"Ukrainkrich" ass d'Wuert vum Joer 2022

Op d'Plazen 2 an 3 kommen "Energiekris" a "Präisdeckel".

©MENEJ Resultater vum Wuert vum Joer 2022

Krich a Kris – déi Sujeten hunn 2022 bei der Wiel vum Wuert vum Joer dominéiert. Fir d'drëtt Kéier gouf op Initiativ vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) an an Zesummenaarbecht mam Radio 100,7 an RTL Lëtzebuerg am Grand-Duché e Wuert vum Joer gesicht. Mat dësem Resultat:

  1. Ukrainkrich
  2. Energiekris
  3. Präisdeckel
  4. Klimakris
  5. Index

Wéi gouf zu Lëtzebuerg gewielt?

Vun Enn November bis den 12. Dezember konnt jidderee seng Propos fir d'Wuert vum Joer 2022 beim Zenter fir dʼLëtzebuerger Sprooch areechen – entweeder op de Walfer Bicherdeeg oder iwwer en online Formulaire. Ronn 335 Propose mat engen 170 verschiddene Wierder sinn am Zenter ukomm. Dorënner waren e sëllege Virschléi, déi just eemol genannt goufen, zum Beispill Interjektiounen (nondidjö, ojee, mega), Neologismen (fräitesten, liben, früstücken), Reenert-Wierder (mortjëft, Zwackert) a Wierder, déi wuel wéinst hirem Bedeitungsinhalt proposéiert goufen (LGBTQ, Logementspräisser, Boomerpanik, Polykris). Och dräi Wierder aus der Jugendsprooch sinn agereecht ginn: siuuu, sus a smash.

Aus der Longlist huet dʼEkipp vum ZLS eng Shortlist mat den 20 meeschtgenannte Wierder gemaach an dem Jury déi virgeluecht. Am Jury waren de Commissaire fir dʼLëtzebuerger Sprooch, Marc Barthelemy, dʼPresidentin vum Conseil fir dʼLëtzebuerger Sprooch (CPLL), Myriam Welschbillig, de Programmchef vum Radio 100,7, Yves Stephany, den RTL.lu-Journalist Andy Brücker an dʼDr. Sara Martin vum ZLS vertrueden.

An engem éischte Walduerchgang gouf dʼLëscht vun 20 op 10 Begrëffer reduzéiert, an engem zweete Schrëtt du vun 10 op 5 mam Resultat, datt Ukrainkrich als Wuert vum Joer 2022 den Nofollger ass vu boosteren (Wuert vum Joer 2021) a Corona (Wuert vum Joer 2020).

DʼArgumentatioun vum Jury

Bei den allermeeschte Propose vun de Leit huet d'Bedeitung vum Wuert méi eng grouss Roll gespillt wéi d'Originalitéit vum Begrëff. Och de Jury huet den Inhalt iwwer d'Form gesat a säi Choix esou motivéiert:

1. Ukrainkrich – dʼWuert vum Joer 2022

Den Ugrëffskrich vu Russland géint d'Ukrain huet d'Joer markéiert wéi keen anert Evenement. Dofir huet sech de Jury fir d'Zesummesetzung vum Lännernumm Ukrain an dem Substantiv Krich als Wuert vum Joer decidéiert. De Jury respektéiert domat och a grousse Linnen d'Preferenz vun de Leit: Zielt een Ukrainkrich, Ukrain, Krich a Spezialoperatioun zesummen, gouf just nach den Index méi dacks virgeschloen ewéi dat neit Wuert vum Joer. Ukrainkrich gouf awer och dowéinst zeréckbehalen, well grad deen dote Krich (et ass jo beileiwen net deen eenzegen op der Welt) vill aner Wierder, déi heefeg virgeschloe goufen, mat sech bruecht huet.

2. Energiekris

Eng vun den éischten Auswierkunge vum Ukrainkrich iwwer d'Krichsgebitt eraus war d'Energiekris. Déi kënschtlech Reductioun vun de Ressourcë gouf jo ganz geziilt als Drockmëttel agesat – d'Energie ass zu enger Waff am Arsenal vun de Kontrahente ginn. Doriwwer eraus ënnersträicht de Begrëff, wéi wichteg d'Fro vun der Energie a vun de Ressourcen allgemeng fir d'Zukunft vun der Mënschheet ass.

