Aktualiséiert den
Schoulfoire 2026: De grousse Rendez-vous ronderëm schoulesch a berufflech Orientatioun
Déi fënneft Editioun vun der Schoulfoire fënnt vum 19. bis den 22. Abrëll 2026 an der LuxExpo The Box um Kierchbierg statt. De grousse Rendez-vous fir schoulesch a berufflech Orientatioun riicht sech virun allem un d'Schülerinnen a Schüler aus de Cyclen 3 a 4 vum Fondamental, un d'Schülerschaft am leschte Joer vun der Primärschoul an den internationale Schoulen, souwéi un déi aus dem Secondaire. Si riicht sech och un d'Elteren an un Fachleit aus dem Educatiounsberäich.
Den Optakt vun der Schoulfoire mécht e grousse Familljendag Sonndes, den 19. Abrëll, vun 11 bis 18 Auer. Och Dënschdes den 21. Abrëll vun 13 bis 17 Auer ass d'Schoulfoire fir de Grand Public op. Den 20. an den 22. Abrëll, souwéi de Moie vum 21. Abrëll, si fir Schoulklassen reservéiert, déi fir d'Aktivitéite vun der Schoulfoire ageschriwwe sinn.
Déi ganz schoulesch Offer an eng Rëtsch interaktiv Workshops
D'Schoulfoire gëtt vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend organiséiert a versammelt Honnerte vun Expertinnen an Experten aus dem Secondaire op enger eenzeger Plaz. Esou kréien d'Visiteuren en Iwwerbléck iwwer déi ganz Bandbreet vun der schoulescher Offer. D'Eltere kënne hir Froen ze stellen an esou eng fondéiert Entscheedung treffen, wat déi schoulesch a berufflech Zukunft vun hire Kanner ugeet.
Nieft engem Iwwerbléck iwwer déi komplett schoulesch Offer bitt d'Schoulfoire och Donsenden interaktive Workshops. An néng Formatiounswelte kréien d'Kanner a Jonker en Abléck an déi verschidde professionell Beräicher a kënnen erausfannen, wat si interesséiert. Um Programm stinn och Showen a Presentatioune vun der schoulescher Offer.
Zwee Rendez-vouse fir de Grand Public
Den 19. Abrëll ass d'Schoulfoire vun 11 bis 18 Auer fir de Grand Public op. Op dësem éischten Dag kënnen d'Visiteuren en informativen an ofwiesslungsräiche Dag erliewen. E weidere Rendez-vous fir de Grand Public ass Dënschdes den 21. Abrëll vun 13 bis 17 Auer. Den Entrée fir op d'Schoulfoire ass gratis an et brauch ee sech och net fir d'Atelieren anzeschreiwen. Wärend der ganzer Foire suergt Restopolis fir d'Verfleegung.
D'Beruffer: en zentraalt Thema
D'Editioun 2026 steet ganz am Zeeche vu LuxSkills, der Finall vun der nationaler Beruffsmeeschterschaft, déi all zwee Joer stattfënnt. Bei dëser Kompetitioun ginn déi beschten Nowuesstalenter a méi wéi 25 professionelle Beräicher gesicht. D'Erausfuerderung fir d'Participanten: si hunn 22 Stonnen Zäit fir e festgeluechte Projet ëmzesetzen, dat Ganzt ënnert den Ae vun de Visiteure vun der Schoulfoire. D'Gewënner kënnen un Euroskills 2027 deelhuelen, der europäescher Beruffsmeeschterschaft, déi vum 22. bis de 26. September zu Düsseldorf stattfënnt.
E grousst Evenement, datt op sechs Piliere baséiert
- Op enger Gesamtfläch vun iwwer 17.000 m2, verdeelt op dräi Ausstellungshale vun der Luxexpo The Box an och am Beräich ronderëm d'Haaptentrée, ass d'Schoulfoire 2026 op 6 Pilieren opgebaut: De Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, d'Maison de l'Orientation an d'schoulesch Offer: op der Plaz sinn Expertinnen an Experten aus dem Educatiounsberäich. Wärend den Haaptstand vu Vertrieder vun der Maison de l'orientation an aus de verschiddene ministeriellen Departementer animéiert gëtt, sinn de Service de l'intégration et de l'accueil scolaires (SIA), de Service national de l'éducation inclusive (SNEI) an de Centre psychosocial et d'accompagnement scolaires (CePAS) jeeweils mat hirem eegene Stand vertrueden, grad esou wéi och d'Conférence nationale des élèves du Luxembourg (CNEL).
- Eng Plattform fir d'Lëtzebuerger Lycéeën: 45 Lycéeën hunn e Stand op der Schoulfoire. Si sinn all am "Lycée village" an der Hal 8 ze fannen.
- Atelieren a Showen: D'Visiteuren erwaarden Honnerte vu partizipativen Atelieren, déi verdeelt iwwert déi véier Deeg wäerte stattfannen.
- Déi néng Formatiounswelten: entdeckt all d'Formatiounen, déi a verschidde "Welten" regroupéiert sinn: Bauen, plangen a gestalten; Wëssenschaft, Technologie an Informatik; Natur an Ëmwelt; Schoul, Educatioun a Gesellschaft; Industrie a Mechanik; Tourismus, Gastronomie an Hotellerie; Konscht, Kultur a Sproochen; Ekonomie, Finanzen a Verkaf; Gesondheet an Ästheetik; An all Welt erwaarden d'Visiteuren Atelieren an Demonstratiounen, déi vu Professionellen aus de verschiddene Beräicher animéiert ginn.
- De Léierplazendag: Dënschdes den 21. Abrëll treffen sech vun 8:30 bis 14:00 Auer an den Halen 8 an 9 vun der Schoulfoire Entreprisen déi Léierplazen ubidden, a Jonker déi op der Sich no enger Léierplaz sinn zu engem sougenannten "Live-Matching". Dëst Evenement gëtt an Zesummenaarbecht mat de Beruffschamberen, der ADEM an RTL organiséiert.
- LuxSkills: all zwee Joer kënne Léiermeedercher a Léierjongen ënner 25 Joer hiert d'Kënnen an Talent wärend der Beruffsmeeschterschaft LuxSkills ënner Beweis stellen. D'Finall an de 25 Beruffssparte fënnt am Kader vun der Schoulfoire statt.
Op www.schoulfoire.lu fannt Dir de ganze Programm, e Plang, FAQs a vill aner Informatiounen zur Schoulfoire.
Communiqué vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend