Neies fir d'Rentrée am ZLS: Wuertschatz Band 5 iwwer d'Jéinescht, e neie Spellchecker a Verbesserunge bei Schreifmaschinn.lu

Gleistrampel a Straubejitzert, fonken an zoppen: 117 jéinesch Wierder

Kuff dʼSchmull an dibber nobes! Esou heescht de fënnefte Band vun der Serie Lëtzebuerger Wuertschatz, déi den Zenter fir dʼLëtzebuerger Sprooch zesumme mam Service de coordination de la recherche et de l'innovation pédagogiques et technologiques (SCRIPT) erausgëtt. Déi Kéier geet et ëm dʼJéinescht. DʼJéinescht ass anescht wéi déi meescht aner Sproochen, well et keng Sprooch ass, déi natierlech gewuess ass, ënnersträicht de Sproochhistoriker Dr. Sam Mersch a senger Introductioun. Op 96 Säite ginn am Buch 117 jéinesch Wierder presentéiert, flott illustréiert, kuerz erkläert an op Däitsch, Franséisch, Englesch a Portugisesch iwwersat.

  1. ©MENEJ

    Vue du livre numéro 5 dans la collection «Wuertschatz» du ZLS

    Vue du livre numéro 5 dans la collection «Wuertschatz» du ZLS

  2. ©MENEJ

    Vue de la collection «Wuertschatz» du ZLS

    Vue de la collection «Wuertschatz» du ZLS

  3. ©MENEJ

    Vue du livre numéro 5 dans la collection «Wuertschatz» du ZLS

    Vue du livre numéro 5 dans la collection «Wuertschatz» du ZLS

Kuff dʼSchmull an dibber nobes! 117 quant jéinesch Wierder

Serie: Lëtzebuerger Wuertschatz, Band 5

© Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, Lëtzebuerg 2023

Lektorat: Romain Pansin

Editeur: ZLS a SCRIPT

Layout: Laurence Dostert

Dréckerei: Imprimerie EXEPRO, 1. Oplo

ISBN 978-2-9199644-5-1, 96 Säiten, 10 Euro

Orthografie-Hëllef spellchecker.lu: elo Deel vum ZLS-Portfolio

2006 gouf spellchecker.lu, eng online Plattform fir d'orthografesch Korrektur vu lëtzebuergeschen Texter, als Privatinitiativ vum Michel Weimerskirch gegrënnt. Am Kader vun der Aktualiséierung vun der Orthografie gouf et 2019 éischt produktiv Kontakter tëschent dem Michel Weimerskirch an dem Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch (ZLS): Et war deenen zwou Parteie wichteg, datt dee beléiften Tool, deen all Dag vun Dausende vu Leit benotzt gëtt, direkt vum éischten Dag un déi aktualiséiert Grafië géif richteg erkennen. Déi flott Zesummenaarbecht huet schlussendlech derzou geféiert, datt den ZLS d'Spellchecker-Plattform rezent iwwerholl huet: Fir d'Rentrée 2023 geet se mat engem frësche Look online a completéiert nieft dem LOD (https://lod.lu) an der Schreifmaschinn (https://schreifmaschinn.lu) dem ZLS seng Offer u linguisteschen Outilen.

Virun Enn des Joers kënnt och nach eng nei Versioun vun der Spellchecker-App no.

Déi grouss Wierderlëscht vum Spellchecker gëtt nach emol kontrolléiert, éier se dann ënner der CC0-Lizenz fir jidderee gratis zur Verfügung gestallt gëtt. Dono gëtt se kontinuéierlech erweidert.

Sproocherkennung schreifmaschinn.lu: neie Modell, besser Transkriptiounen

Enn 2022 ass deen éischte Prototyp vun der Schreifmaschinn (https://schreifmaschinn.lu), engem Sproocherkennungstool fir d'Lëtzebuergescht, online gaangen. Iwwer deen Tool ka jidderee seng geschwate Sätz op eng einfach Aart a Weis verschrëftleche loossen.

Zanterhier ass d'Schreifmaschinn verbessert ginn: Engersäits ass se op neien Daten trainéiert ginn, déi deelweis speziell fir deen Zweck ausgeschafft goufen. Anerersäits gouf och en nach méi performante Modell implementéiert, an zwar Whisper vun OpenAI.

Doduerch funktionéiert d'Schreifmaschinn elo nach emol besser a kritt a gewësse Kontexter iwwer 90 % vun de Wierder richteg erkannt. Déi iwwerschaffte Versioun gëtt an de kommende Woche fir de Grand public gratis zougänglech gemaach.

Communiqué vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend

Aktualiséiert