Aussergewéinlech Hëtztwell an Nationalfeierdag: Rout Warnstuf ab Méindeg, den 22. Juni 2026, 12.00 Auer

D'Cellule d'évaluation des risques intempéries et inondations (CERI) ass e Samschdeg de Moien zesummekomm, fir d'Entwécklung vun der Wiederlag op Basis vun de leschte MeteoLux-Prognosen ze analyséieren.

Déi aussergewéinlech héich Temperaturen, déi fir déi kommend Woch ugekënnegt sinn, deiten op eng Hëtztwell vun ongewéinlecher Intensitéit an Dauer hin, mat Auswierkungen op d'Bevëlkerung souwéi op d'Aarbecht vun de Rettungs- a Gesondheetsdéngschter. Dës Situatioun fält mat de Festlechkeete vum Nationalfeierdag zesummen. Et gëtt erwaart, datt déi vill Manifestatiounen, déi am ganze Land organiséiert ginn, eng ganz grouss Zuel vu Leit unzéien an zu enger méi staarker Belaaschtung vun de Rettungsdéngschter féieren.

Opgrond vun dësen Elementer a fir d'Bevëlkerung ze schützen, gëtt d'Warnstuf ab Méindeg, den 22. Juni 2026, um 12.00 Auer op Rout erhéicht. Wéinst der unhalender Hëtzt an den héijen Temperaturen, déi lokal bis zu 40 °C erreeche kënnen, wäert dës rout Warnstuf warscheinlech bis Enn der Woch, méiglecherweis bis e Freideg, bäibehale ginn.

Zesummen: Lëtz prepare.

Virum Hannergrond vun den aussergewéinleche Wiederkonditiounen an de Festlechkeete vum Nationalfeierdag huet de Groussherzogleche Feier- a Rettungscorps (CGDIS) seng Asazkräfte verstäerkt, fir d'Sécherheet vun der Bevëlkerung ze garantéieren.

De CGDIS weist ausserdeem op déi erhéicht Risike vu Vegetatiounsbränn souwéi vun Accidenter bei Aktivitéiten am Fräien hin, a rifft d'Bevëlkerung dozou op, verantwortungsbewosst ze handelen an immens virsiichteg ze sinn.

D'Gesondheetsdirektioun erënnert drun, datt bei Gesondheetsproblemer oder Symptomer den Hausdokter déi éischt Ulafstell ass. Baussent den Ëffnungszäite vun den Dokteschpraxisse suergen d'Maisons médicales vu méindes bis freides vun 20.00 bis 24.00 Auer an um Weekend a Feierdeeg vun 8.00 bis 24.00 Auer fir déi allgemeng medezinesch Versuergung, wann de Gesondheetszoustand et net erlaabt, bis zur Reouverture vun der Dokteschpraxis ze waarden.

Bei enger eeschter Situatioun, déi d'Gesondheet a Gefor bréngt, soll een sech an d'Urgencë vun engem Spidol beginn; am Zweiwelsfall gëtt recommandéiert, den 112 unzeruffen.

D'Autoritéiten erënneren un déi méiglech gesondheetlech Konsequenze souwéi un d'Verhalensreegelen, déi hëllefen, d'Auswierkunge vun der Hëtzt ze limitéieren.

Méiglech Konsequenzen

  • Gesondheetsrisike fir jiddereen, och fir gesond Persounen
  • Besonnesch vulnerabel sinn: eeler Leit, Persoune mat Behënnerungen, Persoune mat chronesche Krankheeten oder psychesche Problemer, Persounen déi reegelméisseg Medikamenter anhuelen, eleng liewend Persounen a Klengkanner;
  • Deshydratatioun oder Hëtzschlag (Symptomer: Féiwer iwwer 40 °C, waarm, rout an dréchen Haut, Kappwéi, Iwwelzegkeet, Middegkeet, staarken Duuscht, Verwirrung, Krämp, Bewosstlosegkeet).

Verhalensreegelen

  • Drénkt reegelméisseg a genuch Waasser (op d'mannst 1,5 Liter pro Dag)
  • Vermeit et, wärend de wäermste Stonnen (11.00–21.00 Auer) dobaussen ze bleiwen.
  • Maacht am Dag Fënsteren, Jalousien a Riddoen zou a lëft owes an nuets.
  • Bedeckt Äre Kapp wann Dir erausgitt.
  • Ditt liicht Kleeder un.
  • Limitéiert kierperlech Aktivitéiten.
  • Benotzt e Ventilator oder eng Klimaanlag fir Iech ofzekillen.
  • Haalt Iech wa méiglech op frëschen oder klimatiséierte Plazen op (Akafszenteren, Kino, ...).
  • Maacht de Kierper e puer Mol am Dag naass (Dusch, Spray, asw.).
  • Bleift a Kontakt mat vulnerabele Persounen an Ärem Ëmfeld an ënnerstëtzt si bei Bedarf; begleet si op méi kill Plazen.

Aktivéierung vum gemeinsame Kommando-Posten (PCO-C)

D'CERI huet decidéiert, ab Méindeg am Nationale Krisenzenter zu Senneng e gemeinsame Kommando-Posten (PCO-C) z'aktivéieren.

De PCO-C suergt fir eng verstäerkt Koordinatioun tëscht dem CGDIS, der Police Lëtzebuerg, der Gesondheetsdirektioun, der Stad Lëtzebuerg, der Lëtzebuerger Arméi an dem Héije Kommissariat fir national Sécherheet. An enker Ofstëmmung mat den Experte vun der CERI analyséiert dës Unitéit d'Entwécklung vun der operationeller Lag souwéi méiglech Zenarien am Zesummenhang mat der Wiederlag. Ausserdeem erfaasst d'Unitéit an Echtzäit déi personell a materiell Auswierkunge souwéi den operationelle Besoin a koordinéiert d'Asätz vun de bedeelegte Servicer, fir eng séier, ofgestëmmten an effikass Reaktioun op der Plaz sécherzestellen.

D'CERI wäert d'Lag weiderhi genee suivéieren a kënnt e Méindeg de Moien nees zesummen.

Weider Informatiounen: www.infocrise.lu; www.lu-alert.lu; Urgencen a Garden – Portail vun der Santé Luxembourg; http://santesecu.lu/canicule

Participanten un der CERI: Héije Kommissariat fir national Sécherheet (HCPN), MeteoLux, Gesondheetsdirektioun, Groussherzogleche Feier- a Rettungscorps (CGDIS), Police Lëtzebuerg, Lëtzebuerger Arméi, Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, Stad Lëtzebuerg an d'Douane.

Communiqué vun der Cellule d’évaluation des risques intempéries et inondations (CERI)