Virstellung vum Whitepaper iwwer de neie Plan d'études fir den Enseignement fondamental

En Dënschden, den 3. Oktober 2023, ass de Whitepaper iwwert de neie Plan d'études an der Grondschoul um Forum Geesseknäppchen a Presenz vum Claude Meisch, Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend a vum Luc Weis, Direkter vum Koordinatiounsservice fir Recherche a pedagogesch an technologesch Innovatioun (SCRIPT) an enger 150 weideren interesséierte Persoune virgestallt ginn. 

  1. ©MENEJ

    Diskussiounsronn

    Diskussiounsronn

  2. ©MENEj

    Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend

    Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend

  3. ©MENEJ

    Luc Weis, Direkter SCRIPT

    Luc Weis, Direkter SCRIPT

No der Presentatioun huet eng Table ronde mat verschiddenen Acteuren aus dem edukative Beräich stattfonnt: Dany Semedo, President vum Exekutivbüro vun der nationaler Schülerkonferenz (CNEL), Alain Massen, President vun der nationaler Elterevertriedung, Vanessa Schetgen, Enseignante a Vizepresidentin vun der nationaler Enseignantsgewerkschaft (SNE) a Philippe Kloos, Direkter vum Enseignement fondamental vu Suessem.

Upassung vum Plan d'études un d'Kompetenzen déi am 21. Jorhonnert gefuerdert ginn

De Plan d'études fir den Enseignement fondamental beschreift fir all Entwécklungs- a Léierberäich d'Kompetenzsockelen, déi d'Schüler um Enn vun all Léierzyklus erreeche mussen, wéi eng Kompetenzen ze developpéiere sinn, Performanzbeispiller a Recommandatioune vun Inhalter, grad esou wéi déi järlech Unzuel u Schoulstonnen, déi iwwer déi verschidde Beräicher verdeelt solle ginn. Déi aktuell Versioun ass vun 2009. Fir de Plang ze moderniséieren, ze diversifiéieren an un d'Ufuerderunge vun der Gesellschaft an d'Interessie vun de Schüler unzepassen, ass säit 2021 e kollaborative Consultatiounsprozess mat den Acteuren aus dem Secteur agefouert ginn.

En ausféierleche Consultatiounsprozess

De Consulatiounsprozess huet iwwer 1.200 Acteuren aus dem Schoulberäich mobiliséiert, dorënner Direktere vum Enseignement fondamental a vum Enseignement secondaire, Presidente vun de Schoulcomitéen, Professioneller aus dem formalen an non formale Bildungsberäich, grad esou wéi Elteren a Schüler. Et goufen iwwer 6.000 Virschléi gesammelt, vun deenen de Whitepaper eng Synthees an d'Grondlag fir d'Ëmsetzung vum neie Plan d'études duerstellt, dee fir d'Rentrée 2026/2027 agefouert soll ginn.

"Den neie Plan d'études fir den Enseignement fondamental ass en ambitiéise Projet, deen déi grouss Zich vun der Schoul vu muer definéiert. Hie soll ons bei der Transmissioun vu Wëssen, Kompetenzen a Qualifikatiounen un eis Kanner eng Richtlinn ginn, fir datt si hir Plaz an onser Gesellschaft fanne kënnen. Dëse Whitepaper ass d'Resultat vun engem ausféierleche Consultatiounsprozess mat allen Acteuren aus dem Educatiounsberäich an ech begréissen hiren Asaz am Interessi vu staarken, zukunftsträchtege Kanner ", huet de Minister Claude Meisch betount.

Véier Piliere fir den neie Plan d'études

Den neie Plan d'études baséiert op véier thematesche Pilieren:

  • D'Wuelbefanne vun de Schüler (Ernärung, Beweegung, Motricitéit, Éducation affective et sexuelle, Resilienz, digitale Konsum),
  • D'Participatioun (Verantwortung, Engagement, de Schüler eng Stëmm ginn, zu engem gesellschaftleche Wandel a Richtung Nohaltegkeet bäidroen),
  • D'Méisproochegkeet (Alphabetiséierung op Däitsch oder Franséisch, Kloerstellung vun der Roll vun de Langues véhiculaires),
  • D'Digitalitéit (Educatioun iwwer an duerch d'Medien, Kompetenzen an der Informatik an an der Kommunikatioun, kritescht Denken, Kreativitéit a Léise vu Problemer (z.B. Coding), Dateschutz a Cybersecurity an enger digitaler Welt).

Communiqué vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend

Aktualiséiert