Claude Meisch au sujet des changements éventuels dans le domaine de l'éducation

Claude Meisch: Gudde Moien.

Dany Rasqué: Dir sidd zanter knapp 2 Woche Minister a scho gëtt et eng Biergerinitiativ wéinst Changementer déi d’Regierung am Enseignement ugekënnegt huet. Et geet ëm den neutrale Wäerteunterrecht dee soll agefouert ginn. Wéi reagéiert Dir dann op déi Kritiken?

Claude Meisch: Datt et och mol Kritike gëtt oder d’Leit sech wëllen abrénge wann et ëm d’Schoul geet, dat fannen ech éischter mol eng gutt Saach. Deeës war ech mir och bewosst wou ech déi Charge iwwerholl hunn.

An der Schoul ass jiddweree betraff, jiddweree kann an der Schoul, jiddweree war selwer an der Schoul, oder d’Leit schaffen an der Schoul, an d’Leit hunn hir Virstellung och wéi d’Schoul soll sinn.

Hei geet et ëm e ganz präzise Punkt wou déi nei Regierung eng kloer Ausso gemaach huet, datt mir de Reliounsunterrecht, awer och de Moralunterrecht wëllen ofschafen an duerch e Wäerteunterrecht ersetzen. Well mir einfach gesinn hunn, datt eis Gesellschaft sech geännert huet. Mir kommen aus enger Zäit eraus wou mir eng ganz kloer dominant Relioun haten am Land. Mir ginn éischter an eng Zäit eran, oder sinn et schonn eigentlech, wou mir méi Reliounen hunn, déi méi heefeg ginn, och aner Reliounen déi bäikommen déi och praktizéiert ginn. Dofir ass et vläicht méi wichteg, datt mir mat engem Wäerteunterrecht probéieren, d’Gemeinsamkeeten och tëscht de Reliounen, awer och tëscht net-reliéise philosopheschen Denkrichtunge kënnen ervir ze sträichen, fir jonke Leit vläicht de Choix ze loosse wéi si an eenzelne ganz konkrete Liewenssituatiounen op wat fir eng Wäerter datt se sech do wëlle baséieren. Ob dat reliéis Wäerter oder net reliéis Wäerter sinn. An och d’Gemeinsamkeeten, déi awer an deene Reliounen an och an aneren Denkrichtunge sollen dominéieren, fir déi ervirzesträichen, amplaz dat wat eis trennt. Dat wëlle mir maachen.

Mir sinn 2 Saachen do extrem wichteg. Dat éischt dat ass, datt dee Programm dee mir en place setzen, well deen ersetzt jo eppes wat do war, datt deen irreprochabel ass. Datt dee wierklech eng héich Qualitéit huet, an datt eigentlech och do jiddweree sech kann dran erëm fannen. Och Leit déi vläicht léiwer gehat hätten, datt d’Optioun vum Reliounsunterrecht géing bäibehale ginn, datt déi sech och an deem Programm kënnen domatter identifizéieren.

Dat Zweet dat ass, datt déi Leit déi lo do geschafft hunn, déi dat mat enormer Motivatioun gemaach hunn, déi sech och op d’Aussoe vun der Politik zanter Joerzéngte gestäipt hunn, datt dat dote vun der Politik gewollt ginn ass, datt mir déi net op der Streck do sëtze loossen, datt déi net op der Streck bleiwen, datt mir deene Brécke bauen fir an eng nei berufflech Aktivitéit eran. Ech weess, datt dat net ganz einfach wäert ginn, mä do wäerte mir eis eng Démarche mussen definéieren, déi doranner besteet fir ze kucken, wat fir eng Formatioun hunn déi Leit, wat hu se iwwert hir Beruffserfahrung eigentlech nach sech selwer ugëeegent, wat kann een iwwer Weiderbildung nach maachen? An da kucken an deem groussen Domaine deen d’Educatioun awer ass, deen och dee ganze Volet vun der Kannerbetreiung elo mat bäikritt huet, wat een do vun neien, flotten Aufgabe ka fanne fir déi Leit, wou se hir Kompetenz an hir Erfahrung och an den Déngscht vun de Kanner weiderhi kënne setzen.

Dat sinn déi 2 Punkten déi mir extrem wichteg sinn. A mir wäerten an den nächste Wochen a Méint kucke mat Acteuren och am Land driwwer ze diskutéieren, wéi mir dat konkret kënnen ëmsetzen.

Dany Rasqué: Dat heescht, wann ech Iech elo richteg verstanen hunn, et ass e Cours dee soll informéieren an duerno huet selbstverständlech a senger Privatzäit nach all Schüler de Choix wat e wëll maachen?

Claude Meisch: Absolut. An ech mengen och, all Relioun huet d’Méiglechkeet fir nach ëmmer e Reliounsunterrecht unzebidden am Land, allerdéngs dann net méi am offizielle Schoulprogramm. An datt mir iergendwou an de Gemengen an an de Schoule Raim fannen, wou dat ausserhalb vum Schoulprogramm och mol nach kann de Fall sinn, do fanne mir sécherlech Léisungen. Wichteg ass, datt mir een eenheetleche Cours hu fir d’Leit och beieneen ze féieren an net ze dividéieren. Relioun soll eppes sinn, oder de Glawen, oder och aner philosophesch Denkrichtunge sollen eppes sinn, wou mir als Mënschen éischter zesumme kommen, wéi datt mir eis trennen.

Dany Rasqué: Am Postprimär sollen d’Schüler dann en Tuteur kréie fir eng kohärent Orientatioun ze garantéieren, heescht et am Regierungsprogramm. Wéi soll dat Tutorat ausgesinn?

Claude Meisch: Dat ass ee vun deene ville Punkten déi mir nach eng Kéier musse verdéiwen, wat d’Secondairesreform ubelaangt. Eng Secondairesreform wou e Projet um Dësch läit, wou mir en Deel vun Avisen och schonn era kritt hunn, zum Deel kritesch Avisen. Mir waarden awer och nach ganz gären op den Avis vum Staatsrot, fir dann ze kucken, wou mir vläicht dann nach eng Kéier punktuell mussen nobesseren.

Den Tuteur ass een interessant Instrument fir ze kucken d’Orientatioun vun de Schüler ze verbesseren, well mir awer mierken, datt et dorunner hapert, well mir awer mierken, an der Schoul och vläicht ee muss sinn, dee sech nach e bësse méi intensiv mam Schüler ausernaner setzt, zesumme setzt, fir de Wee duerch d’Schoul kënnen ze fannen, fir och motivéiert emol eng Kéier anzegräifen. Dat soll d’Zil sinn.

Déi ganz Secondairesreform, wou den Tuteur ee klengen Deel dovunner ass, dat wäerte mir nach eng Kéier mat eenzelnen Acteure beschwätzen a kucken, wat mir vun deem bestehenden Text do bäibehalen a wou et zu eenzelne Korrekture wäert kommen. Mir wëllen op jiddwer Fall eng Secondairesreform maachen, well se och do noutwenneg ass.

Dany Rasqué: E grousse Problem ass dann de Jugendchômage. Wéi wëllt Dir d’Schüler an Zukunft besser op d’Aarbechtswelt virbereeden?

Claude Meisch: Dat ass e ganz, ganz groussen Challenge fir Lëtzebuerg. Insgesamt geet et jo hei eigentlech ëm d’Zukunftschancë vun all Schüler.

An d’Schwieregkeet besteet hei zu Lëtzebuerg doranner, datt mir eis eigentlech kaum iergendwou kënnen inspiréiere goen, well d’Situatioun zu Lëtzebuerg sou spezifesch ass. Mir hunn eng Heterogenitéit tëscht de Schüler déi enorm grouss ass. Mir hu ganz verschidde Sproochekenntnisser, mat deenen d’Schüler an d’Schoul kommen. Mir hunn dann ëmmer méi Schüler déi während hirer Schoulcarrière eigentlech an eise Schoulsystem era katapultéiert gi vu baussen, déi hir Schoulcarrière iergendwou aneschters ugefaangen hunn, oft am Portugal oder an anere Länner, dann op eemol, ouni iergend eng Virkenntnis wéi d’Situatioun zu Lëtzebuerg dann ass, an ouni Sproochekenntnisser heihinner kommen. Déi hunn et natierlech ganz, ganz besonnesch schwéier herno och am Beruffsliewen kënne Fouss ze faassen. Iwwerhaapt sech kënnen an de Schoulsystem eran ze integréieren.

Mir mussen op déi Heterogenitéit do nach besser Äntwerte fannen. Dofir sinn ech frou, datt et eis elo gelongen ass, datt mir net méi iwwer Schoul alleng schwätzen, datt mir awer och iwwer Kannerbetreiung schwätzen, an datt mir dat konnten zesumme féieren. Datt also deen Deel dee bis elo beim Ministère de la Famille war, iwwert d’Enfance an d’Jeunesse, wou jo nieft der Schoul eigentlech en zweete System opgebaut gouf, déi leschte Joeren, vu Crèchen, vu Maisons relais a villen aneren Institutiounen, datt mir och dorop kënnen zeréck gräife fir méi eng komplett Offer ze maachen.

Well et geet net nëmmen duer, de Schüler iwwert de schoulesche Wee ze förderen, mir mussen och ganz fréi heiansdo iwwert en anere Wee förderen. Dat wëll net heeschen, datt an de Crèchë mar Schoul gehale gëtt, oder datt d’Crèchë verschoult ginn, mä dat wëll heeschen, datt et och do ëm d’Zukunftschancë geet. Eng Crèche ass eben net nëmmen do fir d’Kand ze versuergen, eng Crèche ass och do fir dem Kand scho Munches mat op de Wee ze ginn, wat säi Sozialverhalen ubelaangt, wat seng Sproochkenntnisser am Alldag ubelaangt, wat em duerno an der Schoul och ganz, ganz vill kann hëllefen. Dofir sinn ech als Schoulminister frou, datt mir eigentlech elo méi Instrumenter hunn.

Dany Rasqué: Changementer ginn et dann och am Fondamental. Ënnert anerem sollen d’Kompetenze vun de Schoulpresidenten nei definéiert ginn. Wéi eng Roll solle si dann herno spillen?

