COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 15. bis de 21. August

An der Woch vum 15. bis de 21. August goufen 751 Persoune positiv op COVID-19 getest.

D'Zuel vun de PCR-Tester, déi an der Woch vum 15. bis de 21. August duerchgefouert goufen, ass vu 5.089 op 4.709 erofgaangen.

Bannent der Referenzperiod, hu 19 Persounen e positiven Antigène-Schnelltest gemellt, géintiwwer 16 déi Woch virdrun. Domat läit d'Gesamtzuel vun de positiven Antigène-Schnelltester, déi vu medezineschem Fachpersonal duerchgefouert goufen, bei 3.436. Et sief nach drop higewisen, dass déi gemellte positiv Antigène-Schnelltester fir de Positivitéitstaux net matgerechent ginn.

Op den 21. August, war d'Zuel vun den aktiven Infektiounen op 1.972 erofgaangen (am Verglach zu 2.560 den 14.08.), wärend d'Zuel vun de geheelte Persoune vun 281.451 op 282.790 geklommen ass. D'Altersmoyenne vun de positiv geteste Fäll läit bei 44,1 Joer.

An der Woch vum 15. bis den 21. August, gouf et keng weider Doudesfäll am Zesummenhang mam COVID-19. ​

An de Spideeler goufen et 9 nei Hospitalisatioune vu COVID-Patienten an der Normalfleeg, géintiwwer 12 an der viregter Woch. Op der Intensivstatioun läit d'Zuel vun de beluechte Better bei 1. D'Altersmoyenne vun den hospitaliséierte Patienten läit bei 59 Joer.

Positivitéitstaux an Inzidenz-Taux

Bannent der Referenzperiod, ass den effektive Reproduktiounstaux (RT eff) mat 0,99, géintiwwer 0,77 an der viregter Woch, eropgaangen. De Positivitéitstaux vun den Tester (Ordonnance, Contacttracing) ass op 15,95%, géintiwwer 17,47% an der Woch virdrun, erofgaangen.

Den Inzidenz-Taux op 7 Deeg läit bei 116 Fäll pro 100.000 Awunner.

Re-Infektiounen an certifiéiert Selbsttester ginn an der Berechnung vum Inzidenztaux mat abegraff. Am Verglach zur viregter Woch ass den Inzidenztaux an allen Altersgruppen erofgaangen. Déi gréisste Baisse gëtt et bei der Alterstranche vu 60-74 Joer (-32%) an an der Alterstranche vu 15-29 Joer (-20%). ​

Deen niddregsten Inzidenztaux gouf et an der Alterstranche vun den 0-14 Joer mat 81 Fäll pro 100.000 Awunner. Deen héchsten Inzidenztaux gouf et an der Alterstranche vun 30-44 Joer mat 215 Fäll pro 100.000 Awunner.

Impfung: aktuell Lag

An der Woch vum 15. bis de 21. August 2022 goufen am Ganze 1.579 Dosissen aginn. 20 Persoune kruten eng 1. Dosis, 28 kruten déi 2. Dosis, 146 Persoune kruten eng éischt komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema, 1.372 kruten eng zweet komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema a 13 kruten eng drëtt komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema. Domat klëmmt d'Gesamtzuel vun den administréierten Impfdosisse bis de 22. August op 1.289.869.

474.495 Persounen hunn ee kompletten Impfschema, wat engem Impftaux vun 79% vun der impfbarer Bevëlkerung entsprécht (also Persounen iwwer 5 Joer).

"Impf-Bus on tour"

Déi nächst Rendez-vouse vum "Impf-Bus on tour" ginn um Site  www.covidvaccination.lu matgedeelt.

Et sief nach drop higewisen, dass d'Impfung ouni Rendez-vous gemaach gëtt (Carte d'identité an CNS-Kaart sinn obligatoresch). Et kann entweder eng Éischtimpfung oder e Booster (Impfrappel) gemaach ginn.

D’Impfungen am Impfbus ginn ouni Rendez-vous gemaach. Dat bedeit, dass ee waarde muss, bis een un der Rei ass. Virun allem bei groussem Undrang, kann dat zu längere Waardezäite féieren. Fir esou Waardezäiten ze vermeiden a fir méi Confort, hutt Dir och d’Méiglechkeet e passende Rendez-vous am Impfzenter, bei engem Dokter oder an enger Apdikt ze huelen.

Evolutioun vun de Varianten

D'Donnéeën zu der Sequenzéierung vun de Variante fënnt een all Freideg um Site vum Nationale Gesondheetslabo (Laboratoire national de Santé, LNS) https://lns.lu/en/publications-en

Monitoring vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kader vum SARS-CoV-2

De CORONASTEP-Rapport gëtt all 15 Deeg publizéiert.

De nächste Rapport ass fir en Dënschdeg, 30. August virgesinn a betrëfft dann d'Donnéeë vun de Kalennerwochen 33 an 34.

D'Rapporte vum CORONASTEP kënnen um Site vum LIST consultéiert ginn: https://www.list.lu/en/covid-19/coronastep/.

Communiqué vum Gesondheetsministère, dem Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, dem Nationale Gesondheetslabo (LNS) an dem Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST)

Aktualiséiert