3. Präisdeckel

Och dat drëtt Wuert ass e Kompositum a weist grad ewéi déi zwee éischt op ee vu Mënsche gemaachte Problem hin: D'Energiepräisser – egal ob fir Stroum, Gas, Diesel oder Bensinn – si bannent kierzter Zäit massiv geklommen a riskéieren, d'Wirtschaft an d'Stéit ze iwwerfuerderen. Fir ze verhënneren, datt se weider fortgaloppéieren, solle se gedeckelt, also mat engem Präisdeckel limitéiert ginn. Genannt gouf iwweregens och d'Aktioun vum Deckelen, d'Präisdeckelung.

4. Klimakris

Eng weider Kris an den Topp 5 an eng, déi op d'mannst gradesou global ass ewéi déi vun der Energie an esouguer enk mat hir verbonnen ass: déi vum Klima. Wat d'Auswierkungen dovu fir d'Mënschen ëmmer méi konkreet ginn, wat se sech der Urgence vum Problem ëmmer méi bewosst ginn, och wann dës Kris mat Amenter vun der Ukrainkris verdeckt gouf.

5. Index

Op Plaz 5 gouf den Index gewielt an dat ouni den Zousaz -tranche, fir op de generelle Mechanismus hinzeweisen an net just op eng eenzel Erhéijung vun de Salairen. Den Index war vun de Leit am dackste proposéiert ginn, de Jury huet en awer just op der Plaz 5 gesinn, knapp virun der Präisdeierecht/Inflatioun op Plaz 6, déi e jo bedéngt an och eng vun de Konsequenze vum Krich ass.

E Bléck an d'Ausland

An Däitschland huet d'Gesellschaft für deutsche Sprache sech fir Zeitenwende als Wuert vum Joer entscheet. De russeschen Iwwerfall op d'Ukrain hätt eng nei Ära entaméiert. Op d'Plazen 2 bis 5 koume Krieg um Frieden, Gaspreisbremse, Inflationsschmerz a Klimakleber – thematesch also ganz no beim Lëtzebuerger Choix.

Inflation ass d'Wuert vum Joer an Éisträich, wou Energiekrise zum Unwort des Jahres gewielt gouf.

An der Schwäiz gouf Strommangellage zeréckbehalen.

D'Oxford Word of the Year ass goblin mode. An deem Modus ass een, wann ee sech ganz bewosst esou behëlt, wéi ee grad Loscht huet, ouni op sozial Normen oder Erwaardungen ze kucken.

Den Dictionnaire Merriam Webster huet sech fir Gaslighting entscheet, dat bezeechent de manipulativen Asaz vu falschen Informatiounen, Verschwörungstheorien a Fälschungen zu sengem eegene Virdeel.

Fir de Collins Dictionary ass d'Wuert vum Joer permacrisis, also eng Kris, déi eng länger Period vun Instabilitéit an Onsécherheet bezeechent.

An de Site dictionary.com huet sech fir d'Wuert woman, also Fra, entscheet, fir domat op d'Situatioun vun der Fra an der Welt an op d'Roll vun de Fraen am Iran opmierksam ze maachen.

Dat éischt offiziellt Wuert vum Joer war 2020 zu Lëtzebuerg vum ZLS zesumme mam Radio 100,7 a mat RTL Lëtzebuerg a mat der Participatioun vum Public gesicht ginn. D'Resultat stoung ganz am Zeeche vun der Pandemie: Corona viru #bleiftdoheem, Heibleifskärchen, Lockdown/Confinement a Geste-barrièren. Bei der zweeter Oplo 2021 waren déi éischt fënnef Begrëffer och nach zu engem gudden Deel vun der Pandemie beaflosst: boosteren virun (ex aequo op der Plaz 2) CovidCheck an dem Jugendwuert sheesh, da Solidaritéit a Schwurbler/Schwurblerin.

Ënnert all de Leit, déi dëst Joer eng Propos erageschéckt hunn, huet den ZLS dräi Kaddoe verspillt (en Akafsbong a Bicher aus der Serie 'Lëtzebuerger Wuertschatz' vum ZLS). DʼLous huet entscheet, d'Gewënner goufen ewell kontaktéiert.

Den ZLS a seng Partner 100,7 an RTL soe jidderengem Merci, dee sech op déi eng oder aner Manéier un der Sich nom Wuert vum Joer 2022 bedeelegt huet. D'Aktioun soll Enn 2023 widderholl ginn, fir weider fir d'Sprooch ze sensibiliséieren: Se beschreift d'Realitéit net nëmmen, se schaaft och Realitéit.

Communiqué vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend

Aktualiséiert