COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 18. bis de 24. Juli 2022

An der Woch vum 18. bis de 24. Juli ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vu 4.830 op 3.577 erofgaangen (-26%).

D'Zuel vun de PCR-Tester, déi an der Woch vum 18. bis de 24. Juli duerchgefouert goufen, ass vun 13.222 op 10.580 erofgaangen.

Bannent der Referenzperiod, hu 37 Persounen e positiven Antigène-Schnelltest gemellt, géintiwwer 67 déi Woch virdrun. Domat läit d'Gesamtzuel vun de positiven Antigène-Schnelltester, déi vu medezineschem Fachpersonal duerchgefouert goufen, bei 3.366. Et sief nach drop higewisen, dass déi gemellte positiv Antigène-Schnelltester fir de Positivitéitstaux net matgerechent ginn.

Op de 24. Juli, war d'Zuel vun den aktiven Infektiounen op 8.891 erofgaangen (am Verglach zu 10.797 de 17.07.), wärend d'Zuel vun de geheelte Persoune vun 265.448 op 270.931 geklommen ass. D'Altersmoyenne vun de positiv geteste Fäll läit bei 42,8 Joer.

An der Woch vum 18. bis de 24. Juli goufen et 0 weider Doudesfäll am Zesummenhang mam COVID-19.

An de Spideeler goufen et 21 nei Hospitalisatioune vu COVID-Patienten an der Normalfleeg, géintiwwer 28 an der viregter Woch. Op der Intensivstatioun läit d'Zuel vun de beluechte Better bei 0. D'Altersmoyenne vun den hospitaliséierte Patiente läit bei 56 Joer.

Positivitéitstaux an Inzidenz-Taux

Bannent der Referenzperiod, ass den effektive Reproduktiounstaux (RT eff) mat 0,88 géintiwwer 0,89 an der viregter Woch, erofgaangen. De Positivitéitstaux vun den Tester (Ordonnance, Contacttracing) ass op 33,81%, géintiwwer 36,55% an der Woch virdrun, erofgaangen.

Den Inzidenztaux op 7 Deeg ass op 554 Fäll pro 100.000 Awunner erofgaangen, géintiwwer 748 Fäll pro 100.000 Awunner an der Woch virdrun.

Re-Infektiounen an certifiéiert Selbsttester sinn an der Berechnung vum Inzidenztaux mat abegraff. Am Verglach zur viregter Woch ass den Inzidenztaux a follgenden Altersgruppen erofgaangen: 0-14 Joer (-47%), 15-29 Joer (-15%), 30-44 Joer (-23%), 45-59 Joer (-28%), 60-74 Joer (-28%), 75+ Joer (-30%).

Deen niddregsten Inzidenztaux gouf et an der Alterstranche vun den 0-14 Joer mat 398 Fäll pro 100.000 Awunner. Deen héchsten Inzidenztaux gouf et an der Alterstranche vun 30-44 Joer mat 1.010 Fäll pro 100.000 Awunner.

Kontaminatiounen

Opgrond vun der héijer Zuel un Infektiounen, ass et net méiglech all d'Fäll vun der Woch unzeruffen, z'iwwerpréiwen an déi méiglech Kontaminatiounssource z'identifizéieren, sou wéi nozevollzéien wéi vill vun de positive Fäll bannent de 14 Deeg virum Testresultat op enger Auslandsrees waren.

Impfung: aktuell Lag

An der Woch vum 18. bis de 24. Juli 2022, goufen am Ganzen 6.385 Dosissen aginn. 37 Persoune kruten eng 1. Dosis, 84 kruten déi 2. Dosis, 484 Persoune kruten eng éischt komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema, 5.763 kruten eng zweet komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema an 17 kruten eng drëtt komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema. Domat klëmmt d'Gesamtzuel vun den administréierten Impfdosisse bis de 25. Juli op 1.288.367.

474.286 Persounen hunn ee kompletten Impfschema, wat engem Impftaux vun 78,9% vun der impfbarer Bevëlkerung entsprécht (also Persounen iwwer 5 Joer).

"Impf-Bus on tour"

Déi nächst Rendez-vouse vum "Impf-Bus on tour" ginn um Site www.covidvaccination.lu matgedeelt.

Et sief nach drop higewisen, dass d'Impfung ouni Rendez-vous gemaach gëtt (Carte d'identité an CNS-Kaart sinn obligatoresch). Et kann entweder eng Éischtimpfung oder e Booster (Impfrappel) gemaach ginn.

D’Impfungen am Impfbus ginn ouni Rendez-vous gemaach. Dat bedeit, dass ee waarde muss, bis een un der Rei ass. Virun allem bei groussem Undrang, kann dat zu längere Waardezäite féieren. Fir esou Waardezäiten ze vermeiden a fir méi Confort, hutt Dir och d’Méiglechkeet e passende Rendez-vous am Impfzenter, bei engem Dokter oder an enger Apdikt ze huelen.

Impfzenter Victor Hugo Hal

Persounen ab  60 Joer, souwéi vulnerabel Persoune bei deenen de Risiko fir e schwéiere Verlaf vu COVID-19 besteet an déi eng schrëftlech Recommandatioun vun hirem Dokter hunn, kënnen eng 4. Dosis vun der Impfung géint de COVID-19 kréien.

An dësem Kader wäert den Impfzenter Victor Hugo ausnamsweis  tëschent dem 12. Juli an dem 13. August nees op sinn. Persounen, déi sech impfe loosse wëllen, ginn ausserdeem dozou opgeruff, d'Impfméiglechkeeten an den Dokteschcabineten, Apdikten an dem Impfbus ze notzen.

D'Lëscht vun all dësen Impfméiglechkeeten kann op follgender Säit consultéiert ginn: covidvaccination.lu

Evolutioun vun de Varianten

D'Donnéeën zu der Sequenzéierung vun de Variante fënnt een all Freideg um Site vum Nationale Gesondheetslabo (Laboratoire national de Santé, LNS) https://lns.lu/en/publications-en

Monitoring vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kader vum SARS-CoV-2

Vun elo un gi just nach eemol d'Woch Waasserprouwe geholl.

An deem Kontext ginn d'Resümmeeën just nach all 14 Deeg anstatt all Woch kommunizéiert.  D'Rapporte vum CORONASTEP kënnen um Site vum LIST consultéiert ginn: https://www.list.lu/en/covid-19/coronastep/.

Communiqué vum Gesondheetsministère, dem Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, dem Nationale Gesondheetslabo (LNS) an dem Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST)

Aktualiséiert