Aktualiséiert den
Enseignement secondaire a Beruffsausbildung: Chancëgerechtegkeet duerch eng erweidert franséischsproocheg Offer stäerken
Am multikulturellen a méisproochege Kontext vu Lëtzebuerg ass d'Diversifikatioun vun de Schoulparcoursen an den Unterrechtssproochen e wichtegen Hiewel, fir der Villfalt vun de Schülerprofiller gerecht ze ginn an alle Schüler déi bescht Erfollegschancen ze bidden. Parallel zum Ausbau vun den ëffentlechen internationale Schoule ginn och grouss Efforte gemaach, fir d'Sproochenoffer an de Grondschoulen a Lycéeën, déi déi national Programmer ubidden, ze diversifizéieren.
Am Fondamental spigelt sech dës Diversifikatioun an der Reform ALPHA – zesumme wuessen erëm, déi ab dem Schouljoer 2026/2027 den Elteren d'Méiglechkeet gëtt, d'Alphabetiséierungssprooch (Däitsch oder Franséisch) fir hiert Kand ze wielen. Am Lycée gëtt déi franséischsproocheg Offer ausgebaut, souwuel an den ënneschte wéi och an den ieweschte Klassen, fir der ëmmer méi diverser Schülerschaft Rechnung ze droen.
An dësem Kontext huet de Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch, de 5. Juni 2026 d'Erweiderung vun der Offer u franséischsproochege Klassen am Secondaire an an der Beruffsausbildung fir d'Rentrée 2026/2027 virgestallt.
"Andeems mir an allen Ordres d'enseignement nieft de Klasse mat däitscher Unterrechtssprooch och franséischsproocheg Klassen ubidden, erlabe mir méi Schüler hire Parcours an där Sprooch ze maachen, an där si am beschte léieren. Déi méi grouss Offer u franséischsproochege Klassen dréit domat dozou bäi, d'Chancëgerechtegkeet an de sozialen Zesummenhalt ze stäerken, wärend gläichzäiteg de Virdeel vun der Méisproochegkeet erhale bleift, deen déi lëtzebuergesch Schoul charakteriséiert", huet de Minister Claude Meisch betount.
Déi selwecht Parcoursen, déi selwecht Perspektiven
D'Sprooch, an där e Schüler sech am wuelste fillt, spillt eng wichteg Roll fir de Succès vu sengem Parcours an der Schoul. Haut schwätze méi wéi zwee Drëttel vun de Schüler doheem weeder Lëtzebuergesch nach Däitsch, wat an engem Schoulsystem, an deem Däitsch d'Haaptunterrechtssprooch ass, en Hindernis ka sinn.
An den ënneschte Klasse vum Enseignement secondaire classique (7e–5e), am Enseignement secondaire général (7e–1re) an an der Beruffsausbildung (4e–1re) ass Däitsch traditionell d'Unterrechtssprooch an de meeschte Fächer (ausser Mathematik, Franséisch, Englesch an e puer Spezialiséierungsfächer).
Fir besser op d'Besoine vun engem groussen Deel vun de Schüler anzegoen, goufen an de leschte Joren no an no Klassen agefouert, an deenen d'Unterrechtssprooch Franséisch ass. Si riichte sech u Schüler, déi d'Grondschoul zu Lëtzebuerg ofgeschloss hunn, a si applizéieren déi selwecht Programmer wéi d'Klasse mat däitscher Unterrechtssprooch. D'Léiermaterial an d'Evaluatioune sinn op Franséisch.
D'Ziler an d'Ufuerderunge vun de Sproochecoursen (Däitsch, Franséisch, Englesch...) bleiwen identesch mat deene vun de Klasse mat däitscher Unterrechtssprooch. Esou entwéckelen all d'Schüler weiderhin zolidd Kompetenzen an de verschiddene Sprooche vun der lëtzebuergescher Schoul.
Fir der ëmmer méi grousser Diversitéit vun de Schüler Rechnung ze droen, gëtt déi franséischsproocheg Offer weider ausgebaut, souwuel an den ënneschte wéi och an den ieweschte Klassen.
