Presentatioun vum Lëtzebuerger Sproochatlas 1900

"E Monument fir eis Sprooch." Esou nennt de Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch, deen neie Sproochatlas vum Alain Atten a Claude Schmit. Den 19. Juni 2023 gouf en am Forum Geesseknäppche virgestallt. Ënnert de ronn 200 Gäscht waren och den Éierestaatsminister Jacques Santer an den Direkter vum Institut für Deutsche Sprache vu Mannheim, de Prof. Dr. Henning Lobin, deen a senger Interventioun vun engem "wichtege Moment fir d'Lëtzebuerger Sprooch" geschwat huet.

  1. ©MENEJ

    Illustratioun

    Illustratioun

  2. ©MENEJ

    Presentatioun

    Presentatioun

  3. ©MENEJ

    Claude Meisch, Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend

    Claude Meisch, Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend

  4. ©MENEJ

    Gruppefoto

    Gruppefoto

  5. ©MENEJ

    Illustratioun

    Illustratioun

De Lëtzebuerger Sproochatlas 1900 geet der Fro no, wéi zu Lëtzebuerg geschwat gouf an zum Deel nach ëmmer geschwat gëtt: Seet ee Léckt, Läckt, Lätt, Lëtt, Latt, La-it oder Leit? Gebraucht een anescht oder anischt, ass et fir een e Gesit, Gesiicht oder e Gesiischt?

An de 60er- a 70er-Jore vum viregte Joerhonnert ass den Alain Atten queesch duerch d'Lëtzebuerger an duerch d'Areler Land gezunn, fir gewuer ze ginn, wéi d'Leit, déi ëm 1900 gebuer waren, géife schwätzen. Seng Recherchen iwwer déi sëllege lokal Sproochvariante gehéieren zu de wäertvollste Stäipe vum Sproochmates. Ëmmerhin huet den Alain Atten de Leit op 546 Plazen zu Lëtzebuerg an op 72 Plazen hei vir an der Belsch ganz genee nogelauschtert. Wonnerbar vum Claude Schmit kartograféiert si seng Daten elo fir jiddereen erreechbar a liicht ze verstoen. Eng Zäitrees duerch d'Dialekter, déi een esou bal net vergësst!

Iwwer d'Buch

De Lëtzebuerger Sproochatlas 1900 bitt 640 Säiten am A3-Format. E gëtt erausgi vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) zesumme mam Institut grand-ducal de Luxembourg, Section de linguistique, d'éthnologie et d'onomastique (IGD-LEO). D'Buch ass zweesproocheg: Et schwätzt mat de Lëtzebuerger an de Leit zu Lëtzebuerg, ma et wëllt och op si fir all d'Leit, besonnesch fir déi vun der Germanistik. Dofir ass et lëtzebuergesch gerummt, ma den Haapttext, d'Lëschten an d'Kaartelegende sinn op Däitsch, esou wéi am Robert Bruch sengem Luxemburgischer Sprachatlas vun 1963. Well d'Daten all digitaliséiert goufen, sti fir hir Visualiséierung all d'Dieren op. No an no solle se och iwwert de Lëtzebuerger Online Dictionnaire (lod.lu) ze erreeche sinn.

Fir de Minister Claude Meisch stellt dem Alain Atten seng Aarbecht e Meilesteen fir d'Lëtzebuerger Sprooch duer. De Jean Ensch, President vum IGD-LEO, geheit e Bléck op d'Geschicht vun de Sproochekaarten zu Lëtzebuerg an den ZLS-Direkter Luc Marteling retracéiert d'Entsteeungsgeschicht, och déi rezent, vum neie Sproochatlas, bei där e sëllege Leit an Institutiounen eng Hand mat ugepaakt hunn.

Den Alain Atten geet a sengem Fuerschungsbericht "Al-Lëtzebuergesch" (op Däitsch) ënnert anerem op "Arbeitsweise", "Sprachproben", "Mundarträume" a "Kartenbilder" an a sträift och d'Fro: "Hoch- oder Neuluxemburgisch?".

No den Aleedungstexter kommen eng Iwwersiicht iwwer de Gebrauch vun de Lautzeichen am Atlas (an de Kaartelegende gëtt mam internationale phoneeteschen Alphabet IPA geschafft), eng Etymonelëscht mat der Geschicht vun den ofgefrote Wierder an eng Grondkaart mat sämtleche Beleeguerter. Esou eng gëtt et och um hënneschten Deckel vum Buch, déi ee bequeem kann ausklappen, datt se nieft de Kaarte läit.

Den eigentlechen Atlas besteet aus 568 Dialektkaarten, aus zwou Koinè-Kaarte mam duebele Versuch vun enger Synthees an – als Ausbléck – zwou Wuertkaarten: "Bachstelze" (Panewippchen) an "Eidechse" (Edres). De Band 2 vum Lëtzebuerger Sproochatlas 1900, mat deem elo ugefaange gëtt, konzentréiert sech op esou Wuertkaarten, déi d'Verbreedung vu bestëmmten, regional gebrauchte Wierder duerstellen (z. B. Päiperlek, Pimpampel, Millermoaler...). Den Ofschloss maachen eng Bibliografie mat méi ewéi 700 Referenzen an en Uertsnimm-Regëster an dräi Sproochen, esou datt jiddereen dat fënnt, wat e sicht, egal a wéi enger Sprooch e sicht.

Iwwer d'Auteuren

De Mag. Alain Atten, Joergang 1938, gëllt als ee vun de ganz grousse Kenner vun der Lëtzebuerger Sprooch. Mat dësem Wierk léisst de bekannte Sproochmates d'Leit u sengem breede Wëssen iwwer déi lokal Mondaarten deelhuelen.

Den Dr. Claude Schmit, Joergang 1977, ass Geografiesprofesser am Sportlycée an huet Freed mat der Kartografie. Et war him e Pleséier, déi sproochlech Froebicher vum Alain Atten op eng flott a modern Aart a Weis an d'Bild ze setzen.

Op Säite vum ZLS hu besonnesch d'Linguistinnen Dr. Nathalie Entringer an Dr. Sara Martin um Atlas matgeschafft.

Praktesch Informatiounen

Mag. Alain Atten (Daten) an Dr. Claude Schmit (Kaarten):

Lëtzebuerger Sproochatlas 1900 – Laut- a Formenatlas

Editeuren: Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch an Institut grand-ducal de Luxembourg, Section de Linguistique, d'Ethnologie et d'Onomastique

Co-Editeur: SCRIPT

Copyright: Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, Lëtzebuerg 2023

Koordinatioun a Korrektur: Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch

Layout: Bakform, Patrick Hallé

Dréckerei: Imprimerie Centrale, 1. Oplo 2023

ISBN 978-2-9199644-0-6

A3-Format, Hardcover, 640 Säiten, 75 Euro (Vente iwwer d'Librairien)

Presseexemplairë beim ZLS (lod@lod.lu)

Fotoe vun der Presentatioun: ZLS/Steve Müller

Fotoe vun den Auteuren: ZLS/Sophie Margue

Communiqué vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend 

Aktualiséiert