D'Ausstellung "D'Lëtzebuerger Sprooch(en)" wandert weider op Ëlwen

Vum 5. bis den 9. August 2023 ass d'Wanderausstellung "D'Lëtzebuerger Sprooch(en)" zu Ëlwen all Dag vu 14 bis 18 Auer am Kulturzenter op 20, rue de Binsfeld ze gesinn. D'Ekipp vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) ass all Dag op der Plaz, fir d'Visiteuren duerch d'Ausstellung ze féieren.

Dës Wanderausstellung vum ZLS a vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend versteet sech als Invitatioun, fir sech mat Sprooch a Sproochen auserneenzesetzen.

No der Virstellung vun der Ausstellung den 29. Juni an der Abtei Neimënster war d'Belle Etoile hir éischt Statioun vum 12. bis den 22. Juli 2023. Nom Besuch zu Ëlwen wäert d'Wanderausstellung weider op Miedernach reesen (3. bis 9. September 2023), an de Forum Geesseknäppchen (29. September bis 4. Oktober 2023) an an den Institut national des langues Luxembourg (23. Oktober bis 10. November 2023). Weider Statioune si virgesinn.

D'Varietéiten am Lëtzebuergeschen an d'Verbindunge mat anere Sproochen

Den Titel vun der Ausstellung "D'Lëtzebuerger Sprooch(en)" ass bewosst méideiteg a soll déi komplex Sproochesituatioun zu Lëtzebuerg erëmspigelen.

Op där enger Säit bezitt sech den Titel natierlech op d'Lëtzebuergescht a seng Entwécklung. D'Ausstellung beschäftegt sech mat de Varietéiten, déi et am Lëtzebuergesche gëtt. D'Lëtzebuerger Sprooch ass kee Monolith, mee flexibel, kreativ an a konstantem Wandel.

Op där anerer Säit gëtt d'Méisproochegkeet, déi Lëtzebuerg ausmécht, thematiséiert. Och si ass en integrale Bestanddeel vum sproochlechen Ëmfeld, an deem sech d'Lëtzebuergescht beweegt an evoluéiert.

Matmaachen ausdrécklech erwënscht!

Déi nei mobil Ausstellung befaasst sech ënner anerem mat den Theemen: Méisproochegkeet, sproochlech Varietéiten, Geschicht, Sproochwandel, Lëtzebuergesch an der Literatur an an de Medien. Méi konkreet ginn an dräi Statioune follgend Aspekter ënner d'Lupp geholl:

  • Méisproochegkeet zu Lëtzebuerg
  • Wat ass Lëtzebuergesch a wéi funktionéiert d'Sprooch hautdesdaags?
  • Wéi gëtt eng Sprooch gemaach?

Nieft audiovisuellen Exponater bitt d'Ausstellung och partizipativ Elementer, bei deenen een zum Deel iwwer säi Smartphone ka matmaachen.

Véier Modüllen a véier Sproochen

D'Wanderausstellung besteet aus véier Modüllen, déi ee kann opklappen an déi eng Fläch vu ronn 120 m² an Usproch huelen. D'Texter si véiersproocheg – op Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an Englesch –, esou datt Kenntnisser am Lëtzebuergesche keng Viraussetzung sinn, fir d'Ausstellung kënnen ze suivéieren.

Communiqué par le ministère de l'Éducation nationale, de l'Enfance et de la Jeunesse / Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch

 

Aktualiséiert