Franséischsproocheg 7e-Klassen an alle Regioune vum Land
Virun 2020 ware Klasse mat franséischer Unterrechtssprooch fir d'Integratioun vu Schüler, déi op Lëtzebuerg komm sinn, virgesinn. Déi éischt franséischsproocheg 7e-Klasse fir Schüler aus der lëtzebuergescher Grondschoul goufen am Schouljoer 2021/2022 agefouert. Zënterhier gouf dës Offer no an no an de verschiddenen Ordres d'enseignement ausgebaut. Ab der Rentrée 2026/2027 gëtt déi franséischsproocheg 7e an alle Regioune vum Land ugebueden. D'Offer geet vun engem op véier Lycéeën am Enseignement secondaire classique, vu sechs op 17 Lycéeën am Enseignement secondaire général a vun zwee op zéng Lycéeën an der Voie de préparation erop.
(cf. Kaart an der Annex)
Ëmmer méi franséischsproocheg Sektiounen am Enseignement secondaire général
Och am Enseignement secondaire général gëtt d'Offer u Sektioune mat Franséisch als Unterrechtssprooch progressiv verstäerkt. Ab der Rentrée 2026/2027 wäert d'Ausbildung zum Educateur am Lycée Bel-Val op Franséisch offréiert ginn. Vun den 12 däitschsproochege Sektiounen, déi ab der 4e ugebuede ginn, sinn der fënnef och op Franséisch disponibel. Vun den 20 Sektiounen, déi ab der 2e ugebuede ginn, sinn der néng op Franséisch verfügbar. Fir all dës Sektiounen hunn d'Schüler d'Méiglechkeet, hire Parcours op Däitsch oder op Franséisch ze wielen, onofhängeg vun der Unterrechtssprooch, déi si an den ënneschte Klassen haten.
(cf. Tabell an der Annex)
Däitschsproocheg Sektioune geschwënn och am Enseignement secondaire classique
D'Chancëgerechtegkeet fir all Schüler ze stäerken, heescht och, de Schüler aus dem Enseignement secondaire classique, déi sech an der däitscher Sprooch méi wuel fillen, d'Méiglechkeet ze ginn, hire Schoulparcours an den ieweschte Klassen (4e–1re) op Däitsch fortzesetzen, wou Franséisch traditionell d'Unterrechtssprooch ass. An dësem Zesummenhang gëtt zurzäit d'Aféierung vun enger Offer vun däitschsproochege Sektioune gepréift. Dës soll ab der Rentrée 2027/2028 als Pilotprojet an dräi Lycéeën agefouert ginn (Lycée classique de Diekirch, Lycée de Garçons de Luxembourg a Lycée Hubert Clément zu Esch-Uelzecht, déi och ab 2026/2027 franséischsproocheg 7e-Klassen ubidden).
Eng méi grouss Offer u Beruffsausbildungen op Franséisch
Fir d'Chancëgerechtegkeet ze verbesseren, gëtt och d'Offer vu franséisch- an engleschsproochege Beruffsausbildungen ausgebaut.
Ëmmer méi Formatioune fir den Diplôme d'aptitude professionnelle (DAP) ginn nieft der däitschsproocheger Offer och op Franséisch ugebueden. Fir d'Rentrée 2026/2027 kommen néng zousätzlech DAP-Formatiounen op Franséisch dobäi, soudatt et am Ganze 40 franséischsproocheg DAP-Formatioune gëtt (géigeniwwer 78 DAP-Formatiounen op Däitsch).
Vun den 23 däitschsproochege Formatioune fir den Diplôme de technicien (DT) sinn der fënnef och op Franséisch disponibel.
(cf. Tabellen an der Annex)
Bei de Formatiounen, déi mat engem Certificat de capacité professionnelle (CCP) ofgeschloss ginn, kann d'Unterrechtssprooch jee no de Besoine vun de Schüler Däitsch oder Franséisch sinn.
Parallel zu de franséischsproochege Formatioune gëtt och d'Offer u Formatiounen op Englesch ausgebaut. Am Schouljoer 2026/2027 ginn aacht DAP-Formatiounen an dräi DT-Formatiounen op Englesch ugebueden.
D'Diversifikatioun vun der Sproochenoffer ënnersträicht den Engagement vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, fir de Schoulsystem un d'Realitéite vun der lëtzebuergescher Gesellschaft unzepassen. Wärend d'Programmer an d'Ziler onverännert bleiwen, ginn déi sproochlech Parcoursen ëmmer méi un déi ausgepräägten Diversitéit vun de Profiller a Besoine vun de Schüler ugepasst. D'Lëtzebuerger Schoul wëll esou all Schüler déi bescht Konditioune fir Erfolleg bidden an enger ëmmer méi grousser Zuel vu Jonken erlaben, hiert Potenzial vollstänneg ze verwierklechen.
Communiqué vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend