Rentrée am Nationale Sproocheninstitut Lëtzebuerg

Fir méi wéi 8.000 Interessenten, déi eng nei Sprooch entdecken oder hir Sproochekenntnisser verbessere wëllen, war en Dënschdeg, 20. Februar 2024, d'Rentrée.

Fir d'Fréijoer-Semester proposéiert den Nationale Sproocheninstitut Lëtzebuerg (INLL) méi wéi 500 Sproochecoursë fir Erwuessener, déi a verschiddene Formater ugebuede ginn, wéi am eLearning, am blended learning oder nach a Form vun Intensivcoursen, fir nëmmen e puer Beispiller ze nennen. Déi ganz Offer u Coursen ass um Site vum INLL verfügbar: www.inll.lu. D'Coursë ginn op 3 Plaze gehalen, nämlech um INLL-Glacis, um INLL-Belval (um Site vun der Université populaire) an um INLL-Miersch.

Follgend Sprooche ginn enseignéiert: däitsch, englesch, chineesesch, spuenesch, franséisch, italieenesch, lëtzebuergesch, hollännesch a portugisesch.

Fir sech an e Cours anzeschreiwen (soulaang Plaze verfügbar sinn), muss all interesséiert erwuesse Persoun, déi an der Zilsprooch keen Ufänger méi ass, en Online-Test maachen a Rendez-vous huele fir en Orientéierungsgespréich. Dës Prozedur muss virun all Umeldung gemaach ginn, fir dass de passende Coursen-Niveau ugebuede ka ginn.

Et kann ee wärend dem ganze Schouljoer Rendez-vous froe fir en Orientéierungsgespréich. Rendez-vous huelen: www.myinl.inll.lu.

Eng Rentrée mat groussen Neierungen a Projeten:

Neie Lëtzebuerger Podcast "Poterkëscht"

Den Donneschdeg, 22. Februar 2024, gouf d'Poterkëscht, den éischten INLL-Podcast a Lëtzebuerger Sprooch, lancéiert. Hei daucht de Public an d'Welt vun der Kultur vum Land an, an entdeckt de Charme vun der Lëtzebuerger Sprooch. All Woch kommen nei Episoden dobäi.

Nei App SDLA-AUGMENTED als Ergänzung zur Serie Schwätzt Dir Lëtzebuergesch?

Déi nei App SDLA – Schwätzt Dir Lëtzebuergesch?- Augmented – fir Tabletten a Smartphonen, ergänzt d'SDL Léierbicher mat enger interaktiver an innovativer Léiererfarung. Mat dëser App kënnen d'User Säite vun de Bicher scannen an exklusiven Inhalt entdecken, wéi eng sëllegen Zousaz-Exercicen oder aner nëtzlech Informatiounen zur Thematik vun der betraffener Säit.

Dës App ass ab Mäerz verfügbar a wäert an enger éischter Phas Zousazmaterial zu den A1 an A2 Bicher bidden. Zurzäit schafft en Aarbechtsgrupp vun Enseignantë vum INLL un Zousazmaterial fir dass an Zukunft och d'B1 Léierbuch mat der App benotzt ka ginn.

B2 als neien Niveau fir d'LLO.lu App

Säit hirer Aféierung am September 2022, schreift déi gratis Plattform fir den Apprentissage vun der Lëtzebuerger Sprooch LLO.lu hir Erfollegsgeschicht weider an zielt mëttlerweil méi wéi 72.000 ageschriwwe Persounen, also 11.000 Abonnéierter méi wéi am September 2023.

D'Plattform passt sech stänneg un d'Besoine vun hirem Public un a gëtt kontinuéierlech mat pedagogeschem Material gefiddert. Doriwwer eraus informéiert si hir Useren och iwwert sproochlech a kulturell Aktivitéiten an der Regioun, souwéi iwwert Informatiouns-Versammlunge fir de Public oder fir d'Formateuren aus deem Beräich.

Fir dat neit Schouljoer ab September 2024, gëtt de pedagogeschen Inhalt vun der Plattform nach mam Niveau B2 ergänzt.

Aféierung vun der Liela Method fir d'Formateuren a Formatricë vum INLL a vum SFA

Den nationale konventionéierte Projet Liela in Luxemburg vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, dem INLL, dem SFA (Service de la formation des adultes) a vu Liechtenstein Languages (Liela), ass a seng éischt Initiatiounsphas komm. Zurzäit ginn iwwer eng Period vu 6 Woche Formatiounen ugebueden, fir dass d'Formateuren a Formatricë vum INLL a vum SFA sech mat der neier Liela-Method fir de Sproochenapprentissage kënne familiariséieren. Liela ass eng eenzegaarteg aktiv an interaktiv Method, déi et erméiglecht innerhalb vun e puer Woche Basiskenntnisser an enger Sprooch ze sammelen. De Fokus läit notamment um engem ausschliissleche Gebrauch vun der geschwater Sprooch. Zousätzlech zu de Formatioune fir d'Formateuren an d'Formatricen, engagéieren sech den INLL an den SFA dofir de Konzept vun der Liela Method, déi ursprénglech fir den Apprentissage vum Däitschen ausgeschafft gouf, och dem franséischen an dem lëtzebuergeschen unzepassen.

Formatioun Zertifikat Lëtzebuergesch Léiere Léieren (ZLLL)

Déi zweet Sessioun vun der Formatioun Zertifikat Lëtzebuergesch Léiere Léieren (ZLLL), fir déi d'Aschreiwung am Januar ofgeschloss waren, fänkt dëse Mount fir 17 Kandidaten a Kandidatinnen un. Dës Formatioun, déi zweemol pro akadeemescht Schouljoer ofgehale gëtt, gëtt am blended learning-Format ugebueden: 50% vun de Coursë ginn am Presentiel gehalen, dovunner 15 Stonnen an der Literatur, 15 Stonnen an der Linguistik an 30 Stonnen an der Didaktik. 50% vun der Formatioun sinn asynchron an op Distanz.

Dës Formatioun riicht sech u Persounen, déi sech am Beräich vum Enseignement fir Erwuessener wëllen ausbilden oder perfektionéieren, an dëst an de Gemengen oder an engem Beräich dee vum Staat subventionéiert gëtt.

D'Umeldunge fir d'Rentrée am September 2024 sinn ab Mëtt Juni 2024 méiglech.

Enseignement vun der Lëtzebuerger Sprooch a Kultur an de Lycéeë vun der Akademie vun Nancy-Metz

D'Zil vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend ass d'Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch iwwert d'Grenze vum Grand-Duché eraus virunzedreiwen. An deem Sënn hält den INLL weiderhin Initiatiouns-Coursë fir d'Lëtzebuerger Sprooch a Kultur fir eng 300 Schüler aus véier Lycéeë vun der akadeemescher Regioun vum Grand Est.

Entwécklung vun den Umeldunge beim INLL pro Schouljoer

Sprooch

2018-2019

2019-2020

2020-2021

2021-2022

2022-2023

Däitsch

1.662

1.723

1.556

1.364

1.245

Englesch

1.839

2.001

1.600

1.596

1.722

Chineesesch

133

150

135

111

86

Spuenesch

480

464

395

420

401

Franséisch

5.740

5.772

5.619

5.533

5.426

Italieenesch

273

303

291

258

224

Lëtzebuergesch

5.291

6.217

5.567

5.707

5.081

Hollännesch

 

 

47

69

81

Portugisesch

136

146

126

108

132

Total

15.554

16.776

15.335

15.166

15.284

Communiqué vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend a vum Nationale Sproocheninstitut Lëtzebuerg

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

Aktualiséiert