Claude Meisch et André Bauler a sujet des défis dans le domaine de l'éducation

Claude Meisch: "Dem Bildungskrich en Enn setzen"

"Ech mierken, datt am Ministère ganz vill motivéiert Leit sinn, ganz vill Leit sinn déi bereet si mat eis, mat den Enseignanten, awer och virun allem déi all Dag Schoul halen, an der Schoul schaffen, awer och elo wa mir den neie Ministère kucken, an de Crèchen, an de Maisons relais hir Aarbecht maachen, wierklech och wëllen dat eent an dat anert änneren. An ech denken, datt dat a Rou awer och soll geschéien."

Interview vum Mick Entringer:

Schonn an der Wahlcampagne, an zanter d’Regierung steet, an net ouni Iwwerraschung gewosst ass, wien den Educatiounsministère mat neien zousätzleche Kompetenzberäicher iwwerhëlt, ass et zimlech roueg ginn an de schoulpoliteschen Dossieren. Dobäi war dat ee vun de groussen Aktualitéitssujeten déi lescht Legislatur.

Mir begréissen bei “Riicht eraus” de Mëtteg de Minister fir Educatioun, Kanner, Jugend an Héichschoul. Gudde Mëtteg, Här Meisch.

Claude Meisch: Gudde Mëtteg.

Mick Entringer: An och am Studio ass den André Bauler, Staatssekretär am selwechte Superministère. Gudde Mëtteg.

André Bauler: Gudde Mëtteg.

Mick Entringer: Här Bauler, mat Iech hate mir an de leschte Joere méi heefeg iwwer schoulpolitesch Theme geschwat. Wéi bis bekannt war, wellech Koalitiounspartei dee Ministère géif iwwerhuelen, sidd Dir, widder Erwaarden, net Minister ginn. Firwat? Wollt Dir dat net?

André Bauler: Dat war eng Iwwerleeung déi am Raum stoung. A mir hunn eis als Partei iwwer déi verschidden Theme ronderëm Educatioun, Jeunesse an Enfance ënnerhalen, an herno ass eng Konstellatioun erauskomm, déi eben dozou gefouert huet, datt mir eis dee Ressort elo esou opgedeelt hu wéi e fonctionnéiert.

De Claude Meisch war och am Gespréich fir Finanzminister, herno sinn d’Akzenter awer dunn anescht gesat ginn. A mir fonctionnéieren elo als Team, als Minister an als Staatssekretär, an zéien un engem Strang fir déi do Dossieren en avant ze bréngen.

Mick Entringer: Ech muss Iech déi Fro elo stellen: Här Meisch, niewent dem Xavier Bettel sidd Dir an der DP deen anere grousse Spëtzemann, deen an der Wahlcampagne esou emol eriwwer komm ass, an Dir hutt de wichtege Ressort vun de Finanzen, wéi mir héieren hunn, net iwwerholl. Firwat? Hutt Dir Iech net getraut? Bis ewell huet een Iech net als schoulpolitesch besonnesch interesséiert kannt.

Claude Meisch: Dat ass wouer. Ech hu wéineg no baussen iwwer Schoul geschwat, et war net mäin Haaptsujet an der Partei. Ech hu wéineg Interventioune gehat zu deem Sujet an der Chamber. Ech war awer 12 Joer laang President vun enger Schoulkommissioun, nämlech do wou ech Buergermeeschter war, zu Déifferdeng.

Ech hu Munches awer och iwwer Familljepolitik, iwwer Kannerbetreiung gemaach gehat. Och déi Zäit wou ech Parteipresident war hunn ech probéiert, d’DP opzemaache fir eng aner Familljepolitik, fir d’Kannerbetreiung méi staark an de Fokus ze setzen, fir dat Positiivt wat d’Kanner kënnen all an der Betreiung mat op de Liewenswee kréien, fir dat méi staark ze thematiséieren. Esou datt et eigentlech mäi Choix war, relativ kuerz no de Wahlen, wou et duerno ausgesinn huet wéi wa mir da wierklech d’Chance hätten an eng Regierung kënnen anzetrieden.

Ech hu mam Premierminister doriwwer geschwat. Ech weess, datt vill Leit gekuckt hunn ob ech géing Finanzminister ginn. Dat ass jo geschwat ginn, geschriwwe ginn op ville Plazen, nach relativ laang och während de Koalitiounsverhandlungen. Mä et war relativ fréi mäi Choix dat éischter net ze maachen, a genee dat hei ze maachen.

Ech hunn dem Premierminister gesot, wann d’Méiglechkeet géing bestoe fir Schoul, Kannerbetreiung, Enfance, Jeunesse, gläichzäiteg awer och nach Héichschoul a Fuerschung zu enger grousser Entitéit, zwar hei elo opgedeelt an zwee Ministèren, kënnen ze fusionéieren, da wier dat eppes wou ech ganz gäre bereet wier ze iwwerhuelen.

Dat ass eng grouss Erausfuerderung. An ech muss soen, datt no e puer Deeg an deene Ministèrë mir kloer war, datt et mir net géing Leed dinn, an datt et mir enorm Freed mécht déi Aufgab do unzehuelen.

Mick Entringer: Dir hutt elo gesot, fir déi do Decisioun ze huelen, hutt Dir mam Premierminister, mam Xavier Bettel geschwat. Hutt Dir dann och mam André Bauler geschwat?

Claude Meisch: Wéi dat sech gehéiert, selbstverständlech hunn ech och, wou dat sech ofgezeechent huet, datt dat eng realistesch Optioun kéint ginn, wou mir och wossten, datt mir eng ganz gutt Persoun hätten, déi bereet war de Ressort vun de Finanzen ze iwwerhuelen, mam Pierre Gramegna, hunn ech och mam André Bauler doriwwer geschwat. An dunn huet dat sech esou erginn, datt mir herno d’Conclusioun gezunn hu fir dat zesummen unzegoen, well et jo e grousse Ministère ass, well et eigentlech zwee Ministèrë sinn, an den Educatiounsministère, wat souwisou schonn e groussen Tanker bis elo war, nach erweidert ginn ass duerch d’Departement vun der Enfance an der Jeunesse aus dem fréiere Familljeministère, mengen ech, ass dat absolut normal, datt do e Minister an e Staatssekretär sech déi Aarbecht do opdeelt. Dat maache mir elo, an ech mengen, dat fonctionnéiert ganz gutt esou.

Mick Entringer: Dat heescht, Dir, André Bauler, als fréiere bildungspolitesche Spriecher vun der Demokratescher Partei, hutt elo net d’Gefill, datt Dir hutt misste Plaz maachen?

André Bauler: Neen, mir fonctionnéiere ganz gutt zesummen. Mir hunn e ganz grousst Aufgabefeld ofzedecken, an do ass jiddwereen a senger Verantwortung. An ech hunn e ganz gutt Gefill dobäi, an deem Sënn, datt mir e flott Team si wat weess wat et wëllt. An ech mengen, dorops kënnt et un. Et kënnt letzlech un op d’Resultater déi mir herno zesumme mat eise jeeweilegen Equipen am Ministère, an doriwwer eraus, erzilen.

Mick Entringer: Zwee Méint sidd Dir dann elo an Ärem Amt. A wat schoul-, kanner- an héichschoulpolitesch dann elo esou richteg soll kommen, ass nach net wierklech gewosst.

Virum Dépôt vum Budget am Mäerz wäert een och wuel net vill Detailer gewuer ginn. Eréischt duerno wéilt Dir Är strategesch Richtlinne presentéieren. Dat krute mir emol esou op Nofro hi gesot. Bon, mir hunn awer elo net Wëlles hei an der Emissioun “Riicht eraus” um Dréchene sëtzen ze bleiwen, a probéieren awer méi gewuer ze ginn, wéi dat wat dann elo exklusiv an Ärem Regierungsprogramm steet.

Haut wëlle mir eis op dëser Plaz virun allem op Volet Schoul, Betreiung a Kanner konzentréieren. D’Héichschoul klamere mir dës Kéier eraus. Do komme mir vläicht eng aner Kéier op dëser Plaz dorop zeréck.

Ier mir awer elo op déi verschidden Dossieren ze schwätze kommen, géing et eis interesséieren, wéi Äre Ministère intern fonctionnéiert. Bis ewell ass eigentlech dobaussen net gewosst, wéi Dir Iech an deem Superministère déi verschidde Beräicher opdeelt.

Claude Meisch: Dir hutt an Ärer Introduktioun gesot, datt et roueg gi wier an der schoulpolitescher Debatt. Jo, dat mag sinn, an dat gesinn ech duerchaus als positiv un.

Et ass och eis Ambitioun, dem André Bauler seng a meng, fir a Rou kënnen iwwer Schoulpolitik ze schwätzen hei zu Lëtzebuerg. Mir wëllen eigentlech de Bildungskrich, deen awer eng ganz Rei vu Joere gefouert ginn ass, do wëlle mir elo e Waffestëllstand maachen, a kucke vläicht och en definitive Fridden ze féieren.

Ech mengen, datt ganz vill gutt Usätz iwwerall sinn, och am Ministère. Mir kommen zwar aus der Oppositioun, a wann een an der Oppositioun ass, dann thematiséiert ee vläicht éischter d’Differenze wéi elo d’Gemeinsamkeeten. Mir hunn dee Ministère iwwerholl, an thematiséiere vläicht zënterdeem och éischter d’Gemeinsamkeeten, wéi dat wat sécherlech un Differenzen och emol nach do ass.

Ech mierken, datt am Ministère ganz vill motivéiert Leit sinn, ganz vill Leit sinn déi bereet si mat eis, mat den Enseignanten, awer och virun allem déi all Dag Schoul halen, an der Schoul schaffen, awer och elo wa mir den neie Ministère kucken, an de Crèchen, an de Maisons relais hir Aarbecht maachen, wierklech och wëllen dat eent an dat anert änneren. An ech denken, datt dat a Rou awer och soll geschéien.

Mir sinn net ugetruede fir alles erëm zréckzedréinen. Mir sinn net ugetruede fir eng 180 Grad-Kéier erëm eng Kéier ze maachen. Mir sinn ugetruede sécherlech fir eng Rei vu Saachen ze änneren, mir wëllen dat Richtegt änneren, a mir wëllen net alles änneren. An dofir ass et och esou, an ech fannen dat normal, datt een net an deenen éischte Woche mat muskuléierten Aussoen direkt un d’Ëffentlechkeet geet fir ze soen, dat, an dat, an dat, dat maache mir elo emol [gëtt ënnerbrach]

Mick Entringer: Dir musst Iech jo emol e Bild och maachen. Dir hutt ganz vill Gespréicher mat de verschiddenen Acteuren um Terrain, ier Dir iwwerhaapt kënnt dann och mat konkrete Proposë kommen.

Claude Meisch: Ech denken, datt dat normal ass. Mir hu ganz, ganz vill Gespréicher wierklech iwwer déi zwee éischt Méint gehat. Dat ass am Stonnerythmus quasi gaangen. An owes wosst een net méi richteg, wien een alles gesinn huet, well de Secteur natierlech extrem grouss ass, extrem vaste ass.

Mä dat waren éischter Gespréicher fir sech kennen ze léieren, fir ze kucken, wou si gewëssen Dossieren drun, fir awer och ze kucken, wou denkt deen een oder deen aneren, deen am Ministère schafft, dee ronderëm de Ministère Verantwortung och dréit, wou et misst higoen, fir och do, fir e Gefill ze kréien. A mir hunn natierlech awer och scho relativ vill, éischter hannert de Kulisse geschafft fir d’Aarbecht opzedeelen tëschent dem Staatssekretär an dem Minister [gëtt ënnerbrach]

Mick Entringer: Majo, dat géing mech elo interesséieren. Wéi hutt Dir Iech dat dann opgedeelt, déi Ressorten? Wie kritt wat? Wien ass méi op engem Beräich konzentréiert wéi op engem aneren, Här Bauler?

André Bauler: Ma et ass esou opgedeelt, datt de Claude Meisch als Minister sech méi këmmert ëm de ganze Volet Enfance, Jeunesse, dee jo aus dem klassesche Familljeministère erauskënnt a bei eis komm ass. An da fir ze enchaînéieren, këmmert hie sech dann och prioritär ëm d’Grondschoul. Dat wëllt awer elo net heeschen, datt dat mir egal wier, mä hien ass deen, dee prioritär op deenen do Dossiere schafft. Ech kucken dat net nëmmen no, mä begleeden et och da wa meng Hëllef och erwënscht ass.

An der Mëtt de ganze Volet post-primaire, et ass am Fong geholl dee wou ech mech soll dorëms këmmeren. Wann ech soe post-primaire, dann heescht dat virun allem de Lycée, d’Lycéesreform, awer och dann Adaptatiounen un der Reform vun der Beruffsausbildung, wou dann, wéi Dir scho gesot hutt, groussen Handlungsbedarf besteet.

An der Héichschoul do kucke mir et jee no Thema, do si mir dann deen ee méi op deem engen, deen anere méi op deem aneren. Dat kucke mir zesummen, selon les cas. A mir versichen och do villes gemeinsam ze suivéieren.

Mä wéi gesot, an deem Volet vun der Educatioun nationale, hu mir elo emol d’Tâchen esou opgedeelt, well ech och perséinlech, vum Beruffsfeld hier, aus dem Beräich post-primaire kommen, hunn ech och du fonnt, mam Minister zesummen, datt mir am Fong geholl besser opgestallt wieren, wann ech mech dann op dat do géif fokaliséieren, an an deem Sënn den Dossier géif suivéieren an no vir bréngen.

Mick Entringer: Dorop komme mir vläicht nach zeréck. Dat muss jo net onbedéngt en Avantage sinn, datt och Dir am Post-primaire Enseignant waart. Dozou da vläicht [gëtt ënnerbrach]

Claude Meisch: Sollt et en Desavantage sinn [gëtt ënnerbrach]

Mick Entringer: Et kéint ee sinn, et ass ee vläicht méi befaangen.

Claude Meisch: ... da géing ech, dee jo net onbedéngt aus där do Welt bis elo komm ass, dee largement kompenséieren.

Mick Entringer: Majo. D’Éducation différenciée, dat vläicht nach. Hutt Dir do och schonn iergendwéi ... ?

André Bauler: Do ass de Claude Meisch, deen dee Volet Educatioun différenciée betreit.

Claude Meisch: Et gëtt eng Rei vu Sujeten, déi och iwwergräifend sinn. D’Éducation différenciée ass sécherlech een dovunner. Wa mir un Ediff denken, denke mir ganz oft un de Fondamental, mä mir mussen awer wëssen, datt dat bis 15 Joer geet, also och bis an de Secondaire eran, an och do eng Zesummenaarbecht dann noutwenneg ass.

An da gëtt et ganz vill Sujeten, déi einfach horizontal iwwerall matschwätzen. Wa mir iwwer Sproochekompetenzen zu Lëtzebuerg schwätzen, iwwer de Multilinguisme, iwwer all déi [gëtt ënnerbrach]

Mick Entringer: Do soll jo et jo e roude Fuedem vu kleng u bis uewen hin [gëtt ënnerbrach]

Claude Meisch: ... da muss dat vun der Crèche iwwer de Fondamental, bis erop op d’Première an 13ième, an doriwwer eraus och, reechen. An do muss natierlech och eng kohärent Politik gemaach ginn.

Mä dat ass net, wa mir soen, mir hunn eis d’Aarbecht opgedeelt, datt mir eis net gesinn, an datt mir eis net géingen ofschwätzen. Et gëtt wichteg Momenter an der Woch, wou mir mat eisen Haaptfonctionnairen och souwisou zesummekommen, an do ass den André Bauler an de Claude Meisch och mat um Dësch.

Mick Entringer: Wéi gesäit dat dann esou opgedeelt, raimlech, am Ministère aus? Deelt Dir e Büro? Hutt Dir e Büro niewentenee mat enger oppener Dier dotëscht? Sëtzt Dir op zwee verschiddene Stäck, een ënnen, een uewen?

André Bauler: Mir hunn zwee verschidde Büroen. An ech kann Iech awer just soen [gëtt ënnerbrach]

Claude Meisch: Mir maachen eng Kéier eng Porte ouverte, mengen ech.

André Bauler: Jo, mir missten eng Porte ouverte maachen. Mä ech kann Iech just soen [gëtt ënnerbrach]

Mick Entringer: Dat seet vläicht eppes aus iwwer Är Relatioun.

André Bauler: ... an deene Reuniounen, déi mir hunn, mir sëtze wierklech ganz vill gemeinsam zesummen, well mir eben esou vill Reunioune mat deenen ënnerschiddlechsten Acteuren, Intervenanten hunn, ausserhalb vum Ministère, mä och am Ministère, well mir jo och mat eise Leit am Ministère musse kucke wou mir a gewëssene Felder dru sinn, esou datt mir eigentlech den Dag iwwer ganz dacks zesumme mat de Leit schaffen.

An de Büro, deen ass an deem Sënn, en ass och occupéiert, mä et ass am Fong geholl eppes wat dann duerno kënnt, nodeems een de ganzen Dag scho Reuniounen hat, oder emol eng Kéier dotëschent fir sech ze erblosen.

Mick Entringer: Wou een da raschte geet.

André Bauler: De Büro wou ee raschte geet, dat ass elo e falsche Message [gëtt ënnerbrach]

Claude Meisch: Deen hu mir nach net fonnt.

André Bauler: Deen hu mir nach net fonnt, well e fëllt sech och esou lues mat Dokumenter.

Mick Entringer: Majo, mir kommen zeréck op dat wat mir virdru geschwat hunn. An zwar, datt Dir aus dem Enseignement vun Ärer Formatioun hier aus kommt.

