eduGuichet: Een Online-Guichet fir déi national Educatioun

Den 26. Juni 2023 huet de Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend den eduGuichet, eng digital Plattform, déi den Zougang zu zuelräichen digitale Servicer fir Elteren a Schüler federéiert. D'Consultatioun vu perséinlechen Dokumenter an d'Ausféierung vun administrativen Demarchen am Zesummenhang mam Lëtzebuerger Bildungssystem ginn esou méi einfach, effizient a méi no bei den Elteren a Schüler.

D'Plattform www.eduguichet.lu bitt ee breet Spektrum u Prestatiounen, déi vun der fréier Kandheet an der Primärschoul bis hin zum Lycée, der Erwuessenebildung an dem Museksunterrecht ginn. Aktuell bitt den eduGuichet ongeféier 15 Servicer un. D'Offer gëtt an Zukunft erweidert an ausgebaut.

"Den eduGuichet markéiert een entscheedende Fortschrëtt bei der Digitaliséierung vun der Servicer am Bildungsberäich. Mat dëser Plattform erliichtere mir den Elteren a Schüler déi administrativ Demarchen a maachen ee qualitative Sprong beim Suivi vun de Bildungsaktivitéite vu Kanner a Jugendlechen", betount de Minister Claude Meisch.

eduGuichet - eng digital Dokumentatioun fir eng besser Betreiung vun de Schülerinnen a Schüler

Den eduGuichet moderniséiert déi kontinuéierlech Dokumentatioun vun der Progressioun an de Resultater vun de Schüler. Déi nei digital Plattform verbessert den Zougang, de Stockage an d'Organisatioun vun de wichtegsten Dokumenter. Duerch een zentralen Zougang bitt den eduGuichet Elteren a Schüler een ëmfaassenden Iwwerbléck iwwer d'Donnéeë vum Schoulparcours an anere Servicer am Zesummenhang mam Encadrement vu Kanner a Jugendlechen. Doriwwer eraus beschleunegt d'Digitaliséierung déi administrativ Demarchen a mécht se méi effizient.

eduGuichet - e personaliséierten a séchere Beräich

Den eduGuichet gouf als komplett "responsive" Applikatioun entwéckelt, déi mat all Standard-Webbrowser op Computeren, Tablets oder Smartphone gebraucht ka ginn, ouni dass eng App erofgeluede muss ginn. Den Zougang funktionéiert unhand vun enger staarker Authentifizéierung iwwer LuxTrust.

Nom 1. Login kënnen Elteren oder legal Tuteuren a Schüler (vun der Septième un) eng Rei vun Online-Servicer notzen, déi mam Bildungsoptrag vun der ëffentlecher Schoul an der Bildungsoffer, an där de Schüler ageschriwwen ass, am Zesummenhang stinn.

  • An der Applikatioun "Enseignement" zum Beispill kann den Elterendeel/de Schüler ee Certificat de scolarité, Kopië vun den Zensuren, Tëscheresultater, Zertifikater iwwer den erfollegräichen Ofschloss vun der Beruffsausbildung, d'Resultater vun den Ofschlossprüfungen, asw. generéieren.
  • An der Applikatioun "Éducation non formelle" kënnen d'Elteren eng "myCard fir Staark Kanner" ufroen.
  • An der Applikatioun "Restopolis" (Restauratioun am Enseignement secondaire) kënnen d'Elteren den Historique vun de consomméierte Platen vum Kand nokucken, de Restopolis-Konto oplueden, d'Menüen consultéieren a Platen reservéieren.
  •  Eng besonnesch interessant Applikatioun fir d'Rentrée ass d'Applikatioun "MyBooks", mat där een de Katalog vun den obligatoreschen a fakultative Schoulbicher fir de Lycée duerchkucken a gratis Léierbicher auswiele kann, déi dann an der Librairie ofgeholl kënne ginn.
  • D'Resultater vun den Ofschlossprüfunge vum Secondaire classique a général ginn an Zukunft direkt an der Applikatioun "BAC" fir d'Schüler vun den Ofschlossklasse verëffentlecht. ​

Entdeckt den eduGuichet iwwer www.eduguichet.lu.

Communiqué vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend 

Aktualiséiert