Wal vun den zwielef Membere vun der neier nationaler Elterevertriedung

E Samschden, de 25. Februar 2023 goufen déi 12 Membere vun der zweeter nationaler Elterevertriedung gewielt: véier fir d'Grondschoul, sechs fir de Lycée an zwee fir d'psychopedagogesch Kompetenzzenteren 71 sektoriell Vertrieder hunn um Vott deelgeholl, dovunner 37 Kandidaten (19 fir d'Grondschoul, 14 fir den Enseignement secondaire a 4 fir d'psychopedagogesch Kompetenzzenteren). De Vott huet am Forum Geesseknäppchen zu Lëtzebuerg stattfonnt, a Presenz vum Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch a vu Vertrieder vum nationale Schülercomité Lëtzebuerg (CNEL). 

©MENEJ (v. l. n. r.) Clothilde Voisin; Paula Da Cruz; Eduarda Neves Do Rosario; Christian Pierre; Claude Meisch, Miniter fir Educatioun, Kanner a Jugend; Alain Massen; Mike Wampach; Carla Carvalho; Stella Falkenberg; Sandra Zins; Sylvie Strasser; Jorge Da Sousa; Christiane Schaus
(v. l. n. r.) Clothilde Voisin; Paula Da Cruz; Eduarda Neves Do Rosario; Christian Pierre; Claude Meisch, Miniter fir Educatioun, Kanner a Jugend; Alain Massen; Mike Wampach; Carla Carvalho; Stella Falkenberg; Sandra Zins; Sylvie Strasser; Jorge Da Sousa; Christiane Schaus

"Elteren ze sinn ass hautdesdaags eng wichteg Aufgab. Sech zesumme mat aneren Elteren am Interessi vun de Kanner an de Jugendlechen anzesetzen, verdéngt héich Unerkennung. Am Laf vun de leschte Joren huet sech déi national Elterevertriedung als e staarke Partner un der Säit vum nationale Bildungssystem erwisen. En oppent Ouer an eng wichteg Stëmm fir op Aenhéicht iwwer d'Wuelbefannen an d'Bildung vun eise Kanner ze diskutéieren", huet de Claude Meisch betount.

Déi national Elterevertriedung ass per Gesetz den 1. August 2018 agefouert ginn an déi éischt Vertriedung gouf am Februar 2020 gewielt. D'Aufgab vun der Elterevertriedung ass et d'Uleiesse vun den Elteren an den Debat em d'Educatioun matanzebezéien. Esou kritt d'Partnerschaft tëschent der Schoul an den Elteren eng nei Dimensioun. Eng vun de Missioune vun den nationalen Elterevertrieder ass et fir sech am Numm vun allen Elteren aus dem Land iwwer sämtlech Froen, déi d'Interessie vun den Elteren an de Kanner betreffen, ze äusseren. Fir hir Missioune beschtméiglech kënnen ze erfëllen, hunn déi gewielte Vertrieder aacht Deeg Congé pro Joer.

Déi national Vertriedung besteet aus 12 Memberen a gëtt ënnert a vun de Vertrieder vun den dräi Secteure gewielt. Dës sektoriell Vertrieder sinn am Virfeld gewielt ginn, nämlech zwee sektoriell Vertrieder pro Direktioun vun der Grondschoul, zwee pro ëffentlechem Lycée, ee pro private Lycée an zwee pro Kompetenzzenter.

Wärend der Wal vun der zweeter nationaler Vertriedung de 25. Februar 2023, konnten d'Participanten an d'Kandidate sech an Aarbechtsgruppe besser kenneléieren, ier et zum Vott koum.

D'Elteren déi op lokalem, sektoriellen an nationale Plang gewielt goufen hunn Zougang zu enger gesécherter elektronescher Plattform wou si sech ënnerteneen austauschen a kommunizéiere kënnen. Des Weidere gëtt et eng "Sondage"-Funktioun déi et de nationale Vertrieder erlaabt, d'Meenung vun de lokale Vertrieder ze héieren an hiren Avis besser kënnen ze begrënnen.

Déi national Vetrieder, déi 2023 gewielt goufe sinn:

  • fir d'Grondschoul:
  • Alain Massen
  • Mike Wampach
  • Christian Pierret
  • Carla Carvalho
  • fir den Enseignement secondaire:
  • Sylvie Strasser
  • Jorge De Sousa
  • Christiane Schaus
  • Stella Falkenberg
  • Clothilde Voisin
  • Sandra Zins
  • fir d'psychopedagogesch Kompetenzzenteren:
  • Paula Da Cruz
  • Eduardo Neves Do Rosario

Déi 12 Vertrieder hunn den Alain Massen als President vun der zweeter nationaler Elterevertriedung gewielt.

Communiqué vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend

Aktualiséiert