"Froen zum Lycée": déi éischt Podcast-Serie vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend

Am Kader vun der drëtter Editioun vun der YEP!-Schoulfoire, lancéiert de Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend mat de Podcasts "edutalk" en neie Kommunikatiounskanal. Déi éischt Podcasts presentéieren déi schoulesch Offer vun de Lëtzebuerger Lycéeën.

En neit Format fir e wichtegt Thema

De Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend lancéiert seng Podcast-Serie "edutalk". Déi éischt Serie vun Episoden thematiséiert direkt eng vun den Haaptprioritéite vun der Educatiounspolitik: déi schoulesch Offer am Lëtzebuerger System.

Wéi eng national an international Programmer ginn an den ëffentleche Lycéeën a Schoule proposéiert? Wat ass den Ënnerscheed tëscht dem Classique an dem General am Lycée? Wéi eng Optioune gëtt et fir déi nei 7emes-Schüler? Wéi kënne Schüler aus dem Ausland an de Secondaire-Unterrecht zu Lëtzebuerg integréiert ginn? Zil vun der neier Podcast-Serie "Froen zum Lycée" ass et d'Froe vun den Elteren ze beäntwerten, deenen hir Kanner an de Lycée kommen.

Experten huelen de Mikro fir d'schoulesch Offer ze presentéieren

An dësen Audio-Interviewe kréie Mataarbechter vum Ministère d'Wuert mam Zil den Elteren ze hëllefen, déi richteg schoulesch Orientéierung fir hir Kanner erauszesichen. Experte vum Service de l'enseignement secondaire, vun der Maison de l'orientation, vum Service des offres internationales et européennes a vum Service de l'intégration et de l'accueil scolaires presentéieren déi ganz Vilfalt a Spezifizitéite vun der Offer an den ëffentleche Schoulen a Lycéeë vum Secondaire.

Dräi Episode sinn op Lëtzebuergesch an een, deen der Integratioun vun auslännesche Kanner gewidmet ass, gëtt op Franséisch proposéiert. Dës einfach zougänglech a praktesch Podcasts bidden Zousaz-Informatioune fir Persounen déi un der Thematik interesséiert sinn. D'Podcasts vun der Serie "edutalk" sinn um Site vum Ministère an der Rubrik "edutalk: Froen zum Lycée" op edutalk.men.lu disponible, sou wéi op Spotify an Apple Podcasts.

Fir ze lauschteren:

#1 National oder international ëffentlech Schoul?

#2 Klassesche Lycée oder Général?

#3 Wéi eng 7e fir mäi Kand?

#4 Quel lycée pour les élèves de l'étranger?

Communiqué vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend

Aktualiséiert