Wahltaktesch war dat vläicht och richteg fir op en Enseignant ze setzen an der Bildungspolitik. Dir hutt Iech domat eng spezifesch Wielerclientèle och u Land gezunn. An och während der Campagne, a virdrun, an och déi leschte Joeren ass ëmmer gesot ginn, den Enseignant steet am Mëttelpunkt vun der Schoul – dat war esou e bëssen e mantra-aartege Slogan, deen ëmmer erëm repetéiert ginn ass. Bon, Munchen huet dat vläicht och iwwerrascht, a si hu sech geduecht, et si vläicht éischter d’Kanner déi am Mëttelpunkt vun der Schoul stinn.

D‘Enseignante sinn awer elo grad déi, déi ville schoulpolitesche Reforme kritesch géintiwwer stinn. Déi Leit hunn elo gewëssen Erwaardungen un Iech. Wéi wëllt Dir deem gerecht ginn?

Claude Meisch: Ech mierken awer elo och no all deenen Diskussiounen déi mir haten, datt een a fundamentale Froen, an deene grousse Richtungsfroen déi d’Schoulpolitik zu Lëtzebuerg nach vläicht ze huelen huet, oder och scho geholl huet, datt et do awer éischter esou ass, datt een och grouss Gemeinsamkeete kann erausfannen tëschent deenen Acteuren, déi da Richtung politeschen, um Administrativen, an engem Ministère, an awer och dann deenen, déi herno an der Schoul dat sollen ëmsetzen.

Do wou oft driwwer diskutéiert gëtt, dat ass éischter ëm déi konkret Ëmsetzung dovunner. An do ass et eis Ambitioun, dem André Bauler seng a meng, datt mir, ier mir präzis herno soen, wéi d’Reform da wierklech um Terrain muss ëmgesat ginn, an de Schoulen dann och kann zu Verbesserunge féieren, datt mir dat och mat deenen Acteure sérieux diskutéieren.

D’Beruffsausbildung zum Beispill, d’Reform vun der Beruffsausbildung ass en exemplarescht Beispill do. Do ass, mengen ech, a ganz guddem Wëllen e moduläre System agefouert ginn, mat enorm villen Aarbechtsstonnen déi do doran investéiert goufen, mat finanzielle Moyenen déi do doran investéiert goufen. An déi Grondiwwerleeung déi do gefouert gouf, déi war emol guer net schlecht, fir ze soen, mir mussen d’Beruffsausbildung stäerken, well de moduläre System dee kann, wann alles fonctionnéiert, dozou féieren, datt déi Schüler déi herno hiren Diplom hunn als Handwierker, datt déi wäitaus besser qualifizéiert sinn, wéi dat virdru beim bisherege System waren.

Et fonctionnéiert awer net um Terrain. Et fonctionnéiert net, well mir der ganz vill hunn, déi einfach duerch de moduläre System net duerchkommen, déi herno hir Moduler net kënnen nohuelen, dräi Joer Ausbildung gemaach hunn, keen Diplom kënne kréien a momentan keng Aussiicht op en Diplom hunn.

Also, eng Formatioun muss och fonctionnéieren um Terrain. An do ass den Avis vun den Enseignanten am Fondamental, am Secondaire, vun aneren Acteuren, vun den Elteren och, och vun de Schüler ass eis ganz, ganz wichteg, ier mir un den Detail vun de Projeten dru kommen.

André Bauler: Ech wëll awer och do nach dobäi fügen, wa mir dat gebetsmühlenaarteg vläicht gesot hunn, datt den Enseignant fir eis am Mëttelpunkt steet, dann hu mir net vergiess, datt och d’Kand am Mëttelpunkt steet.

Mä wann d’Kand am Mëttelpunkt steet, spillt den Enseignant eng Schlësselroll an deem ganze Prozess. Mir hunn ëmmer gesot, seng Persoun, seng Perséinlechkeet, seng Motivatioun, säin Asaz, säin Engagement an deem Ganzen, och seng Ausbildung, sinn essentiell am Léierprozess. A wat den Enseignant mécht, dat zielt. A wat en net mécht, dat mécht sech och bemierkbar. Dofir hu mir ëmmer gesot, den Hiewel ass essentiellement beim Enseignant unzesetzen, well den Enseignant zoustänneg ass, responsabel ass fir d’Léierkultur. A letzlech ass d’Léierkultur nach méi wichteg wéi d’Léierstruktur, oder d’Strukturen an deenen d’Educatioun, den Enseignement stattfannen. A grad dowéinst hu mir dat ëmmer gesot. Mir wollten och net falsch verstane ginn.

Den Enseignant ass wichteg, well dat wat hie mécht dat zielt.

An dofir wëll ech och nach eng Kéier drop opmierksam maachen, datt mir e besonneschen Akzent op seng initial Ausbildung wëlle leeën, an och op seng Weiderbildung. An do si mir zur Zäit, hate mir och eng Rei Reunioune schonn, ganz intensiv am Gaangen am Ministère ze schaffen un engem Institut deen eben zoustänneg ass, esouwuel fir d’Weiderbildung, dat hu mir jo schonn, wéi awer och fir déi initial Ausbildung, esouwuel vun de Schoulmeeschteren, wéi och vun de Professeren.

Claude Meisch: Mä vläicht nach dozou. Mir si jo net alleng déi dat soen. Et ass jo net, datt d’DP alleng zur Erkenntnis komm wier, datt den Enseignant wichteg wier, oder mat dee wichtegste Facteur wier an der Educatioun. Ganz vill international Etuden hunn dat do gesot, datt eigentlech et méi staark nach op den Enseignant ukënnt, wéi op d’Schoul wou d’Kand dra geet, oder op d’Struktur, wéi déi Schoul da strukturéiert ass. An dofir musse mir den Enseignant stäerken. An den André Bauler huet gesot, iwwer wat fir eng Instrumenter – Ausbildung, Weiderbildung, didaktescht Material, an, an, an – een dat dann och wëllt maachen.

Mick Entringer: Mat et ass vläicht d’Angscht eriwwerkomm bei deenen aneren Acteuren, déi vun der Schoul betraff sinn, datt et e gewëssenen Typ Enseignant ass fir deen Dir géingt astoen. Do spillen ech vläicht en Extrait a vun der Jutta Lux-Hennecke, dat ass d’Presidentin vum Daachverband vun den Elterenassociatiounen, déi sech virun de Wahle justement iwwer deen do Punkt Suerge gemaach hunn, datt eventuell ze vill e grousse Poids op dat geluecht géing gi wat d’Enseignante soen. An hei eben hir Reaktioun no enger éischter Entrevue mat Iech.

Jutta Lux-Hennecke (O-Toun): Wat eis besonnesch gefreet huet ass, datt anscheinend vu Ministersäit elo Wäert geluecht gëtt och op dee Rôle vun den Elteren. Wat mir immens begréissen, well et ass jo op där enger Säit wichteg dee Rôle vum Enseignant, an op där anerer Säit och grad esou dee Rôle vun den Elteren, fir eben de Succès, de schoulesche Succès vun eise Kanner ze garantéieren. An do ware mir ganz frou dodriwwer. Jo, also mir hoffen, datt et dann och esou ëmgesat gëtt.

Mick Entringer: Maja, wéi kommentéiert Dir dat?

Claude Meisch: Et schéngt mir extrem wichteg ze sinn, datt d’Elteren e wichtegt Element an der ganzer Ausbildung vun hire Kanner sinn. An dofir muss een op d’Eltere lauschteren, wa mir schoulpolitesch Reforme maachen, grad wéi mir op aner Schoulpartner musse lauschteren.

Dat wat ech awer och ëmmer erëm widderhuelen, an dat ka vläicht den neie Mantra och ginn iwwer déi nächst Joeren, dat ass, datt d’Elteren och hirer Responsabilitéit musse sech bewosst ginn. An dat net eréischt wann d’Kand an d’Schoul kënnt, dat scho vläicht virdrun, dat esou bal d’Kand op der Welt ass. An do musse mir vläicht och eng nei Kultur vun Elterenaarbecht och an de Schoulen, an de Maisons relais, an de Crèchen instauréieren, déi eigentlech vun ënnen erop muss wuessen, wou d’Eltere wëssen, jo, d’Schoul huet en Deel ze maachen, d’Crèche an d’Maison relais huet en Deel ze maache fir mengem Kand eppes mat op de Liewenswee ze ginn, mä mir als Eltere sinn net aus der Verantwortung eraus, an dat do ass ganz genee och eis Verantwortung, déi mir mussen iwwerhuelen.

Mick Entringer: Am Regierungsprogramm wëllt Dir den Eltere jo och méi Verantwortung ginn, andeem datt Dir se méi consultéiert och op verschiddenen Themeberäicher. Dat dréit vläicht dozou bäi, datt een dann zesumme méi gemeinsam op e Wee geet fir dat Kand.

Claude Meisch: Dat ass eng Consultatioun, wou mir d’Meenung wëllen anhuelen och vun den Elteren, an net nëmmen um politesche Plang, mä och an de Schoulen. Mä et ass awer och, datt mir den Eltere wëlle rappeléieren, datt si eng Verantwortung hunn.

Well och do erëm eng Kéier weise sämtlech schoulpolitesch Etuden aus de leschte Joerzéngten, datt do wou doheem iwwer Schoul geschwat gëtt, wou Schoul wichteg ass, wou Schoulerfolleg och wichteg ass, do fonctionnéiert et besser. Wou net iwwer Schoul geschwat gëtt, wou d’Schoul ugesi gëtt als eppes, bon, do muss een eben higoen, well ee muss higoen, mä et ass eigentlech net wichteg, do gëtt de Kanner dat falscht Bild vun der Schoul vermëttelt. An da kann ee vun de Kanner eigentlech och net verlaangen, datt si motivéiert si fir sech hiert Wëssen unzëeegenen, hir Kompetenzen ze entwéckelen; fir hir Hausaufgaben ze maachen; fir gutt eben herno och ofzeschneiden, a fir virunzekommen. Dat ass ee vun deene Punkten, wou mir mussen och, a mir hunn dat am Koalitiounsaccord eigentlech family learning genannt, niewent villen anere Punkten, musse mir un d’Elteren eruvermëttelen.

Do gëtt et eng ganz Rei vu flotten Initiativen am Land, déi mir wëlle stäerken. Mir mierken awer och do, datt zum Beispill mat der Eltereschoul, een heiansdo un déi Elteren net richteg eru kënnt, wou et wichteg wier. Ech hunn ëmmer d’Impressioun, an ech war heiansdo selwer op Evenementer vun Eltereschoul, op Konferenzen, déi Leit déi do am Sall sëtzen, déi hu schonn zimlech vill geliest [gëtt ënnerbrach]

Mick Entringer: Déi si scho sensibiliséiert dofir.

Claude Meisch: ... an déi stellen dem Conférencier Froen, datt dee bal un d’Tuddele kënnt. Mir mussen och aner Elteren do erakréien, a vläicht och aner Weeër fannen, wéi mir d’Elteren un hir Responsabilitéit erënneren.

Mick Entringer: Komme mir nach eng Kéier zeréck, elo virun halwer 1 awer, an de Fonctionnement vum Ministère.

Dir hat eng Kéier, André Bauler, op enger Table ronde gesot virun de Wahlen, datt d’Politik muss d’Virgabe maachen, an net d’Ministères-Beamten.

Esou, elo sidd Dir an engem Ministère mat 200 Beamten, zielt een nach déi aus deenen anere Kompetenzberäicher dozou, sinn et der nach méi. Dir sidd zimlech ugewisen, an eventuell och ausgeliwwert un déi Beamten. Wéi geet een domat ëm? Bis ewell hutt Dir Iech uneneen erugetaascht, bekannt gemaach, mä dat ass jo awer e Facteur mat deem Dir elo konfrontéiert sidd?

André Bauler: Jo, dat ass och guer kee Problem, well et ass d’Verantwortung vun der Politik fir Virgaben ze ginn, wéi Dir sot, d’Ziler ze nennen an ze soen, wou d’Rees soll higoen. Dat ass d’Aufgab vun der Politik.

A mir maachen zur Zäit am Ministère déi do Erfahrung, datt mir ganz gutt mat eise Leit kënnen zesumme schaffen. Si erwaarden och vun eis, datt mir hinnen eng Rei Virgabe ginn, an datt mir mat hinnen dann zesummen dee Wee ginn, deen d’Politik iwwer de Koalitiounsprogramm aschléit, oder ageschloen huet.

An ech kann, de Claude Meisch ka mir vläicht drop repliquéieren, nëmme soen, datt mir zur Zäit jiddwerfalls do eng gutt Erfahrung maachen, an datt mir eng ganz gutt Entente hunn, eng gutt Kollaboratioun, an och am Gaange sinn e gutt Vertrauen an deem Sënn opzebauen.

Mä ech mengen, et ass d’Politik un déi déi Erwaardung ëmmer gestallt gëtt fir ze soe wou déi bildungspolitesch Rees, oder aner Reese sollen higoen.

Mick Entringer: Ass dat da méiglech, wann een esou zu zwee ass, a ganz vill anerer si vis-à-vis déi awer eng gewësse Schinn virdru gefuer sinn, ënnert enger anerer Regierung, ënnert enger anerer Ausriichtung eventuell? Här Meisch?

Claude Meisch: Ech hunn de Problem eigentlech do bis elo, déi lescht zwee Méint, net, et ass vill driwwer geschwat ginn, mä ech konnt en an der Realitéit net erkennen.

Ech hunn éischter elo d’Erfahrung gemaach, datt ganz vill vun deene Beamte froen, also wéi gesitt Dir et als nei Equipe, als nei politesch Equipe?

Den André Bauler als Staatssekretär, an ech als Minister, mir kréie vläicht Propositioune gemaach. An ech hunn eigentlech och selwer, eng vun deenen éischte Kommunikatiounen déi ech am Haus gemaach hunn, war déi, datt ech gesot hunn, kommt mir kucken, datt mir d’Aarbecht hei richteg opdeelen. Déi eng solle wierklech Politik maachen, politesch Decisiounen huelen, an déi aner sollen dozou schaffen, déi sollen d’administrativ Aarbechte maachen, déi sollen natierlech och emol konzeptuell eng Virdenkeraarbecht iwwerhuelen, dat brauche mir och, dat hu mir och, do hu mir ganz gutt Leit am Ministère. Mä et muss schonn eng Trennung ginn tëscht deenen déi och no bausse politesch artikuléiere wat mir wëlle maachen, an och ëmsetze wat mir wëlle maachen, an och verdeedege wat mir wëlle maachen.

Ech selwer hätt och gären, datt mir déi Beamten déi do schaffe roueg schaffe loossen. Datt dat net déi sinn, déi wann emol eng Kéier de Wand eis wäert an d’Gesiicht blosen, an dat wäert sécherlech an deene 5 Joer och emol déi eng oder déi aner Kéier de Fall sinn, datt dat net déi sinn déi an der éischter Rei musse stoen, mä datt den Här Bauler [gëtt ënnerbrach]

Mick Entringer: Héiert een do eraus, datt dat virdrun de Fall war?

Claude Meisch: Dat ass heiansdo, mengen ech, esou duergestallt ginn. Ech weess net, ob dat elo falsch war, oder richteg war. Et ass och net un eis fir dat elo ze jugéieren. Mä et ass eng Aarbechts-Aart a Weis wéi ech bis elo och probéiert hu Politik ze maachen, an engem oppene Klima, och intern an engem Ministère.

Ech hätt gären, datt all Beamte mir seet wann hien der Meenung ass, datt ech falsch leien. Dat ass fir mech eng ganz normal Saach.

Ech hätt awer och gären, datt, wann ech soen, mir maachen et awer esou, datt en dat och respektéiert.

Ech sinn awer och een dee gäre bereet ass seng Meenung emol eng Kéier a Fro ze stellen, an dann een, zwee Deeg nach eng Kéier driwwer nozedenken, a vläicht herno zeréckzekomme, an ze soen, dat do ass net falsch wat s du mir sees.

Mick Entringer: An enger Rei Ministèren hunn déi nei Ministere virun allem dann och bei der DP Vertrauenspersounen als Conseillere matgeholl. Am Educatiounsministère ass dat bis ewell net de Fall. Wou bleift dann Äre Mann oder Är Fra fir déi spezifesch liberal Bildungsaspekter ëmzesetzen?

Claude Meisch: Bein, ech menge jo emol, datt ech virdru gesot hunn, datt d’politesch Orientatioun vun de Politiker soll kommen. Den André Bauler an de Claude Meisch, dat sinn déi, déi spezifesch liberal Bildungsaspekter sollen ëmsetzen.

Ech hunn awer och am Haus gesot, datt mir kee wëllen elo vu senger Aufgab entbannen, datt mir Vertrauen hunn an déi Leit déi elo all Dag schaffen, déi och e groussen Erfahrungsschatz elo opgebaut hunn, mä datt et sécherlech ka sinn, datt an den nächste Wochen a Méint nach vläicht een oder zwee Leit bäikommen, well d’Aufgabe si jo net manner ginn. Et gëtt och koordinativ Aufgaben, déi elo ze erfëlle sinn. A wann ech eise Koalitiounsprogramm kucken, da reecht do villes aneneen. An dofir denke mir schonn, datt mir och an nächster Zukunft nach vläicht eng oder zwou Persounen eng Kéier wäerte bäihuelen, wa mir déi richteg Leit fonnt hunn, déi och do erapassen.

Mick Entringer: Ech mengen, mir schléissen den éischten Deel vun der Emissioun “Riicht eraus” da mat där do Ausso. Et geet elo weider direkt mam Noriichteniwwerbléck.

[Noriichteniwwerbléck vum Gil Goebbels]

Mick Entringer: An Dir sidd nach ëmmer ageschalt an der Emissioun „Riicht eraus“. Invitéen haut si bei eis de Claude Meisch, Minister fir Educatioun, Kanner, Jugend an Héichschoul an de Staatssekretär am selwechte Ministère, den André Bauler.

Wéi am Noriichteniwwerbléck héieren, gëtt et e weideren Dysfonctionnement beim Staat, mir wollten da vläicht och fir dës zweet Halschent ze lancéieren op déi doten Aktualitéit zeréckkommen. Zanter 48 Méint ass een héije Beamten am Grad E8 aus dem Héichschoulministère net méi op senger Aarbecht gesi ginn an et krut awer weiderhi säi Salaire ausbezuelt, dat schreift de Moien d'Tageblatt. Wat ass dat fir eng Geschicht?

Claude Meisch: Jo déi Fro stellen ech mir natierlech och. Ech kann Iech eigentlech elo nëmmen dat dote confirméieren, datt zanter 4 Joer do eng Persoun bezuelt gëtt vum Staat, déi offensichtlech néierens geschafft huet. Ech hunn op jiddwer Fall kee begéint deen e gesinn huet, an et ka mir kee soe wat fir eng Aufgab datt déi Persoun géing momentan iwwerhuelen.

Wat mech wonnert, dat ass, datt wou en neie Minister, en neie Staatssekretär fir dee Ressort do zoustänneg ginn ass, déi Persoun sech och net gemellt huet fir mol ze froen, hei wat maacht Dir gäre mat mir? Dat si jo awer ëmmerhi lo 2 Méint hir. An et kann och kee mir richteg erkläre wéi dat doten zustane komm ass. Ob et do en Arrangement ginn ass, datt gesot ginn ass, bleif doheem, mir brauchen dech hei net; ob probéiert ginn ass vläicht en an anere Verwaltunge sënnvoll ze beschäftegen.

Et ass effektiv nach eng Persoun déi e relativ héije Salaire huet, sou datt ech awer mengen, datt de lëtzebuerger Staat net einfach ka soen, wann och vläicht mol eng Kéier Problemer waren, du kënns lo net méi schaffen. Mä da muss ee kucke wéi een déi Qualitéite vun där Persoun aneschters kann asetzen.

Ech hoffen, datt ech déi Persoun d'nächst Woch wäert begéinen an e bësse méi Opklärung wäert kënne kréien. Ech wäert awer grad esou och beim Minister vun der Fonction publique eng Note froen, wat d'Méiglechkeete lo sinn an d'Alternative sinn, wéi mir elo kënnen aktiv als Staat doropper reagéieren. Well et ass op jiddwer Fall eppes wat jo, grad an dësen Zäite wou mir musse Spuerefforte maachen, net hinzehuelen ass. A mir sinn am Gaangen um Budget 2014 ze schaffen, an do streide mir ëm all Posten, an da kann et wierklech net sinn, datt Leit mat deem dote Salaire, jo, doheem sëtzen, oder soss anzwousch ronderëmschwiewen.

Mick Entringer: Et fält awer op, datt och mat de rezenten Disziplinarverfahren déi an d'Ëffentlechkeet komm sinn, bis ewell virun allem fréier, oder och exklusiv fréier CSV-Ministèrë vun Onregelméissegkeete viséiert sinn. Sief dat den Tourismusministère, oder mat der Militärmusek de Verdeedegungsministère, oder och lo den Héichschoulministère. Dat ass schonns opfälleg. A fréieren, zum Beispill, LSAP-gefouerte Ministèrë ginn et keng weider Dysfonctionnementer.

Claude Meisch: Ech wëll dat do lo net kommentéieren. Mir sinn hei konfrontéiert mat där doter Situatioun, den André Bauler an ech. Et ass lo net, datt mir all Dag lo Auditeur do spillen an probéiere wéi ee Spürhond duerch d'Ministèren ze lafen an ze kucken iergendeppes ze fanne wat net richteg gelaf ass. Mir hunn dat dote vun engem anere Beamten, vun engem héije Beamten erkläert kritt d'lescht Woch. Ech hunn nach gëschter de Regierungsrot doriwwer informéiert a mir musse lo kucken, wat waren d'Beweggrënn, fir datt mir an déi dote Situatioun komm sinn, a wat sinn d'Méiglechkeete fir de Staat, deen awer hei 4 Joer laang eng héich Pai bezuelt huet, ouni datt en eng Géigeleeschtung do kritt huet, fir déi Saach do kloer ze stellen.

D'CSV hat vill Ministèrë virdrun. Et ass och vläicht statistesch bedéngt, datt da mol, wann 2-3 Saachen innerhalb vun e puer Wochen opgetaucht sinn, datt dat aus CSV-Ministèrë war. Mä et ass op jiddwer Fall net, datt mir soss näischt ze dinn hätte wéi Auditeur do ze spillen an d'Feeler vun eise Virgänger iergendwéi un d'Dagesliicht ze bréngen. Dat doten dat ass vum selwe lo zum Virschäin komm.

Mick Entringer: Deen heite Fall jo. Et gesäit awer e bësselchen aus vläicht, wéi wann d'Koalitioun eng Kommunikatiounscampagne géif fuere fir d'CSV, d'CSV-Beamten eventuell ze schwäerzen, fir selwer dann als Saubermänner do ze stoen. Dir sidd jo ugetruede mam Usproch fir Transparenz, Rechtsstaatlechkeet, an dat ass awer e Schoss deen och no hanne kéint lassgoen.

Claude Meisch: Dir hutt lo gesot, CSV-Beamten. Ech kennen déi Persoun hei net. Ech weess net, ob dat een CSV-Beamten ass.

Mick Entringer: CSV-Ministère an dësem Fall dann.

Claude Meisch: An engem CSV-Ministère, jo.

Hei ass eppes falsch gelaf, wou, mengen ech, et jiddwerengem aliicht, datt dat doten net ka sinn. Do ass et dat Normaalst vun der Welt, datt eng nei Regierung higeet a seet, dat doten hätte mir gär kloergestallt a mir verstinn och gäre wéi déi Situatioun do konnt entstoen. An all aner Interpretatioun dovunner iwwerloossen ech ganz gären Iech, oder der Press, oder der Ëffentlechkeet. Mä mir probéieren hei, jo, eise Stall propper ze halen an dat ass eis Flicht.

Mick Entringer: Politik mécht een net ouni Suen, a grad an de Beräicher Schoul a Betreiung sinn am Koalitiounsaccord wichteg, begréissenswäert, awer zimlech deier Mesuren ugekënnegt. Wann ech mol opzielen: nei pädagogesch Usätz, neit Material, d'Reform vun der Ausbildung an d'Weiderbildung fir d'Personal, differenzéierten Unterrecht, fréi Sproocheförderung, Monitoring, Professionaliséierung vun de Programmkommissiounen, Schouldirektiounen, Eegnungstester fir Secondaires-Enseignanten, duebel Alphabetisatioun, op d’mannst als Projet undenken, d'Reform vun der Educatioun différenciée, den Ausbau vun de multiprofessionellen Equipen an den Ausbau och vun der École de la deuxième chance.

Dat kascht alles, an ech ginn dovun aus, datt dat vill kascht, mä dobäi soll och dann awer Äre Ministère déi 10% aspueren, dat ass jo d'Regierungsvirgab fir all Ministèren. Wéi soll dat goen?

Claude Meisch: Et muss een do och differenzéieren. Et ass effektiv gewënscht vun der ganzer Regierung, datt d'Fonctionnementskäschten an all de Ministèren ëm 10% lo fir de Budget 2014 sollten erofgoen.

Da muss ee kucken, wat sinn d'Fonctionnementskäschten. Dat sinn dann déi berühmten Bicen déi kaf ginn, mä natierlech och vill aner Saachen. Do hu mir eng Rei vun Efforte gemaach. Mir hu se nach net am Detail chiffréiert, et lafen och nach eng Rei vun Diskussiounen déi mir mam Finanzministère elo d'nächst Woch musse féieren, en Vue vum Budget 2014. Do mengen ech ass e gewëssene Spillraum dran.

Wat awer och kloer muss sinn, an dat gëllt net nëmme fir de Beräich vun der Educatioun an der Enfance an der Jeunesse oder der Héichschoul, mir mussen de Leit och erklären, firwat wëlle mir spueren. Et geet net nëmmen dorëms fir ze spueren, dach, dat musse mir maachen, mir mussen de Rimm méi enk schnallen, dat ass ganz kloer. Mir hunn e grousse budgetäre Problem, deen doranner läit, datt wa mir d'Politik net änneren, datt mir 2015 en Defizit vun 1,5 Milliarde wäerten hunn, bei engem Budget vun 13 Milliarden. Dat kann dëst Land sech hei net op Dauer erlaben.

Mir mussen awer och kloermaachen, firwat datt mir wëlle spueren, nämlech fir och aktiv Politik an aneren Domainer kënnen ze gestalten, an notamment eben d'Zukunftsgestaltung och am Beräich vun der Educatioun a vun der Kannerbetreiung ze maachen.

Elo wësse mir och, datt Lëtzebuerg e Land ass wat nach ëmmer eng ganz dynamesch demografesch Entwécklung kannt huet. Mir hunn och ganz vill Immigratioun gehat iwwert déi leschte Joeren, déi net ofräisst eigentlech – et gëtt eis gesot, datt am Beräich vum Secondaire sou vill Kanner, Schüler bäikommen an engem Joer, datt dat quasi een neie klenge Lycée géing fëllen. Mir hunn also méi Aufgaben ze erleedegen, well mir méi Kanner an de Schoulen hunn, well mir och d'Betreiung nach wëllen ausbauen, och d'Kannerbetreiung wëllen zwar gratis maachen, dat ass wouer. An, jo, dat ass och e Choix vun dëser Regierung.

