Eng Schoul fir jiddereen - eng Campagne fir op déi schoulesch Inklusioun opmierksam ze maachen

D'Schüler an hir Elteren, mee och d'Personal vun der Éducation nationale iwwer d'Méiglechkeete fir déi schoulesch Inklusioun vu Schüler mat spezifesche Besoinen ze sensibiliséieren an ze informéieren, esouwéi déi inklusiv Educatioun ze fërderen, dëst sinn d'Ziler vun der neier Sensibiliséierungscampagne Eng Schoul fir jiddereen, déi vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend lancéiert gouf.

Ee vun de grousse Prinzipie vum Lëtzebuerger Schoulsystem ass et fir all Schüler accessibel ze sinn, och fir déi di spezifesch Besoinen hunn. Et geet drëms fir d'Diversitéit vu jidderengem ze berécksichtegen an esou kënnen e schoulesche Parcours unzebidden, deen un al Besoin adaptéiert ass.

Mat der Aféierung vun engem System fir d'Betreiung vun de Schüler mat spezifesche Besoinen, dee kontinuéierlech ugepasst gëtt, setzt sech Lëtzebuerg massiv fir déi schoulesch Inklusioun an. D'Zil ass et de Schüler ze erméiglechen hir Schoulausbildung an hirer Klass vum regulären Unterrecht fortzesetzen, wa sou eng Inklusioun méiglech ass a vum Schüler a vun den Eltere gewënscht gëtt.

D'Campagne Eng Schoul fir jiddereen gouf den 12. Juni 2023 lancéiert a soll d'Bevëlkerung interpelléieren, interesséiert Persounen invitéieren d'Moossnamen ze entdecken, déi am Kader vun der schoulescher Inklusioun agesat goufen an erméiglecht och eng besser Informatioun iwwer de Fonctionnement vum System vun de bedeelegten Acteuren.

D'Campagne besteet aus informative Videoen, Affichen, déi op nationalem Niveau op urbanen Ariichtungen, an de Schoulen a Bildungsstrukturen diffuséiert ginn, an aus enger Presenz um Internet an de sozialen Netzwierker. Esou kann iwwer eng Dauer vun engem Mount e breede Public erreecht ginn.

Communiqué vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend

 

Aktualiséiert