CreativeLab: Kultur an de Lycéeë lieweg maachen

Den neien nationale Programm CreativeLab bitt de Schüler aus dem Secondaire d'Méiglechkeet,u kulturellen a kreativen Aktivitéiten ausserhalb vun de Schoulstonnen deelzehuelen. Dës Initiativ an d'Plattform creativelab.lu goufen de 14. Abrëll 2026 op enger Pressekonferenz vum Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch, an dem Kulturminister Eric Thill virgestallt.

(v. l. n. r.) Gilles Lacour, Regierungskommissär fir de Museksunterrecht; Claude Meisch, Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend; Eric Thill, Kulturminister
© MENEJ

CreativeLab baséiert op enger enk Zesummenaarbecht tëscht der Éducation nationale an de kulturellen a kreativen Acteure vum Land an encouragéiert ëffentlech kulturell Institutiounen, regional Kulturzentren, ASBLen an aner Organisatiounen aus dem Kultursecteur, de Lycéeë kënschtleresch a participativ Aktivitéiten am Kader vum Periscolaire, also ausserhalb vum Unterrecht, unzebidden. Dës Aktivitéiten decke verschidde Beräicher of, wéi Musek, Danz, Theater, Molerei, Graffiti, Fotografie oder Film a gi vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend finanzéiert.

"An enger Zäit, an där Bildschiermer eng besuergniserreegend Plaz am Liewe vun de Jonken anhuelen, ass et eis Verantwortung, konkreet Alternativen ze schafen. All Stonn virum Ecran ass eng Stonn manner, fir Talenter ze entwéckelen an Zäit mat Frënn ze verbréngen. Mat CreativeLab gi mir de Jonken dës Zäit zeréck: Plaz fir Kultur, Kreativitéit a real Erliefnesser", huet de Minister Claude Meisch betount.

Déi ganz Offer ass op der Plattform creativelab.lu zougänglech, déi et de Lycéeën erméiglecht, d'Aktivitéiten, déi si hire Schüler ubidde wëllen, direkt erauszesichen.

Kulturell Entdeckunge ouni Ecran

CreativeLab ass Deel vun der Campagne Screen-Life-Balance vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend. Nieft dem Reduzéiere vun der Zäit virum Ecran ass d'Zil vun dëser Initiativ, e Gläichgewiicht tëscht der digitaler Welt an der realer Welt ze fërderen, andeems Raim geschaf ginn, déi d'Begéinen, d'Kreativitéit an d'Entdecken erméiglechen, déi essentiel fir d'Entwécklung an d'Wuelbefanne vun de Jonke sinn.

CreativeLab huet d'Zil, de Schüler méi Méiglechkeeten ze bidden, nei Ausdrocksforme kennen ze léieren, hir Kreativitéit ze stimuléieren an hire kulturelle Virwëtz ze fërderen. Domat dréit CreativeLab och zur Entwécklung vu wichtege Kompetenze bäi, déi néideg sinn, fir sech an der haiteger Gesellschaft weiderzeentwéckelen: Andeems Zesummenaarbecht a kulturell Opgeschlossenheet promouvéiert ginn, gëtt gläichzäiteg d'Selbstvertraue gestäerkt an d'Entdecke vun Talenter a Vocatioune gefërdert.

Schoul a Kultursecteur méi no beienee bréngen

CreativeLab stäerkt d'Relatiounen tëscht der Schoul an dem Kultursecteur an ënnerstëtzt konkreet déi kreativ Zeen am Land. Fir déi Professionell, déi an de Lycéeën intervenéieren, ass CreativeLab d'Geleeënheet, fir hiert Wëssen an hir Passioun mat de Jonken ze deelen. Duerch d'Finanzéierung vun den Aktivitéite vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend ginn d'Partner aus dem Kultursecteur encouragéiert, eng Offer ze entwéckelen, déi speziell op Lycéesschüler zougeschnidden ass. Déi nei Opportunitéiten, déi esou fir Kënschtler an Intervenanten entstinn, droen zur Dynamik vun der kultureller a kreativer Zeen am Land bäi. Zousätzlech fërdert CreativeLab e privilegéierten Zougang vun de Jonken zur Kultur, andeems sozial Barrièren ofgebaut ginn, déi hir Participatioun un der bestoender Offer nach kënne beanträchtegen.

"D'Initiativ CreativeLab ergänzt d'Efforte vun der Regierung, fir de Kultursecteur ze ënnerstëtzen an ze stäerken. Am Kader vum nationale Plang d'accès à la culture, deen aktuell an der Schlussphas ass, wäerte mir en ambitiéise Kalenner mat konkreete Mesuren ëmsetzen. Déi enk Zesummenaarbecht mam Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend ass dobäi essentiel: Zesumme kënne mir den Zougang zur Kultur fir déi jonk Generatiounen nohalteg verbesseren", huet de Minister Eric Thill ënnerstrach.

Offeren elo online accessibel

All Prestataire, deen eng Aktivitéit am Kader vu CreativeLab ubitt, muss eng Konventioun mam Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend ënnerschreiwen. Dës definéiert d'Modalitéite vun der Prestatioun a garantéiert, datt d'Intervenanten iwwer déi néideg Kompetenze verfügen, fir an de Lycéeën ze intervenéieren.

D'Plattform ass online, an d'Offere kënne vun elo u vun de Lycéeë gebucht ginn.

CreativeLab ass en integralen Deel vun der Plattform Extraklass, déi all pedagogesch Offere fir Schoule regruppéiert a fir d'Rentrée 2026/2027 wäert lancéiert ginn. 

Communiqué vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend a vum Kulturministère