Ëmsouméi ass et awer wichteg, datt mir dofir kucken, wou kënnt dat Geld dann hier, an et dann nach eng Kéier vläicht richteg opdeelen.

Mick Entringer: Dat heescht, et kann een dovun ausgoen, datt Dir och intern lo mol kuckt, wou kënne mir spueren, wéi Dir kënnt intern ëmschichten déi Suen déi Dir aspuert, datt Dir déi dann eben op aner Poste verdeelt, ouni datt lo ënnert dem Stréch herno Äre Ministère dann 10% effektiv manner Sue géing ausginn.

Claude Meisch: Et ass ganz schwéier an der Educatiounspolitik eben 10% insgesamt manner auszeginn, wann ee vu Joer zu Joer sou vill Prozent méi Schüler huet. Dat brauch ee méi Enseignanten, oder et géing herno op d'Qualitéit vum Enseignement goen. Da wësse mir awer, datt mir herno Ausgaben am Chômage hätten, an der Sozialhëllef hätten, an dat wär sécherlech och keng durabel Politik.

Mir maache gären eng durabel Politik, an dofir wëlle mir jo ganz fréi och usetzen, dofir hu mir ënnert anerem och d'Kannerbetreiung hei mat an de Ministère integréiert, fir datt mir och do kënnen d'Kanner scho stäerken, éier se eigentlech an d'Schoul kommen.

Mä mir mussen och an der Educatioun den Euro 2 Mol ëmdréinen. Mir mussen och do kucken, wéi kënne mir mat manner Geld vläicht besser Politik maachen. A mir probéieren natierlech alles drun ze setzen, datt mir déi Spuermesuren déi mir mussen huele fir Spillraum ze hunn, wéi Dir sot, fir an der Educatioun erëm direkt ze reinvestéieren, awer och fir natierlech eise Bäitrag zur Budgetssanéierung insgesamt kënne bäizedroen, datt mir dat net sou maachen, datt et herno op d'Käschte vun der Pädagogik geet, op d'Käschte vun de Kanner geet, [gëtt ënnerbrach]

Mick Entringer: Et ass jo grad do wou Dir wëllt innovéieren, an dat kascht.

Claude Meisch: Dat kascht, jo. Mir mussen awer och dann e Choix vläicht treffen. Dir wësst, an ech hunn dat oft gesot, och nach an Zäite wou ech an der Oppositioun Responsabilitéit gedroen hunn: wann et ëm Kanner geet, da muss ee vläicht manner Geld verdeelen un d'Elteren a vläicht méi Geld a Sachleeschtungen, an eng gutt Ausbildung, an eng Schoul, an eng performant Kannerbetreiung, eng qualitativ héichwäerteg Kannerbetreiung investéieren.

D'Familljeministesch, d'Madame Cahen, ass jo am Gaangen, huet jo ugekënnegt doriwwer nozedenken, dorunner ze schaffen, wéi een d'Kannergeld eigentlech aneschters och kéint strukturéieren. An op där anerer Säit, jo, da féiert dat vläicht dozou, datt eng Famill manner Geldleeschtung kritt wéi dat vläicht an der Vergaangenheet de Fall war, mä datt mir dofir awer besser Sachleeschtungen, eben eng gutt an eng wäertvoll, eng pädagogesch wäertvoll Kannerbetreiung kënnen ubidden.

Mick Entringer: Zum Spueren nach ganz kuerz: wa mir lo just um Niveau vun de Schoule kucken, et si verschidde Schoulen déi hunn elo scho finanziell Schwieregkeete fir iwwert d'Ronnen ze kommen. Et ass jo schonn iwwert déi lescht Joeren zimlech agespuert ginn, an do si Limiten erreecht.

Claude Meisch: Jo an neen. Sécherlech muss een och kucken, datt de Spuereffort och tëscht de Schoulen gerecht ass. An et muss een och ëmmer erëm kucken, datt déi eng Schoul net däitlech méi Moyene kritt wéi aner Schoulen.

Mick Entringer: Et huet och net all Schoul dee selwechte Besoin, well en net déi selwecht Populatioun huet.

Claude Meisch: Et huet net all Schoul dee selwechte Besoin. Et geet jo do ëm Budgeten, zum Beispill am Secondaire geet et ëm Budgete wat den Ënnerhalt vun de Gebaier ubelaangt. En neit Gebai brauch vläicht nach net sou vill Ënnerhalt am Ufank wéi vläicht e Gebai wat schonn 30, 40 oder 50 Joer um Bockel huet, an éischter eng Rei vu Boboen huet. Mir hunn awer och gemierkt, datt eng Rei vu Lycéeën notamment nach Reserven hunn, an an Zäite wéi deenen heite muss een awer och kucken, datt mat deene Reserve mol fir d'alleréischt geschafft gëtt, éier een de Staatsbudget weider wëll belaaschten.

André Bauler: Wou op jiddwer Fall net däerf gespuert ginn, fir dat nach just bäizefügen, dat ass awer bei de Schoulinfrastrukturen. Mir brauchen do lo keng Paläst, mir brauche fonctionnéierend Schoulinfrastrukturen. Mä do wou awer de Besoin démographique et verlaangt, muss ee jiddwerfalls Akzenter setzen, an alle Landesdeeler. A mir wëllen och ganz kloer un där do Politik festhalen, fir datt déi Schoulinfrastrukturen déi versprach sinn, déi och schonn an der Chamber gestëmmt sinn, ech denken do un de Klierfer Lycée, datt déi Schoulinfrastrukturen och an där Zäit déi lo kënnt realiséiert ginn.

Mick Entringer: Mir komme vläicht lo méi op den Inhalt, op de schoulpoliteschen, op pädagogesch Inhalter ze schwätzen. Wann Dir dat wëllt ëmsetze wat sou am Regierungsprogramm ugekënnegt ass, da kommt Dir wuel net dolaanscht verschiddene Leit op d'Féiss ze trëppelen, eben och den Enseignanten. Dës Woch hat d'Enseignantsgewerkschaft APESS eng Pressekonferenz ginn, wou den APESS-President Daniel Reding e Roundup gemaach huet vun der Gewerkschaft hire schoulpolitesche Positiounen, déi an enger Entrevue mat Iech och beschwat gi sinn. Hei den Daniel Reding:

Daniel Reding (O-Toun): Dann d'Formation professionelle, ech mengen, do gëtt et lo och näischt fundamental Neies wat mir Iech zielen. Ech mengen, mir hu wéi all déi aner Gewerkschaften och op deen inextricabele Chaos opmierksam gemaach. Mir hoffen, datt déi nei Regierung elo, déi nei Equipe elo dat doten an d'Hand hëlt.

Wat de Sproochenunterrecht ubelaangt, hu mir nach eng Kéier eise Refus cathégorique vum CECR, also wat d'Inscriptioun vun deem an d'Gesetz ubelaangt, duergeluecht.

Wat d'Formation de base ubelaangt fir Proff ze ginn, dat ass d'Formation initiale, do hu mir insistéiert, datt mir gären eng wëssenschaftlech Basisformatioun hätten a keng didaktesch, dofir ass de Stage do. Chaque chose en son temps.

Dann, Autonomie vun de Lycéeën, do ass d'Procédure de mutation nach eng Kéier ugeschwat ginn. Et stëmmt, datt d'Anciennetéit vläicht lo net ëmmer dee beschte System ass, mä mir mengen, datt et vun alle schlechten deen am mannste schlechten ass. Well alles anescht riskéiert erëm eng Kéier zu Paltongszéierei ze féieren.

An dann d'Reform vun der Fonction publique, an dofir hu mir et am Suspens gelooss bis haut, mir hunn dem Minister Meisch och schonn eise Wëllen offe geluecht fir eben op déi 0,9% respektiv 2,2% ze verzichten, en contrepartie vum Retrait vun deem onméigleche Bewäertungssystem an allem wat nach do ronderëm drun hänkt.

Voilà, dann hu mir nach musse kuerz schwätzen iwwert d'École de la deuxième chance, wou anscheinend d'demokratesch Strukturen guer net respektéiert géife ginn, déi och riskéiert e bësselchen auszeaarten an Richtung Neie Lycée, wann dat stëmmt wat mir zougedroe kruten.

Mick Entringer: Voilà, dat sinn lo einfach e puer Themeberäicher wou d'APESS, an hei hutt Dir den Daniel Reding, de President vun der Enseignantsgewerkschaft héieren, sech positionéiert huet. Ech géing vläicht 2 Punkten do erauspicken. Dat Eent dat ass déi pädagogesch Ausbildung, wou Dir lo héieren hutt, déi am Fong d'Enseignanten net wëlle fir de Secondaire. Si wëlle virun allem eben hir Fachausbildung a sech op déi konzentréieren. Dat ass elo mol d'APESS déi sech sou positionéiert. An dat Anert ass de Bewäertungssystem. Vläicht als éischt zur pädagogescher Ausbildung. André Bauler?

André Bauler: Jo, nach eng Kéier zum Stage pédagogique. Ech mengen, ech hat et am Ufank widderholl, wat eis immens wichteg ass, dat ass, datt mir en Institut schafen, wou och zur Zäit intensiivst dru geschafft gëtt, en Institut schafen, wou mir, wa mir de Postprimaire huelen, d'Professeren op hire Beruff virbereeden. Op hire Beruff, dat ass näischt aneschters wéi d'Situatiounen, déi ënnerschiddlechst Situatiounen déi sech an engem Klassenzëmmer kënne presentéieren, an engem Klassesall, oder innerhalb vun der Schoulgemeinschaft.

Dat sinn natierlech Situatiounen déi hu mam Fach ze dinn engersäits, mä déi ginn awer och iwwert d'Fach eraus. An den Enseignant preparéieren op d'Schoul, op d'Situatioun am Klassesall oder an der Schoulgemeinschaft, dat ass eppes enorm Wichteges, well haut de Métier sech an enger ganz neier Welt exerzéiert.

Mir liewen net méi an der Welt vum 20., mä vum 21. Jorhonnert. Do hunn d'Schüler och ganz aner Bedierfnesser. D'Schüler hu sech och duerch ënnerschiddlech Ursaache verännert, hu ganz aner Demanden a mir mussen an deem Sënn den Enseignant doropper preparéieren, fir en net alleng ze loossen.

Also d'Fach, dat ass eng Condition nécessaire, déi ass evident, do huet den Här Reding vollkomme Recht. Doriwwer eraus awer brauche mir eng initial Ausbildung, eng Grondausbildung, déi op didakteschem Plang, methodologeschem Plang an och transversale Plang, wann een un transversal Kompetenzen denkt, d'Strooss hält. Déi wierklech op déi konkret Situatioune, Bedierfnesser vor Ort och ka reagéieren. An dat ass jo e grousse Chantier dee mir am Kontext vun deem Institut do wëlle beakeren.

Mick Entringer: Dir hutt jo och vun deenen Eignungstester geschwat, se sinn och evoquéiert am Regierungsprogramm, dat heescht, dat ass awer just fir den Enseignement secondaire, datt een deen interesséiert ass um Beruff, datt en als éischt awer mol e Genre Test a vläicht och e Stage mécht, ob en iwwerhaapt dofir gëeegent ass. Wou ee sech och froe kann, ob dat net och sënnvoll an der Grondschoul wär. Dat ass awer zum Beispill ee Punkt wou ee sech ka virstellen, wou ee sech herno mat den Enseignantsgewerkschafte kéint an den Hoer leien.

André Bauler: Mir hunn ëmmer gesot, datt deen Eignungstest eppes Fakultatives ass. Een deen zum Beispill Physik studéiert oder Mathematik studéiert an dee sech fir de Beruff vum Enseignant interesséiert, ka gär sou en Eignungstest maachen. Mir kënnen en Eignungstest virgesinn [gëtt ënnerbrach]

Mick Entringer: Dat do verstinn ech lo net.

André Bauler: Mir kënnen awer och e Schnupperstage virgesinn, wéi mir e schonn haten. Dat heescht, e Stage während dem Studium als Physiker, als Germanist oder wéi och ëmmer, wou een éischt Kontakter am Lycée, an der Schoul kritt. Also déi zwou Variante si méiglech. Mä jiddwerfalls, den Eignungstest war eng Propositioun déi mir während dem Wahlkampf gemaach haten.

Mick Entringer: Dat heescht, Dir hutt Iech nach net positionéiert? Dat Eent dat wär jo éischter, da géing een dem Enseignant oder dem zukënftegen Enseignant iwwerloossen, ob dat him gefält oder net. An dat Anert ass, do géing awer eng Instanz vu bausse kucken, ob e gëeegent ass, oder net?

André Bauler: Jo, hei war et am Fong geholl sou geduecht. Mir hunn einfach gesot, en Eignungstest, wann e soll fakultativ sinn, soll eng Indikatioun ginn ob ee wierklech dofir gëeegent ass oder net. Duerno kënnt jo zwar nach ëmmer de Stage pédagogique. An et ass am Kader vum Stage pédagogique wou ee jo och nach Munches ka léieren. Dat heescht an anere Wierder, wann ee vu vir era schonn indiquéiert kritt, datt et ganz, ganz schwiereg gëtt, da wäerte wuel déi Meescht soen, et huet kee Wäert an d'Richtung vun engem Stage pédagogique ze goen. De Stage pédagogique ass awer déi Formatioun wou sech lues a lues entscheet, ob ee fir de Metier gemaach ass oder net. Mä den Eignungstest kann awer eng éischt Indikatioun ginn.

Mick Entringer: Dann de Punkt vum Bewäertungssystem, dee jo ganz onerwënscht ass, och bei den Enseignanten. Wat sot Dir dozou, Claude Meisch?

Claude Meisch: Jo, ech war jo bis elo kee fanateschen Unhänger vun deem Bewäertungssystem a vun där Reform an der Fonction publique wéi se vun der leschter Regierung nach ënnerschriwwe ginn ass mat de Gewerkschaften.

Ech gesinn och hei lo nach eng Kéier besonnesch d'Schwieregkeet, datt dat wat generell fir d'Fonction publique gëllt – wou ech soen, datt ech do kee Problem hunn datt e Prinzip vun der Bewäertung do agefouert gëtt, well dee gëllt fir d'ganz Gesellschaft, da muss en och fir den Domaine vun der Fonction publique eigentlech gëllen – mä datt dat wat do festgeschriwwe ginn ass, datt dat nach eng Kéier méi schwéier eigentlech an der Educatioun ëmzesetzen ass. Do gëtt et awer eng Rei vun Ofmaachungen, wéi et soll ëmgesat ginn.

Generell huet d'Regierung gesot, datt mir eis un de ganze Package wéilten halen, mat all sengen Aspekter. Mir sinn awer lo konfrontéiert mat engem Avis vum Staatsrot, dee jo iwweraus kritesch ass, wat ech verstinn. An do musse mir an der Educatioun, awer och zesumme mam Minister vun der Fonction publique kucke wéi mir op déi vill Oppositions formelles do reagéieren. An ech hoffen, datt mir den Text herno an deem Sënn nach e bësse verbessert kréien, datt dee Bewäertungssystem an d'Aart a Weis wéi mir doduerch eis och mussen organiséieren an de Schoulen, datt mir dat schoulgerecht kënne maachen, an datt mir et virun allem sou maachen, datt et och wierklech eppes bréngt.

Meng Haaptkritik par rapport zu dem Bewäertungssystem dat war bis elo, datt mir eng grouss Apparatur do opriichten, wou am schlëmmste Fall herno eigentlech een en Avancement ëm 6 Méint ka retardéiert kréien. Dat ass eigentlech déi schlëmmste Sanktioun déi noutwenneg ass. Do hunn ech ëmmer gesot, datt den Opwand par rapport zum Resultat disproportionéiert ass. An ech hoffen, datt mir dat nach e bëssen an déi besser Richtung gedréckt kréien, och am Interessi vun den Enseignanten, vun der Schoul.

Mick Entringer: Ee Problem ass jo och, datt alt mol gesot gëtt, datt wann een e schlechten Enseignant huet, dee gëtt een ni lass.

Claude Meisch: Jo, ech muss soen, dat ass an der Fonction publique och net grad esou. Do muss een och Courage hunn heiansdo dann, als politesch Responsabelen, awer och als Direkter vun enger Schoul zum Beispill, oder als Schoulinspekter, dann och kloer ze dokumentéieren, datt en Enseignant sengen Ufuerderungen déi un e gestallt sinn net gerecht gëtt. An da muss dat dokumentéiert sinn an dat muss grad sou herno och zu disziplinaresche Moossnamen, no deene selwechte Prozedure wéi se ebe generell an der Fonction publique üblech sinn, muss dat kënne weidergoen.

Heiansdo huet een d'Impressioun, datt do och e bëssen ewechgekuckt ginn ass. Dat mengen ech ass sécherlech net am Interessi vun der Saach. Schoul ze halen ass en extrem schwierege Beruff an et gëtt haut extrem vill vun der Schoul a vun den Enseignanten och verlaangt. Mir mussen, an dat huet den André Bauler ënnerstrach, mir mussen d'Enseignante stäerken, och iwwer Weiderbildung. Mir mussen och Plazen hu wou den Enseignant, wann e selwer mierkt, datt en déi eng oder déi aner Fro vläicht u sech selwer huet, wou en d'Äntwerten nach net all fënnt, datt e weess, wouhinner datt en domatter geet. Mä natierlech muss en och seng Aarbecht maachen, a wann e se net mécht, da muss och een do sinn dee seet, datt dat net geet. 

Mick Entringer: Komme mir op ee ganz wichtege Punkt ze schwätzen, deen eben och mat eisem méi spezifeschen Echec scolaire zu Lëtzebuerg ze dinn huet, an dee queesch duerch all déi verschidden Altere geet, dat ass de Sproochenenseignement.

Et ass gewosst an et gëtt Konsens doriwwer, datt ee groussen Deel vun eisem Echec scolaire eben doropper zeréckzeféieren ass, op wéi eis Sproochen hei enseignéiert ginn. Et ass baséiert eben op eng Lëtzebuergesch-sproocheg Populatioun, an déi huet ebe geännert déi lescht 10-15 Joer; an datt virun allem Leit déi echouéieren och e Migratiounshannergrond zu Lëtzebuerg hunn.

Dir setzt op Differenzéierung beim Sproochenunterrecht. Dat ass jo och e Punkt wou Dir wahrscheinlech mat Enseignantsgewerkschafte kéint unecken. Notamment den Enseignement classique, sou wéi en am Lycéesreformprojet lo virläit, gesäit jo net eng grouss Differenzéierung vir. Wéi wëllt Dir lo déi Sproocheproblematik, a kuerze Wierder, am Enseignement ugoen?

Claude Meisch: Fir d'alleréischt mol hunn ech do awer d'Gefill, datt mir do de Lëtzebuerger Virus vum Lamentéieren um Wierk gesinn. Mir lamentéieren alleguerten hei iwwert eis Sproochesituatioun, eis Sproochekompetenzen déi wieren erofgaangen, dat wier net méi sou wéi fréier.

Ech war dës Woch nach mat mengem Homolog aus dem Saarland, dem Minister Commerçon zesummen. Dee kuckt mat groussem Virwëtz op Lëtzebuerg an dee freet mech: “Wéi maacht Dir dat doten.” Well d'Saarland, dat hutt Dir vläicht héieren, och sech op de Wee wëll maachen hin zur Zweesproochegkeet, Däitsch a Franséisch an all hiren Ausbildungsweeër. Am Ausland gi mir nach ëmmer eigentlech als positiivt Beispill och duergestallt.

Mick Entringer: Do gëtt net vun eisem Echec geschwat.

Claude Meisch: Et gëtt net vun eisem Echec geschwat. Mir hunn natierlech eng schwiereg Situatioun, dat ass ganz kloer. Mir hunn eng Situatioun déi eemoleg ass.

Am Grousse Ganzen, ech vereinfachen lo e bëssen, schwätze mir doheem zwou Sproochen am Land, dat ass nach ëmmer Lëtzebuergesch an et ass zum ganz, ganz groussen Deel awer och mëttlerweil Portugisesch. A mir hu méi Kanner déi lo an d'Schoul kommen, déi an de Précoce an an de Préscolaire kommen, déi doheem kee Lëtzebuergesch méi schwätzen. A mir enseignéieren op 2 Sproochen, dat sinn awer 2 aner Sprooche wéi déi déi doheem geschwat ginn, dat ass op Däitsch oder op Franséisch.

Dir fannt mir lo kee Land wou eng identesch Situatioun huet a wou mir eis kéinten inspiréiere goen, wéi mir dann do de Sproochenunterrecht géinge vun der Alphabetiséierung bis eben erop op 13ième, op 1ière a weider op den Héichschoulen, wéi mir dat kéinte maachen.

Dofir hu mir an eisem Koalitiounsaccord eng ganz Rei vu Pisten opgezeechent. Dat ass zum Beispill eng alternativ Alphabetisiséierung, op Franséisch oder bilingue. D’Iwwerleeung och nach eng Kéier ze féieren, ass et gutt, datt mir am éischte mat liesen a schreiwen am Däitschen ufänken, an dann duerno am zweete Schouljoer mat liesen a schreiwen am Franséische weiderfueren? Wär et do net besser mol Franséisch ze schwätze fir d'alleréischt, ier een och géing schreiwen?

Ech gi ganz gären zou, datt ech do nach net ganz derduerch gesinn, an datt ech nach keng Wonnerléisung fonnt hunn. An ech géing gären, éier mir, an dat steet och an eisem Koalitiounsaccord, éier mir do probéieren, well mir wëlle Pilotprojete maachen an dëser Legislaturperiod an deem doten Domaine, wierklech nach eng Kéier studéieren an d'Wëssenschaft mat erunzéien, well eis Situatioun sou spezifesch ass. Ech hunn och festgestallt, datt d'Uni Lëtzebuerg sech eng Kompetenz do ugëeegent huet an opgebaut huet an de leschte Joeren, wann et ëm d'Sproochesituatioun hei zu Lëtzebuerg geet, an [gëtt ënnerbrach]

Mick Entringer: Do misst nach vill méi investéiert ginn, fir datt een dat wierklech esou eise Besoinen, de lëtzebuerger Besoinen entspriechend wierklech kéint am Fong analyséieren.

Claude Meisch: Ech mengen, datt do schonn e Kär vu Kompetenz wierklech entstanen ass, op dee mir mussen opbauen an dee mir eis als Education nationale dann och mussen zu eege maachen, wa mir op de Wee vu Reformen do wëlle goen.

Déi grouss Chance, a mengen Aen och wat d'Sproochekompetenzen ubelaangt an d'Léiere vun de Sproochen, ass déi nächst 5 Joer, nach eng Kéier, datt mir Enfance a Jeunesse oder d'Kannerbetreiung integréiert hunn an den Educatiounsministère. Well all Wëssenschaftler seet, datt d'Sproochen een am einfachste léiert wann een éischter domatter ufänkt. A wann ee schonn, och éier een an d'Schoul kënnt, also éier een 3 Joer huet, mol scho mat e puer Sproochen a Kontakt komm ass, dann ass dat eppes wat ugeluecht ass, wat engem duerno och am 1. 2. 3. Schouljoer an iwwert seng ganz schoulesch Carrière kann enorm vill hëllefen.

Do geet et ëm d'Fro, wat ass de Stellewäert vun dem Lëtzebuergeschen an der Schoul, selbstverständlech. Déi hale mir gär bäi als Ëmgangssprooch, dat ass den Integratiounsfacteur par excellence zu Lëtzebuerg. Et ass och eng enorm Integratiounsleeschtung déi mir iwwerhaapt do fäerdegbréngen, déi mir als lëtzebuerger Schoule fäerdeg bruecht hunn, datt jiddwereen deen aus där Schoul erauskënnt hei zu Lëtzebuerg, datt dee Lëtzebuergesch schwätzt. Dofir mengen ech hu mir mat engem enorm héijen Auslännerundeel bei Wäitem net déi Problemer hei zu Lëtzebuerg, wéi mir se aus anere Länner och kennen.

Ech denken awer och, datt mir eben do nach méi staark differenzéiere kënnen, an de Crèchen zum Beispill schonn.

A mir musse jo net nëmmen eent beliichten, datt d'auslännesch Kanner Problemer hu mat eisem Schoulsystem. D'lëtzebuergesch Kanner hu se och. Mir hunn net déi Resultater am Franséischen déi mir missten hunn, wann ee kuckt wéi vill Ressourcen datt mir do dran investéieren. An och do denken ech mir, datt en éischtert Ufänke vum franséisch Schwätzen, datt dat och scho kéint hëllefräich sinn. Nach eng Kéier, d'Crèche kann do hëllefen.

Mick Entringer: Ganz kuerz, et ass zimlech spéit, ech wollt Iech awer nach 2 Froe stellen, wann Dir mir vläicht kuerz kéint doropper äntweren? Déi eng ass, iwwerhëlt dës Regierung de Projet de loi iwwert d'Qualitéit an de Betreiungsstrukturen, déi déi deemoleg Familljeministesch Marie-Josée Jacobs nach presentéiert hat?

Claude Meisch: Net tel quel.

Mick Entringer: Dat heescht, dee gëtt iwwerkuckt?

Claude Meisch: Dee gëtt iwwerkuckt, jo.

Mick Entringer: An dann nach eng Fro zur Aktualitéit: de Laurent Zeimet ass mat 66% am zweeten Tour als neien CSV-Generalsekretär um CSV Kongress de Moien zeréckgewielt ginn. De President gëtt de Marc Spautz, an hien iwwerhëlt d'Successioun vum Michel Wolter. Wéi kommentéiert Dir déi dote Besetzung? Ass do e Renouveau ze spieren?

Claude Meisch: Ech, de Renouveau hätt sécherlech méi däitlech kënne sinn, mä ech felicitéiere souwuel dem Marc Spautz wéi och dem Generalsekretär, dem Laurent Zeimet vun der CSV. Si hunn eng schwiereg Aufgab viru sech. Den André Bauler an ech, mir wësse wat et heescht Oppositiounspolitik ze maachen. Et ass och eng wichteg Aufgab an enger Demokratie. An ech hoffen, datt d'CSV sech an där Aufgab och do am Interessi vun der lëtzebuerger Demokratie erëmfënnt.

Mick Entringer: An domatter schléisse mir dës Emissioun „Riicht eraus“. Invitéë waren de Claude Meisch an den André Bauler fir den Educatiouns-, Kanner-, Jugend- an Héichschoulministère.

Dernière mise à jour