En neie Léierplang fir d'Grondschoul, fir den Erausfuerderunge vun haut gerecht ze ginn

De 6. Februar 2026 hunn de Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch, an den Direkter vum Service de coordination de la recherche et de l'innovation pédagogiques et technologiques (SCRIPT), Luc Weis, den neie Léierplang fir d'Grondschoul virgestallt, dee vum Schouljoer 2026/2027 un no an no a Kraaft trëtt.

E moderniséierte Kader

De Léierplang definéiert d'Léierzieler an d'Kompetenzsockelen, déi d'Schüler um Enn vun all Léierzyklus erreeche sollen. Déi lescht ëmfaassend Iwwerarbechtung vum Léierplang geet op d'Joer 2011 zeréck. Zanterhier hu sech déi schoulesch a gesellschaftlech Realitéite staark verännert: digital Transformatiounen, Erausfuerderunge ronderëm d'Wuelbefannen, Villsproochegkeet, nei Erwaardungen am Beräich vun der Citoyennetéit a vun der Participatioun. Den neie Léierplang dréit dësen Entwécklunge Rechnung an ass gläichzäiteg en Aarbechtsinstrument fir d'Enseignanten, dat méi iwwersiichtlech a méi no un hirer deeglecher Praxis ass.

"Mat dem neie Léierplang moderniséiere mir de Kader vun der Grondschoul, ouni hir Fundamenter a Fro ze stellen. Mir präziséieren de Bildungsoptrag vun der Schoul a stäerken dat transversaalt Léieren. Mir ginn den Enseignanten en Instrument an d'Hand, dat méi kloer a méi no bei hirer deeglecher Praxis ass. Et ass eng gutt iwwerluecht Entwécklung, déi zesumme mat den Acteuren um Terrain ausgeschafft gouf, fir d'Schüler besser op d'Realitéite vun der Welt vun haut a vu muer virzebereeden", huet de Minister Claude Meisch ënnerstrach.

Eng Entwécklung, keng Revolutioun

Den neie Léierplang steet och fir Kontinuitéit: d'Fächer (Entwécklungs- a Léierberäicher), d'Niveaux socles an d'Niveaux avancés, d'Evaluatiounsprinzippien an d'Stonnepläng bleiwen erhalen. D'Zil vun der Reform ass et virun allem, de Bildungsoptrag vun der Schoul méi kloer ze definéieren. De Léierplang soll Orientéierung, Struktur an Ënnerstetzung bei der deeglecher pedagogescher Praxis bidden an d'Enseignanten besser an hirer Missioun begleeden.

Siwen transversal Thematiken

Eng vun de wichtegsten Neiheeten ass d'explizit Integratioun vu siwen transversalen Thematiken am Léierplang fir d'Schülerinnen a Schüler vun de Cyclen 2 bis 4. Dës Thematiken entsprieche grousse gesellschaftlechen Erausfuerderungen:

  • kierperlech, mental a sozio-emotional Gesondheet (Wuelbefannen, Resilienz, Präventioun vun Accidenter a Sécherheet op der Strooss);
  • sexuell an affektiv Erzéiung;
  • nohalteg Entwécklung, Ëmwelt a verantwortleche Konsum;
  • Medien, Digitales a Kënschtlech Intelligenz;
  • Wirtschaft, Finanzen a Liewensentscheedungen (Finanzen, Orientéierung, Beruffer);
  • Kultur, Konscht a Patrimoine;
  • demokratesch Citoyennetéit a Mënscherechter.

Dës Thematiken, déi schonn am Unterrecht präsent sinn, ginn elo kloer definéiert a méi systematesch behandelt. Si ginn net als eegestännegt Fach geléiert, mee ginn am Kader vun Aktivitéiten a verschiddenen Entwécklungs- a Léierberäicher ugeschwat. 36 Unterrechtsstonne si fir dës transversal Theme reservéiert.

Eng digital Plattform

Mam neie Léierplang gëtt och déi digital Plattform plandetudes.lu lancéiert. Vu September 2026 u gëtt et eng Versioun fir déi breet Ëffentlechkeet, zougänglech a véier Sproochen, fir d'Transparenz an d'Verständnis vun de schoulesche Léierziler weider ze stäerken. Zousätzlech bitt dës Plattform en eegene Beräich fir Enseignanten, mat konkrete Beispiller, pedagogeschen Illustratiounen an didaktesche Ressourcen, déi vum Service de coordination de la recherche et de l'innovation pédagogiques et technologiques (SCRIPT) ausgeschafft goufen. Weider digital Instrumenter wäerten d'Plattform no an no ergänzen.

E participative Prozess

D'Iwwerarbechtung vum Léierplang baséiert op engem breede konsultative Prozess, deen tëscht 2021 an 2025 duerchgefouert gouf. Ronn 1.200 Acteuren aus dem Educatiounssystem an aus der Zivilgesellschaft (Enseignanten, Schüler, Elteren, Gewerkschaften,...) ware bedeelegt, a méi wéi 6.000 Bäiträg goufen analyséiert. Déi grouss Orientéierunge goufen an engem Wäissbuch, dat 2023 publizéiert gouf, festgehalen a sinn am Regierungsprogramm 2023–2028 opgegraff ginn.

Eng progressiv Ëmsetzung

Den neie Léierplang trëtt fir d'Cyclen 1 an 2 ab dem Schouljoer 2026/2027 a Kraaft a fir d'Cyclen 3 a 4 vum Schouljoer 2027/2028 un. Fir d'pedagogesch Equippen ze ënnerstëtzen, ginn tëscht Februar a Juni 2026 insgesamt 16 Informatiounsversammlungen am ganze Land organiséiert.

D'Aarbecht an der Grondschoul ass Deel vun enger méi grousser Dynamik. Am Januar 2026 gouf de Prozess fir e Wäissbuch fir den Enseignement secondaire lancéiert, fir d'Moderniséierung vun de Schoulprogrammer vun der Lëtzebuerger Schoul op eng participativ a kohärent Aart a Weis weiderzeféieren.

Communiqué vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend