Offiziell Aweiung vum Eltereforum zu Beetebuerg

Den 18. Juli 2023 huet de Claude Meisch, Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend den zweete regionalen Eltereforum zu Beetebuerg offiziell ageweit. Déi offiziell Aweiung vum éischten Eltereforum war den 8. Februar 2023 zu Nidderaanwen.

De regionale Eltereforum zu Beetebuerg, 13, rue du Nord, riicht sech virun allem un d’Elteren aus de Gemenge Beetebuerg, Hesper, Réiser, Weiler-la-Tour a Fréiseng.

Elteren an hirem Elteresinn ënnerstëtzen

D’Zil vun den Eltereforen ass et, d’Elteren z’ënnerstëtzen, vun deem Moment un, wou se Elteren ginn an duerch all de Phasen, déi hir Kanner duerchliewe bis se volljäreg sinn.

Dës Elterefore bidden eng Ënnerstëtzung un, déi meeschtens gratis an un d'Liewenssituatioun vun den Elteren ugepasst ass, duerch qualitativ Informatiounen an d'Bereetstellung vu Räimlechkeete wou si kënne mat aneren Elteren a Professioneller aus dem Beräich diskutéieren.

Hei gi Coursen, Owender, Versammlungen, awer och Elteren-Kand Aktivitéiten ugebueden.

Dës Elterefore sinn allgemeng gehalen a bidde keng spezialiséiert Betreiung un. Wann néideg, ginn d'Elteren un zoustänneg spezialiséiert Servicer weidergeleet.

Zur Zäit sinn Eltereforen zu Nidderaanwen, Beetebuerg a Maarnech aktiv. Aner Elterefore wäerten ab der Rentrée 2023 hir Dieren zu Bartreng, Esch-Belval, Ettelbréck, Hesper a Luerenzweiler opmaachen. De Site zu Wolz geet Ugangs 2024 op.

Fir méi iwwer d'Elterenfore gewuer ze ginn, kënnt Dir iwwer dëse Link op den Dossier de presse zougräifen.

Communiqué vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend

Aktualiséiert