Aktualiséiert den
Hëtztwarnung – Vigilance orange ab Freiden, den 19. Juni
Wéinst der Hëtztwarnung (Vigilance Orange), déi vu MeteoLux fir d'Period vu Freideg, den 19. Juni, bis op d'mannst Méindeg, den 22. Juni 2026, erausgi gouf, ass haut d'Cellule d'évaluation des risques intempéries et inondations (CERI) zesummekomm, fir d'Situatioun ze analyséieren.
No den aktuelle Prognose si schonn an der Nuecht vu Freideg op Samschdeg tropesch Nuechten ze erwaarden, mat Temperaturen, déi net ënner 20 °C falen. Ab Méindeg kéint déi gefillten Temperatur lokal bis zu 39 °C erreechen.
Dës Reunioun huet am Kontext vum Nationalfeierdag an de Festivitéite stattfonnt, déi an de kommenden Deeg an an der nächster Woch virgesi sinn a besonnesch Opmierksamkeet erfuerderen, virun allem bei Mënscheversammlungen an Aktivitéiten am Fräien.
D'Vigilance orange gëtt ausgeléist, wann op d'mannst fir zwee Deeg hannereneen héich gefillten Temperaturen (Duerchschnëtt vum "Universal Thermal Climate Index" (UTCI) vun op d'mannst 24 °C) virausgesot ginn, wat op eng bedeitend Hëtztbelaaschtung hiweist. Déi gefillten Temperatur berécksiichtegt all relevant Facteuren, déi zu der Hëtztbelaaschtung bäidroen: Lofttemperatur, Loftfiichtegkeet, Wandstäerkt an d'Intensitéit vun der Sonnestralung.
D'ëffentlech Autoritéiten erënneren un déi méiglech gesondheetlech Konsequenzen an un d'Verhalensreegelen, fir d'Auswierkunge vun der Hëtzt ze begrenzen.
Méiglech Konsequenzen
- Gesondheetsproblemer, besonnesch bei eelere Leit, klenge Kanner, Persoune mat chronesche Krankheeten oder psychesche Gesondheetsproblemer, Persounen, déi verschidde Medikamenter anhuele mussen, souwéi isoléiert liewende Persounen.
- Deshydratatioun oder Hëtzschlag (Symptomer: Féiwer iwwer 40 °C, waarm, rout an dréchen Haut, Kappwéi, Iwwelzegkeet, Schléiferegkeet, staarken Duuscht, Duercherneen, Krämp, Tommel).
Recommandéiert Verhalensweisen
- Drénkt reegelméisseg vill Waasser iwwer den Dag verdeelt (op d'mannst 1,5 Liter pro Dag).
- Vermeit Openthalter am Fräien (laang an direkt Sonnebeliichtung) wärend de wäermste Stonne vum Dag (11.00-21.00 Auer).
- Haalt Är Wunneng kill, andeems Dir am Dag Fënsteren, Rolllueden a Riddoen zouhaalt, a lëft an der Nuecht.
- Gitt liichten a waasserräiche Moolzechte Virrang (Uebst, Geméis asw.).
- Drot eng Kappbedeckung, wann Dir dobausse sidd.
- Drot liicht, locker an hell Kleedung.
- Beschränkt kierperlech Aktivitéiten.
- Hält Iech, wa méiglech, a killen a klimatiséierte Plazen op.
- Bleift a Kontakt mat empfindlechen a vulnerabele Persounen an Ärem Ëmfeld. Begleet si, wann néideg, op eng kill Plaz.
Bestëmmte Beruffsgruppe si besonnesch exponéiert; fir d'Aarbechtsplaz ginn et entspriechend Recommandatiounen.
Och Sportlerinnen a Sportler solle wärend de wäermste Stonne vum Dag intensiv kierperlech Ustrengunge vermeiden.
Am Fall vun engem Hëtzschlag (héich Kierpertemperatur, Kappwéi, Iwwelzegkeet, Duercherneen asw.) gëtt recommandéiert, medezinescht Fachpersonal ze kontaktéieren oder an Noutfäll den 112 unzeruffen.
Zesumme fir eis ze schützen
De Corps grand-ducal d'incendie et de secours (CGDIS) weist op déi erhéicht Gefor vu Vegetatiounsbränn souwéi vun Accidenter am Zesummenhang mat Fräizäitaktivitéiten am Fräien hin a rifft d'Bevëlkerung dozou op, sech verantwortungsbewosst ze verhalen.
Wärend der ganzer Period verfollegen d'Autoritéiten d'Entwécklung vun der Situatioun mat Opmierksamkeet. D'CERI kënnt e Samschdeg, den 20. Juni, nach eng Kéier zesummen, fir d'Situatioun nei ze evaluéieren, a wäert jee no Entwécklung vun der Situatioun informéieren.
Weider Informatiounen: www.infocrise.lu; www.lu-alert.lu; http://santesecu.lu/canicule; www.itm.public.lu
Participante vun der CERI: Héije Kommissariat fir national Sécherheet (HCPN), MeteoLux, Gesondheetsdirektioun, Corps grand-ducal d'incendie et de secours (CGDIS), Police Lëtzebuerg , Lëtzebuerger Arméi, Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend.
Communiqué vun der Cellule d'évaluation des risques intempéries et inondations