Gelongene Start an der Grondschoul am Zeeche vun der Sécherheet a vu faire Bildungschancen

Fir ronn 52.000 Kanner fänkt dës Woch d’Schoul nees un. No zéng Woche sinn de Moien déi éischt Kanner nees an d’Schoul, an d’Betreiungsstruktur oder an ee vun de Kompetenzzentere gaangen. De Modell, deen d’Regierung dobäi gewielt huet, war ambitiéis a stoung am Zeeche vun der Sécherheet, awer och vun der Garantie vun de Bildungschancë fir all Schüler. Dës zweet Schoulrentrée ënnert de sanitäre Bedingunge vun der Corona-Kris war eng eemoleg Herkules-Aufgab. Innerhalb vu kierzter Zäit huet en neie System missen ausgeschafft an ëmgesat ginn. Haut um Dag vun der Rentrée weist sech, dass dëse Modell fonctionéiert an d’Ziler konnten erreecht ginn. Dank dem Engagement vun alle Bedeelegten.

52% vun de ronn 52.000 Kanner si just fir d’Léierwoch moies an der Schoul. 42% si moies an den Études surveillées ageschriwwen. Ronn 30% sinn och nomëttes an der Betreiung.

Beschoulung fir all Kand

De sanitäre Kader huet dës Rentrée bestëmmt an et war vu vir era kloer, datt et keng Optioun wier, déi ganz Schoulpopulatioun beieneen eranzehuelen. Am Géigesaz zu eisen Nopeschlänner huet d’Lëtzebuerger Regierung sech dowéinst fir e Modell decidéiert, bei deem net nëmme bestëmmte Klassen zeréck an d’Schoul dierfe goen, mee all Kand an de Genoss kënnt vun enger Beschoulung. Dëst wier net méiglech gewiescht ouni eng intensiv Kollaboratioun tëscht de Schoulen an de Strukture vun der non-formaler Bildung (Maison-relaisen, Foyer-scolairen). Lëtzebuerg konnt seng Stäerkten ausspille mat gutt entwéckelte Gemengestrukturen, déi elo Hand an Hand mat de Schoulen zesummeschaffen.

Schouljoer ofschléissen an net ofbriechen

An enker Kollaboratioun mat de regionalen Direktioune goufen essentiell Contenuen definéiert, déi nach bis d’Enn vum Joer mat de Kanner sollen duerchgeholl ginn, fir datt se prett si fir dat nächst Schouljoer. Et gëtt sech deemno drop konzentréiert, d’Schouljoer propper ofzeschléissen an all Schüler nach deen néidege schoulesche Bagage mat op de Wee ze ginn. D’Corona-Kris soll an deem Sënn kee laangfristegen Impakt op de Bildungswee vun de Schüler hunn, an der Hoffnung, datt d’Kris am September iwwerstanen ass an d’Schoulen nees normal kënnen opgoen.

Léisungen zesumme mat de Schoulpartner ausgeschafft an ëmgesat

Am Fondamental, wou d’Gebaier ënnert der Gemengenautoritéit stinn, ass enk zesummegeschafft ginn, fir déi néideg Mesuren en place ze setzen. Donieft goufen d’Gestionnairë vun de Maison-relaisen an déi sozio-edukativ Träger mat erugezu fir d’Betreiungszäit ze assuréieren. Eng Plattform mam Syvicol, der Fedas an der Felsea huet et erlaabt, d’Zesummespill tëscht der Schoul an der Betreiung ze organiséieren, fir datt dës kënnen Hand an Hand goen. Et gouf och reegelméisseg Echangë mam Gesondheetsministère, de Gewerkschaften, den Elterevertrieder, Fuerscher, asw.

Den Educatiounsminister Claude Meisch adresséiert e ganz grousse Merci un all déi Acteuren, déi dës Mammutaufgab mat gemeeschtert hunn, notamment un d’Regionaldirektiounen, d’Presidente vun de Schoulcomitéen, d’Enseignanten, d’Educateuren an d’Personal aus de Maison-relaisen, d’Personal aus de Kompetenzzenteren, d’Mataarbechter vun de Ministèren, d’Gemengen an hir Servicer, d’Träger vun de Betreiungsstrukturen an d’Elteren. Déi ganz Communautéit vun der formaler an der non-formaler Bildung huet hei exemplaresch zesummegeschafft am Interessi vun de Kanner.

Grouss Personalerausfuerderung geléist

Iwwer 1.000 qualifizéiert Persoune konnten op den Opruff vum Educatiounsministère hin zousätzlech rekrutéiert ginn, fir de Modell vun der Schoul en alternance ze garantéieren. Zwee Poole goufe bannent zwou Wochen opgestallt, engersäits fir d’Études surveillées moies an anerersäits fir d’Betreiung no der Schoul. Eleng fir d’Études surveillées moies huet de Ministère knapp 1.000 Leit rekrutéiert. Fir d’Betreiung nomëttes goufe bis ewell knapp 300 Leit u Gemengen a Betreiungsstrukture vermëttelt.

Bedarf u Material a Logistik fir d’Sécherheet

De Ministère huet eng Cellule logistique op d’Bee gestallt, déi Material organiséiert huet, fir d’Sécherheetsmesuren, déi musse respektéiert ginn, ze erméiglechen.

Iwwert dee Wee konnten op nationalem Plang d’Grondschoulen an d’Lycéeën, d’Betreiungsstrukturen an d’Kompetenzzenteren ënnert anerem mat follgendem Material ekipéiert ginn:

  • Buffen: 392.000 Stéck
  • Chirurgesch Masken: 1.750.000 Stéck
  • Spender fir Desinfektiounsmëttelen: 28.000 Stéck
  • Duerchsichteg Protektiounswänn: 9.000 Stéck
  • Visièren: 8.000 Stéck
  • Cônen (Circulatiouns-Hittercher): 5.000 Stéck
  • Signalisatiouns-Tape: 236 Kilometer
  • Markéierungsbänner: 216 Kilometer

Communiqué vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend

Aktualiséiert