MATHI – eng nei Method fir Mathematik an engem méisproochege Kontext ze léieren

Ab der Rentrée 2024/2025 wäerten d'Schüler aus dem Cycle 1 vum Fondamental MATHI entdecken, eng nei Serie vun didakteschem Material, mee virun allem eng nei Method fir Mathematik ze léieren. De Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch, huet en Dënschden, den 19. Mäerz 2024, a Präsenz vun iwwer 500 Enseignanten, um offizielle Lancement vum MATHI-Material um Campus Geesseknäppchen zu Lëtzebuerg-Hollerech deelgeholl.

  1. ©MENJE

    De Minister Claude Meisch bei der Pressekonferenz vum 19. Mäerz 2024 um Forum Geesseknäppchen fir d'Presentatioun vum MATHI, dem neien didaktesche Material fir de Mathésunterrecht am Fondamental.

    De Minister Claude Meisch bei der Pressekonferenz vum 19. Mäerz 2024 um Forum Geesseknäppchen fir d'Presentatioun vum MATHI, dem neien didaktesche Material fir de Mathésunterrecht am Fondamental.

  2. ©MENJE

    Filipe Lima da Cunha, Service de coordination de la recherche et de l’innovation pédagogiques et technologiques (SCRIPT), Coordinateur vum Projet MATHI

    Filipe Lima da Cunha, Service de coordination de la recherche et de l’innovation pédagogiques et technologiques (SCRIPT), Coordinateur vum Projet MATHI

  3. ©MENJE

    Prof. Dr. Christiane Bentz, Pädagogische Hochschule Karlsruhe

    Prof. Dr. Christiane Bentz, Pädagogische Hochschule Karlsruhe

  4. ©MENJE

    Presentatioun

    Presentatioun

Ab der Rentrée 2024/2025 wäerten d'Schüler aus dem Cycle 1 vum Fondamental MATHI entdecken, eng nei Serie vun didakteschem Material, mee virun allem eng nei Method fir Mathematik ze léieren. De Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch, huet en Dënschden, den 19. Mäerz 2024, a Präsenz vun iwwer 500 Enseignanten, um offizielle Lancement vum MATHI-Material um Campus Geesseknäppchen zu Lëtzebuerg-Hollerech deelgeholl.

"Mat dësem neie Material wëlle mir alle Schüler e besseren Enseignement bidden, deen net nëmme méi zäitgeméiss ass, mee och der sproochlecher Situatioun an de Famillje méi gerecht gëtt. Well och am Beräich vun der Mathematik kënne Bildungslacunne séier méi grouss ginn", esou de Minister Claude Meisch. Dohier muss een esou fréi wéi méiglech usetze fir all Kand e Maximum un Erfollegschancen ze bidden.

Originellt Material géint schoulesch Inegalitéiten

D'MATHI-Material gouf entwéckelt fir op verschidde Resultater ze reagéieren, déi virun dräi Joer bei engem État des lieux vun der aktueller Method eraus komm sinn. Heirunner waren 300 Kanner, eng honnert Enseignantë vum Terrain a 60 Experten aus alle Beräicher (Chercheure vun der Uni Lëtzebuerg, Enseignante vum Institut de formation de l'Éducation nationale (IFEN), regional Direktere vum Enseignement fondamental, Vertrieder vun de Kompetenzzentren, ect.) bedeelegt. Éischtens si Kanner, déi doheem weder Lëtzebuergesch nach Däitsch schwätzen, vun Ufank u benodeelegt wat d'Mathematik ubelaangt. Zweetens sinn déi Retarden déi sech an den éischte Joren accumuléieren, nom Cycle 3 nëmmen nach schwéier opzefänken. Virun allem well d'Orientéierungsprozedur och mat de Leeschtungen an der Mathematik zesummenhänkt.

D'Sprooch vun der Mathematik, eng eegestänneg Sprooch

MATHI berécksiichtegt déi méisproocheg Situatioun zu Lëtzebuerg. D'Schoulbicher wäerten op Däitsch a Franséisch disponibel sinn a sinn deemno fir eng Alphabetiséierung entweder op Däitsch oder Franséisch gëeegent. Des Weidere wäert dem Léierpersonal e Glossaire mat Begrëffer op Däitsch, Franséisch, Englesch a Portugisesch zur Verfügung stoen, fir datt si vun Ufank un de Lien mam Schüler senger Sprooch maache kënnen. Och nei ass, datt de Räsonement an de Gedankegang op mannst d'selwecht wéi d'Resultat bewäert ginn.

Eng progressiv Aféierung ab dem Cycle 1

E leschte wichtegen Entwécklungsschwéierpunkt ass eng positiv Approche zur Mathematik vun Ufank un. "Et ass net duerch Zoufall, datt mir ons dofir entscheet hunn dës Serie ab dem Cycle 1 anzeféieren. An dësem Alter huet kee Kand Angscht virun der Mathé! Mathematik ass eng faszinéierend Wëssenschaft, déi souwuel duerch Biller wéi och duerch Aktioune bewise ka ginn, souguer vun de Kanner selwer. Et geet duer se op dëser Entdeckungsrees ze begleeden an deem een hire Virwëlz benotzt" erkläert d'Professesch Christiane Bentz, Spezialistin vun der Pädagogische Hochschule Karlsruhe, déi enk um Projet matschafft. Kanner am Alter vun dräi bis sechs Joer loosse sech nach net duerch Mësserfolleger bremsen, an zécken net hir Gedanken an Iwwerleeungen auszedrécken.

Dat neit MATHI-Material gëtt ab der nächster Rentrée am Cycle 1 vum Fondamental agefouert. D'Serie gëtt dann no an no bis 2030/2031 bis an de Cycle 4.2 agefouert.

Fir a vu Lëtzebuerger Enseignanten

Dat didaktescht Material gouf vum Service de coordination de la recherche et de l'innovation pédagogiques et technologiques (SCRIPT) vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend an Zesummenaarbecht mat Léierpersonal um Terrain ausgeschafft. "Ons war et wichteg en Outil ze proposéieren deen op de Lëtzebuerger System zougeschnidden ass", schléisst de Filipe Lima da Cunha, Coordinateur vum Projet, of. D'Serie MATHI gëtt et a Form vu Schoulbicher fir d'Schüler an d'Léierpersonal, Classeure mat Aktivitéiten a Materialkëschte fir dës ëmzesetzen. Digital Applikatioune wäerten d'Serie no an no vervollstännegen.

Communiqué vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend

Aktualiséiert