Claude Meisch: Mir hu jo gesot am Koalitiounsaccord, an ech hunn dat och gesot, direkt nodeems ech zesumme mam André Bauler vereedegt gi sinn, fir déi schwiereg Aufgab hei ze iwwerhuelen, datt mir net alles wëllen aneschters maachen. An et brauch och keen ze fäerten, datt elo rëm alles géing op d’Kopp gedréint ginn. Mä mir wëlle punktuell e puer Punkten nach eng Kéier op de Leescht huelen, wou mir mierken dat doten dat gräift nach net richteg.

Dir hutt elo ee Punkt ugeschwat, wou mir mengen, datt mir nach eng Kéier mussen nobesseren, dat ass dee vun der Steierung, vun der Direktioun an de Grondschoulen. Ech wëll do net elo mech iwwert Terme vun Direkter oder President laang ausernaner setzen. Wichteg ass, datt déi Persoun déi mat der Direktioun vun der Schoul beoptraagt ass déi néideg Moyenen huet, déi néideg Kompetenzen huet. Wichteg ass awer grad esou, an dozou stinn ech och, datt dee System dee geschafe gouf zanter 2009, mat der Reform vum Fondamental, nämlech datt och d’Schoul vun ënnen erop ka gesteiert ginn, datt och d’Participatioun vum ganze Corps enseignant wichteg ass, iwwert déi Comitéen, datt dat och soll bestoe bleiwen.

Mir si ganz vill fir d’Schoulautonomie. Ech selwer sinn een deen dee Bildungskrich, dee jo heiansdo geherrscht huet, hei zu Lëtzebuerg an op villen anere Plazen, wann iwwert Schoul diskutéiert gëtt, deen deen net wëll. Well ech der Meenung sinn, datt een ka ganz gutt Schoul halen op eng Aart a Weis, déi ass vläicht fir ee Kand absolut richteg, mä ass vläicht grondfalsch fir en anert Kand oder op enger anerer Plaz. An dofir brauche mir méi Autonomie, mir brauchen och méi Diversitéit an der Schoul. An dofir musse mir och d’Schoulen, och schonn an der Grondschoul, weider an hirer Autonomie stäerken. Dat heescht, datt all Schoul mat hire lokalen Acteuren, och mat hirer Gemeng, mat hirem Corps enseignant, mat den Elteren aus der Schoul muss kënne kucken, wéi orientéiere mir eis gäre weider, datt ee sech dann op eppes gëeenegt huet, dat ass da wichteg, datt et awer och ëmgesat gëtt. An dofir mussen och eben d’Kompetenzen do si beim President fir ze kucken, ob dee Modell op deen ee sech gëeenegt huet, datt deen och kann ëmgesat ginn. Dat ass sou wéi mir et gesinn, an et ass sou wéi mir punktuell op deem dote Punkt nach eng Kéier wëllen d’Gesetz nobesseren.

Dany Rasqué: Dann eng allerlescht Fro. Eppes aneschters wat am Regierungsprogramm virgesinn ass, dat ass d’Formatioun vun den Enseignanten ze iwwerschaffen. Wat soll do geschéien?

Claude Meisch: Mir wëssen, datt d’Enseignanten de Schlëssel eigentlech sinn zum Erfolleg. International Étudë weisen, datt et manner op d’Schoulstruktur ukënnt, manner op d’Plaz wou een dann an d’Schoul geet, mä eigentlech vill méi staark nach op den Enseignant. Dofir musse mir d’Enseignanten stäerken, mir mussen hinnen de Réck stäipen op der enger Säit, mir mussen hinnen awer och den néidege Bagage matgi fir an der extrem schwiereger Situatioun wou mir zu Lëtzebuerg dra sinn, fir do kënnen ze bestoen.

Dofir muss d’Formatioun ugepasst ginn un déi Erausfuerderung déi mir haut hunn. Op d’Aart a Weis och wéi mir et gären hätten, datt haut mol soll Schoul gehale ginn. Dat ass nach net op alle Weeër ginn, souwuel am Fondamental wéi och am Secondaire.

Mir mussen och, dat gëllt besonnesch fir de Fondamental, nach eng Kéier noleeë wat Schoulmaterial ubelaangt, wat Schoulbicher ubelaangt, wou eigentlech eng grouss Fräiheet momentan geherrscht huet. Wou eng Rei vu Enseignanten déi Fräiheet positiv genotzt hunn a sech hir richteg Weeër gesicht hunn, anerer awer och ganz vill Zäit eigentlech do verluer hunn, Zäit déi se vläicht besser hätte kënnen an der richteger Preparatioun fir hire Cours oder mat de Schüler kënnen investéieren. Do musse mir also ënnerstëtzen. Iwwer Formatioun, iwwer Weiderbildung, iwwer Material wat mir zur Verfügung stelle fir den Enseignant ze stäerken.

Dany Rasqué: Claude Meisch, ech soen Iech Merci fir dës Explikatiounen.

Claude Meisch: Merci och.

Dernière mise à jour