Aktualiséiert den
20. Editioun vum Virliesconcours: De Gewënner ass den Aymerick Waisse Da Silva
Den 1. Juli 2025 ass d'Finall vun der 20. Editioun vum Virliesconcours zu Esch/Uelzecht iwwer d'Bün gaangen. Aacht Kanner – véier Meedercher a véier Jongen – haten sech ënnert méi wéi 4.000 Schülerinnen a Schüler aus dem Cycle 4 am ganze Land qualifizéiert a sech dem Jury am fréiere Kino Ariston gestallt.
De Virliesconcours feiert 20 Joer
De Luc Weis, Direkter vum Service de coordination de la recherche et de l'innovation pédagogiques et technologiques (SCRIPT), huet a senger Ried ervirgehuewen, dass de Virliesconcours eng fest Traditioun am Kalenner vun enger Rei Grondschoulen ass. 2025 war déi 20. Editioun. Am Laf vun de Joren hunn Dausende vu Schüler drun deelgeholl.
De Concours ass am Laf vun der Zäit ugepasst ginn: Am Ufank war e just fir de Cycle 4.1 an eng ganz Zäit stoung de Virliesconcours ënnert engem Theema. Dat ass geännert ginn, esou dass d'Schüler elo méi fräi am Choix vun den Texter sinn, déi si op Klassen- a Schoulniveau virliesen. Déi éischt Joren ass de Virliesconcours och duerch d'Land gereest. Elo ass d'Finall scho fir d'drëtt am Ariston zu Esch. De Virliesconcours ass antëscht och en Deel vun der grousser LevelUp-Initiativ vum SCRIPT.
Pünktlech fir d'20 Joer vum Virliesconcours lancéiert de SCRIPT och eng nei Homepage zum Theema Liesfërderung an der Grondschoul: www.liesen.lu
Oflaf vum Concours
Bei der Umeldung fir de Virliesconcours a senger Schoul konnt all Schüler zwou Liessproochen uginn, eng éischt Sprooch, déi d'Kand als seng stäerkste Virliessprooch ugesäit, an eng zweet Sprooch, an där et och gär virliest. Als éischt Sprooch haten d'Schüler d'Wiel tëscht Lëtzebuergesch, Däitsch oder Franséisch. Als zweet Sprooch konnten se och Englesch uginn.
D'lokal Selektiounen, vun den Enseignanteën an Enseignanten an de Schoulbibliothecairen organiséiert, hu fir d'éischt op Klassenniveau stattfonnt, duerno op Schoulniveau. Doropshi goufen et mat 88 Schoulgewënnerinnen a Schoulgewënner 15 regional Véierelsfinallen an duerno eng Halleffinall, bei där aacht Finalistinnen a Finalisten ermëttelt goufen.
An der Finall hu sech d'Schüler dräi Epreuvë gestallt: engem "bekannten" Text, deen d'Kanner awer vum SCRIPT imposéiert kruten an iwwert de Weekend konnte virbereeden; engem ganz onbekannten Text aus engem Buch als "lecture à vue" an als Gruppenaufgab engem Liestheater, an deem jee zwee Schüler matenee virgelies hunn.
Eng weider Erausfuerderung an der Finall war, datt all Schüler esouwuel a senger éischter ewéi och a senger zweeter Sprooch huet misse virliesen.
De Gewënner a seng Epreuven
Den Aymerick Waisse Da Silva aus der Grondschoul Belair-Diderich aus der Stad huet dëst Joer de Concours gewonnen. Hie wosst de Jury esouwuel beim bekannten imposéierten Text ze iwwerzeegen ewéi beim ganz onbekannten Text an och beim Liestheater.
Als imposéierte "bekannten" Text a senger zweeter Sprooch hat hien en Extrait aus dem däitsche Buch "Nothing but spies" vum Mario Fesler an als onbekannten Text a senger éischter Sprooch een aus dem Buch "Le journal de Raymond le démon – Où est le mal?" vum Luc Blanvillain virgelies. De Liestheater op Franséisch, senger éischter Sprooch, war extra fir d'Finall geschriwwe ginn.
D'Finalist(inn)en an hir Präisser
Déi jonk Finalistinnen a Finaliste waren: d'Caroline Fellerich, d'Elena Ignacimouttou Lohr, den Aurelius Münks, d'Eve Schmitt, de Jules Schalbar, de Ben Stork, d'Noémie Trierweiler an den Aymerick Waisse Da Silva.
All Finalistin an all Finalist krut e Buch an e Bicherbong vun enger Librairie als Präis. De Gewënner krut e Bong fir e méi héije Betrag.
Dëst Joer krut de Gewënner fir d'éischt och e flotte LevelUp-Pokal.
De Jury an d'Moderatioun
An der Jury waren: de Luc Belling (Responsabel vun der Divisioun Initiatives et programmes pédagogiques beim SCRIPT), den Yves Ciaffone (Regionaldirekter am Fondamental), d'Anne Diderich (Libraire), d'Carole Lorang (Direktesch vum Escher Theater) an d'Nora Wagener (Schrëftstellerin).
D'Nathalie Bender, Mataarbechterin vum SCRIPT a laangjäreg Radiosmoderatrice, huet de Public – Klassekomerodinnen, Klassekomeroden a Famill vun de Finalist(inn)en – duerch dëse liewegen Nomëtteg gefouert, bei deem d'Genéisse vum Liesen an d'Nolauschteren um Rendez-vous waren.
Den Escher Theater an de SCRIPT hunn duerno e Patt an e Gebuertsdagskuch zum Beschte ginn.
De Virliesconcours gëtt all Joer am Kader vun der Liesfërderung vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend organiséiert. E riicht sech un d'Schülerinnen an d'Schüler aus dem Cycle 4 vun der Grondschoul.
Hei fannt Dir den Interview mam Aymerick Waisse Da Silva.
De Kanner- a Jugendliteraturpräis fir de Luc François
Virun der Präisiwwerreechung vum Virliesconcours gouf et nach en anere flotte Moment: d'Präisiwwerreechung vum Kanner- a Jugendliteraturpräis un de Luc François. De Luc Weis, Direkter vum SCRIPT, huet eng Laudatio fir den Auteur gehal, deen duerno en Extrait vu sengem Text "Äddi" virgelies huet.
Communiqué vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend