Bilan vum Pilotprojet "Zesumme wuessen - Alphabetiséierung op Franséisch"

Den 19. Juli 2023 huet de Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch, eng Bilanz vum Pilotprojet vun der Alphabetiséierung gemaach, deen am Ufank vum Schouljoer 2022/2023 a véier Grondschoule lancéiert gouf.

De Pilotprojet mam Titel "Zesumme wuessen - alphabétisation en français" soll den Eltere vu Schüler aus der Grondschoul d'Méiglechkeet bidden ze wielen, ob hier Kanner op Däitsch oder Franséisch alphabetiséiert solle ginn. Den Undeel u Schüler an der Grondschoul, déi an hirer Famill net Lëtzebuergesch als éischt Sprooch schwätzen, ass am Schouljoer 2022/2023 op 67,7% geklommen.

De Projet dréit zur Diversifizéierung vun der Schouloffer an den ëffentleche Schoule bäi, déi nom nationale Schoulprogramm schaffen, an ass esou e weidere Schrëtt a Punkto Upassung vun der Lëtzebuerger Schoul un d’Besoine vun der Schoulbevëlkerung. En éischte wichtege Schrëtt war d'Schafe vun ëffentlechen Europaschoulen, déi no de Programmer vun den Europaschoule schaffen. Dës Schoule waren an hunn nach ëmmer e grousse Succès a konnte besonnesch am Beräich vun der Alphabetiséierung op Franséisch zolidd Erfarunge sammelen.

"D‘Alphabetiséierung ass e wichtege Moment, deen de Grondstee fir eng erfollegräich Schoulcarrière leet. De Choix vun der Alphabetiséierungssprooch an der ëffentlecher Grondschoul gëtt e wichtege Bestanddeel fir d’Ongläichheeten am Schoulsystem ze reduzéieren an dréit zu de Beméiunge vun der Bildungspolitik bäi, fir all de Schüler déi beschte Chance op Erfolleg ze bidden", betount de Minister Claude Meisch.

Véier Pilot-Schoulen

Véier Grondschoulen hunn zanter dem Ufank vum Schouljoer 2022/2023 um Pilotprojet "Zesumme wuessen – alphabétisation en français" deelgeholl: eng Grondschoul zu Déifferdeng (Schoul Uewerkuer), eng Grondschoul zu Diddeleng (Schoul Deich), d'Grondschoul vun der Gemeng Fiels (Fielser Schoul) an eng Grondschoul vun der Gemeng Schëffleng (Nelly Stein Schoul).

Dëse Projet betrëfft d'Klasse vum Cycle 1.2 an dëse Schoulen an d'Klasse vum Cycle 2.1 an der Schëfflenger Schoul (Nelly Stein Schoul). Zu Schëffleng hunn 28 Schüler aus de Klassen 2.1 um Pilotprojet 2022/2023 deelgeholl, vun deenen der 12 op Franséisch alphabetiséiert gi sinn. 2023/2024 wäerten an deene véier Schoulen 119 Schüler am Cycle 2.1 ageschriwwe sinn, vun deenen der 53 vun der Alphabetiséierung op Franséisch profitéiere kënnen.

Fir datt all Schüler vun der sproochlecher Diversitéit an hirer Klass profitéiere kënnen, huelen d‘Schüler, déi entweder op Däitsch oder Franséisch alphabetiséiert si an deene meeschte Fächer zesummen um Unterrecht deel, mat Ausnam, natierlech vun der Alphabetiséierung. Déi schrëftlech Erklärunge ginn op Däitsch a Franséisch geschriwwen. Am Cycle 2 gëtt de Mathematikunterrecht a béide Sprooche ugebueden.

Am Kader vum Pilotprojet, dee vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend an Zesummenaarbecht mat de Gemengenautoritéiten, de regionalen Direktioune vun der Grondschoul a vum Schoulpersonal lancéiert gouf, bidden déi concernéiert Enseignanten den Elteren d’Méiglechkeet fir kënnen tëscht enger Alphabetiséierung op Franséisch oder op Däitsch fir hiert Kand ze wielen.

Fir Schüler, deenen hir Elteren sech fir eng Alphabetiséierung op Franséisch entscheeden, gëtt Franséisch déi éischt geschriwwen a geschwate Sprooch an de mëndlechen Däitschunterrecht fänkt am Cycle 2, wärend de schrëftlechen Däitschunterrecht am Cycle 3 ufänkt.

D'Lëtzebuergescht als Integratiounssprooch spillt och weiderhin eng wichteg Roll an dësem Pilotprojet an Dräisproochegkeet an onse Grondschoule gëtt net a Fro gestallt.

Um Enn vum Cycle 4 hunn d'Schüler déi néideg Kompetenzen am Franséischen an am Däitsche fir kënnen op enger 7e am Enseignement secondaire classique oder am Enseignement secondaire général zu Lëtzebuerg opgeholl ze ginn, oder an enger Klass an enger ëffentlecher Europaschoul.

De Choix vun der Alphabetiséierung: eng Entscheedung vun den Elteren

Am Laf vum Cycle 1 kucken d'Enseignante zesumme mat den Elteren op eng Alphabetiséierung op Franséisch a Fro kéim. Zu den Auswielkriterien zielt virun allem dat sproochlecht Ëmfeld an deem Kand sech bis dohinner entwéckelt huet: d'Sprooch oder d'Sproochen déi an der Famill oder an enger Betreiungsstruktur (Crèche, Maison relais, Dageselteren asw.) geschwat ginn grad esou wéi familiär Projeten. Déi endgülteg Entscheedung iwwer d'Sprooch vun der Alphabetiséierung läit bei den Elteren.

Begleedung, Formatioun a wëssenschaftlech Evaluatioun

D'Léierpersonal dat um Projet deelhëllt gëtt vun hire jeweilige Grondschouldirektiounen a vun Enseignanten aus den ëffentlechen Europaschoulen, déi Erfarungen an deem Beräich hu begleet, ënnerstëtzt an geleet. Den Institut de formation de l'éducation nationale (IFEN) proposéiert Coursen déi un d'Bedürfnisser vun den Enseignanten ugepasst sinn. Fir den Austausch tëschent de véier Schoulen, déi um Pilotprojet deelhuelen ze fërderen, gouf en Netzwierk tëschent den Enseignante ageriicht.

De Pilotprojet gëtt vun engem wëssenschaftleche Berodungsgrupp, deen aus internationalen Experte besteet, begleet.

De Luxembourg Center for Educational Testing (LUCET) vun der Universitéit Lëtzebuerg ass fir d'Evaluatioun zoustänneg, mëttels Froebéi fir d'Elteren, Epreuves standardisées a Reflexiounsgruppen. Déi éischt Resultater mat virleefege Conclusiounen ass 2024 disponibel an e méi ausféierlechen Tëschebilan ass fir 2026 virgesinn.

Eng allgemeng Aféierung bis 2026/2027

Op der Grondlag vun de Conclusioune vum Tëscherapport wäert decidéiert ginn, d’Offer fir d'Alphabetiséierung op Franséisch op nationalem Niveau ze generaliséieren.

En Informatiounsportal fir de Pilotprojet

Sämtlech Informatiounen iwwer de Pilotprojet "Zesumme wuessen - alphabétisation en français" fannt Dir um Portal alpha.script.lu, dee vum Service pour la Coordination de la Recherche pédagogique et d'Innovation (SCRIPT) entwéckelt gëtt, deen och de Pilotprojet fir d'Alphabetiséierung op Franséisch koordinéiert.

De Portal op Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch bitt – nieft Neiegkeeten an Dokumentatioun vum Pilotprojet – vill Interviewe mat Elteren an Enseignanten.

Communiqué  vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend

 

Aktualiséiert