Fir eng Schoul vun der Integratioun: eng besser Orientatioun an en individuelle Suivi vu Kanner, déi op Lëtzebuerg kommen

De 6. Juni 2023 huet de Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch, op enger Pressekonferenz en neien Dispositif d'accueil fir Kanner a Jonker, déi nei op Lëtzebuerg kommen, virgestallt. An engem Projet de loi, iwwert deen deemnächst an der Chamber ofgestëmmt wäert ginn, wäert d'Qualitéit vun de Mesurë fir den Accueil an d'Integratioun vu Schüler aus dem Ausland an den ëffentleche Schoulsystem zu Lëtzebuerg nach emol verbessert ginn.

  1. ©MENEJ

    Claude Meisch, Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend

    Claude Meisch, Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend

  2. ©MENEJ

    Pierre Reding, Chef vun der Generaldirektioun fir Integratioun

    Pierre Reding, Chef vun der Generaldirektioun fir Integratioun

Mam "Service de l'intégration et de l'accueil scolaires” (SIA) kritt all Kand a Jonken eng systematesch a ganzheetlech Prise en charge esouwéi eng individualiséiert Orientatioun an de Lëtzebuerger Schoulssystem.

"Mir kréie säit Joerzéngte vun nationalen an internationalen Etuden gesot, dass eise Schoulsystem sozial Inegalitéite reproduzéiert. Virun allem Kanner aus sozial schwaache Famillen a mat Migratiounshannergrond sinn dovu betraff. An deene vergaangenen 10 Joer hu mir dofir d'international Offer an eisem ëffentleche Schoulsystem staark ausgebaut. Elo geet et nach drëm, dass déi concernéiert Famillen de Wee bei déi Offer fannen, déi am beschte bei hiert Kand passt, an dobäi begleet ginn. Dëst ass eng wichteg Reform, mat där mir e weidere Steen leeë fir méi sozial Gerechtegkeet an eng besser Integratioun an d'Schoul an an d'Gesellschaft”, huet de Claude Meisch op der Pressekonferenz ënnerstrach.

E Guichet unique fir eng systematesch Prise en charge

Mat der Schafung vum "Service de l'intégration et de l'accueil scolaires” (SIA) gëtt zudeem ee Guichet unique kreéiert, deen e systemateschen Accueil vu Famillen, déi nei op Lëtzebuerg kommen, erméiglecht. Dës zentral Ulafstell, déi elo schonn an der Maison de l'Orientation Form ugeholl huet an hir Preuven an der Prise en charge vun den ukrainesche Flüchtlinge bruecht huet, begleet d'Elteren an d'Schüler mat Informatioune ronderëm déi schoulesch esouwéi déi non-formal Bildungsoffer zu Lëtzebuerg, esou wéi méiglech Hëllefen a Begleetmoossnamen. Donieft bitt dëse Guichet unique:

  • eng Analys vun der Situatioun vun de Kanner: Een Dossier iwwert déi bestoend schoulesch Acquise gëtt etabléiert an déi individuell Situatioun vum Schüler duerch Tester, Observatiounen an Entretienen analyséiert.
  • eng systematesch Prise en charge vun all Kand, fir eng séier Integratioun an eng regulär Klass esouwéi och seng perséinlech Entwécklung ze fërderen.

Als Service ënnerstëtzt de SIA d'Schoulen, d'Lycéeën an d'Kompetenzzentren an hirer Integratiounsmissioun vun de Schüler, déi nei op Lëtzebuerg kommen, a vernetzt déi lokal Acteure fir d'schoulesch Integratioun mateneen.

E Projet d'accueil fir eng individuell Orientatioun

Am Mëttelpunkt vum SIA steet, am Sënn vun der Interkulturalitéit, eng ganzheetlech Approche fir déi Schüler, déi nei op Lëtzebuerg kommen, bei där hir Kompetenzen an d'Entwécklung vun hirer Identitéit valoriséiert ginn. Dëst geschitt a Form vun engem Projet d'accueil:

  • Nodeems am SIA d'Wënsch, d'Besoinen an d'Kompetenze vum Schüler festgehale ginn, gëtt ee Projet d'accueil ausgeschafft, deen de Schüler bis un d'Enn vu senger Integratiounsperiod begleet. Zil ass et, de Schüler an ee gëeegente Schoulparcours ze orientéieren, dee senger Situatioun entsprécht an deen him et erlaabt, sech se entwéckelen.
  • Zesumme mat der zukünfteger Schoul, dem Kompetenzzenter oder dem Lycée vum Schüler gëtt dësen Accueilsprojet ëmgesat. Dëse Projet begleet de Schüler bis un d'Enn vu

senger Integratiounsphas a proposéiert eng Orientatioun an eng passend Klass, zeechent dee gëeegente Schoulparcours vir an definéiert eventuell Hëllefsmesuren oder Upassungen am Schoulalldag.

En individuelle Suivi wärend 2 Joer fir eng gutt Integratioun

Den nei kreéierte SIA assuréiert awer net just déi individuell Prise en charge, mee och en enke Suivi vum Schüler wärend 2 Joer: Eng Bewäertung vun de schoulesche Leeschtungen an dem Progrès esouwéi Observatiounen an der Klass gi reegelméisseg mam etabléierte Parcours ofgeglach. Falls néideg, kann esou och de Projet d'accueil ugepasst ginn, fir weiderhin eng optimal Begleedung vum Schüler ze garantéieren.

Duerfir gëtt eng Persoun designéiert, déi um Niveau vun der Schoul als Uspriechpartner souwuel fir de SIA, d'Elteren an och d'Léierpersonal agéiert, a sou eng geziilt Kommunikatioun ronderëm d'Interête vum Schüler fërdert.

Duerch déi individuell Parcoursen, Hëllefen an Upassungen, déi am Projet d'accueil festgehal ginn, kritt all Schüler d'Chance, eng Qualifikatioun oder en Diplom ze kréien an domat een Deel vun der Gesellschaft zu Lëtzebuerg ze ginn.

Communiqué vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend

 

Aktualiséiert