Aktualiséiert den
Nei Reegele fir de Smartphone am Lycée: Mesuren, fir déi Jonk besser ze schützen
Déi negativ Auswierkunge vun enger exzessiver Notzung vu Bildschiermer a soziale Medien op dat mentaalt Wuelbefannen, d'kierperlech Entwécklung an d'schoulesch Leeschtunge vu Kanner a Jugendleche sinn haut wäitreechend dokumentéiert. Als Reaktioun dorobber – a fir d'Wuelbefanne vun alle Kanner a Jonken ze stäerken – huet de Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend bei der Rentrée 2024/2025 d'Campagne Screen-Life-Balance gestart.
No der Aféierung vum Smartphone-Verbuet an de Grondschoulen a Maison-relaisen den 22. Abrëll 2025 huet de Minister Claude Meisch den 19. Mee déi nei Mesurë fir de Lycée virgestallt.
"De Smartphone ass haut bei ville Jonken am Lycée omnipresent: En huet e staarken Impakt op hir Konzentratioun a gëtt hinnen Accès zu Contenuen, déi net adaptéiert si fir hiren Alter. Mir hunn eng gemeinsam Responsabilitéit fir déi Jonk an hir gesond Entwécklung. Dofir war et déi lescht Méint d'Missioun vun der Schoulgemeinschaft, fir zesummen ze kucken, wéi de Gebrauch vum Smartphone an hire Schoule kann nohalteg ageschränkt ginn", esou de Minister Claude Meisch.
Eng gemeinsam Verantwortung fir d'Smartphone-Notzung anzeschränken
Zënter der Rentrée hu sech d'Schoulcommunautéiten an de Lycéeën intensiv mam Thema Smartphone auserneegesat, mam Zil, Oflenkungen ze reduzéieren, déi direkt Interaktioun tëscht de Schüler ze encouragéieren an eng méi aktiv Bedeelegung u schouleschen Aktivitéiten an dem gemeinsamen Liewen an der Schoul ze fërderen.
Nei Reegelen fir d'Notzung vum Smartphone trieden den 2. Juni 2025, no der Péngschtvakanz, an all de Lycéeën a Kraaft. D'Lycéeë waren vum Ministère opgeruff, sech fir ee vun dräi Reglementéierungsniveauen ze entscheeden. All Lycée huet, zesumme mat senger Schoulcommunautéit, konkret Modalitéite festgeluecht. Als Minimum muss eng physesch Trennung tëscht Schüler a Smartphone am Unterrecht garantéiert ginn. Sechs Lycéeën hu sech fir dëse minimalen Niveau vu Regulatioun entscheet.
Am Kader vun hirer Autonomie konnten déi eenzel Lycéeën deemno iwwer de minimalen Niveau vu Restriktiounen erausgoen. Sou hu vill Lycéeën decidéiert, zousätzlech Restriktioune fir de Gebrauch vum Smartphone ze definéieren – z. B. no Altersstufen, Zäitfënsteren oder an zousätzleche Beräicher am Gebai (Kantin, Bibliothéik, Openthaltsraim,...). Am Ganzen hu 27 vun 38 Lycéeën esou eng méi wäitreechend Reegelung decidéiert.
Fënnef Lycéeën hu sech fir déi striktst Optioun entscheet: Déi digital Geräter musse moies ofgi ginn a gi réischt nom Schouldag zeréck un d'Schüler. Déi méi strikt Reglementatioune ginn no an no ëmgesat – vum 2. Juni 2025 un.
Zousätzlech Moossnamen, fir déi digital Maturitéit ze ënnerstëtzen
Nieft der Regulatioun fir d'Notzung vum Smartphone ginn och technesch Moossname vum 2. Juni 2025 u gestäerkt.
Fir d'Schüler besser géint onpassend oder geféierlech Inhalter ze schützen, ginn d'Schoulnetzwierker (Wifi a kabelgebonnen) mat verstäerkte Filteren a Sécherheetsmoossname geséchert. D'Netzwierk eduroam wäert an de Schoulen nëmme fir Schüler ab 15 Joer zougänglech sinn.
Besser geréiert iPads – ugepasst un den Alter
Den iPad bleift en zentraalt Aarbechtsinstrument fir d'Schüler am Lycée, déi mussen op en digitaalt Ëmfeld virbereet ginn an op hirem Wee an déi digital Maturitéit begleet ginn. Den Zougang zu engem iPad gëtt awer méi streng encadréiert – besonnesch fir Schüler aus dem ënneschte Cycle, déi nach keng ausgepräägten digital Maturitéit hunn. Dëst gëllt progressiv ab der Rentrée 2025/2026. Déi nei Konzepter iShare (punktuell a gemeinschaftlech Notzung vun iPads an enger Klass oder an engem Schülergrupp) an iClass (vollstänneg Integratioun vun iPads am Unterrecht fir den deegleche Gebrauch) si fir déi ënnescht Klassen (z. B. 7e, 6e, 5e) virgesinn. Den Accès an d'Inhalter ginn zentral iwwert e System vu Mobile Device Management geréiert a kontrolléiert.
De Modell myDevice, an deem de Schüler säi perséinlechen iPad kritt, ass just fir den ieweschte Cycle disponibel. D'Geräter ginn den Eegentum vun de Schüler oder hiren Erzéiungsberechtegten. De Mobile Device Management ass hei e bësse méi labber, awer den iPad ass integréiert an de schouleschen Ekosystem. Dës nei Modeller ersetze progressiv de One2One-Modell ab der Rentrée 2025/2026.
All dës Moossname si Bestanddeel vun enger kohärenter Strategie mam Zil, d'Schüler am Ëmgang mat digitalen Instrumenter ze responsabiliséiren an d'pedagogescht Potenzial vun den neien Technologien ze notzen – se gläichzäiteg awer och virun engem exzessive Gebrauch ze schützen. De Ministère wëll domat e schoulescht Ëmfeld fërderen, dat dem Léieren an dem Wuelbefanne vun de Jonken déngt hinnen an hëlleft, zu opgekläerte Bierger an enger digitaler Welt ze ginn.
Communiqué vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend