergesch richteg schreiwen. 23 vun deene Clippe sinn elo prett a kënnen am Unterrecht agesat oder vun Autodidakte benotzt ginn. Se gi gratis zur Verfügung gestallt, esoudatt jiddereen dʼClippe kann eroflueden oder op sengem Site embedden. Déi lescht siwe Videoe sinn och schonn an der Maach, si behandelen ënnert anerem dʼFriemwierder am Lëtzebuergeschen.

URL: https://vimeo.com/showcase/letzebuergesch-richteg-schreiwen

3. E gemeinsame Stand op de Bicherdeeg

Zu Walfer op de Bicherdeeg deele sech de SCRIPT an den ZLS e Stand an der Hal 2. Do kritt een natierlech sämtlech Publikatioune vum Zenter fir dʼLëtzebuerger Sprooch ze kafen an dʼBichelche mat de Reegele vun der Lëtzebuerger Orthografie gëtt et do gratis, bis de Stock eidel ass. (Eng 5. Oplo ass fir Ufank 2022 virgesinn.) Wie wëllt, ka sech och Postkaarte mat Emojien an engem Sproch op Lëtzebuergesch oder mat de Motiver vun der Wuertschatz-Campagne aus dem Summer mathuelen.

De SCRIPT verdeelt um Stand véier Publikatioune gratis: Lies a fléi (de Katalog vun 2021), Forum papers, Die Erde ist mein Raumschiff a Clean Fuels. Ausserdeem kritt een do dʼLandkaart vu Lëtzebuerg mat den Uertsnimm op Lëtzebuergesch am Format 70 x 100 cm an op guddem Pabeier fir 6 Euro ze kafen.

Nieft der Presenz mat engem Stand ass den Zenter fir dʼLëtzebuerger Sprooch och frou, bei engem Buchprojet vun der Walfer Schoul eng Hand mat ugepaakt ze hunn an déi traditionell Dictée um Sonndegmoien ze verbesseren.

Weider Infoen op www.zls.lu

Zur Erënnerung: DʼWalfer Bicherdeeg sinn e Samschdeg, 20. November vun 9 bis 20 Auer an e Sonndeg, 21. November vun 9 bis 18 Auer zu Walfer an de Sportshalen 1 an 2, am Centre Prince Henri an an der Maison Dufaing (Liesungen). DʼDictée fänkt e Sonndeg de Moien ëm 10 Auer un, dat lëtzebuergescht Diktat kann een och vun doheem aus matschreiwen (Livestream op RTL.lu). Et gëtt e Food Village; den Entrée op dʼBicherdeeg ass gratis a funktionéiert mat CovidCheck.

Weider Infoen op www.bicherdeeg.lu

Communiqué vum Ministère fir Bildung, Kanner a Jugend 

Aktualiséiert