COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 13. bis den 19. Juni 2022

An der Woch vum 13. bis den 19. Juni ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vun 2.824 op 3.985 geklommen (+41%).  

D'Zuel vun de PCR-Tester, déi an der Woch vum 13. bis den 19. Juni duerchgefouert goufen, ass vun 9.289 op 11.336 geklommen.

Bannent der Referenzperiod, hunn 52 Persounen e positiven Antigène-Schnelltest gemellt, géintiwwer 35 déi Woch virdrun. Domat läit d'Gesamtzuel vun de positiven Antigène-Schnelltester, déi vu medezineschem Fachpersonal duerchgefouert goufen, bei 3.111. Et sief nach drop higewisen, dass déi gemellte positiv Antigène-Schnelltester fir de Positivitéitstaux net matgerechent ginn. 

Den 19. Juni ass d'Zuel vun den aktiven Infektiounen op 7.039 geklommen, am Verglach zu 4.991 den 12. Juni, wärend d'Zuel vun de geheelte Persoune vun 246.619 op 248.554 geklommen ass. D'Altersmoyenne vun de positiv geteste Fäll läit bei 38,9 Joer.

An der Woch vum 13. bis den 19. Juni gouf et 2 weider Doudesfäll am Zesummenhang mam COVID-19. D'Altersmoyenne vun den Doudesaffer ass 81 Joer. 

An de Spideeler goufen et 15 nei Hospitalisatioune vu COVID-Patienten an der Normalfleeg, géintiwwer 6 an der viregter Woch. Op der Intensivstatioun klëmmt d'Zuel vun de beluechte Better op 2. D'Altersmoyenne vun den hospitaliséierte Patiente läit bei 51 Joer.

Positivitéitstaux an Inzidenztaux 

Bannent der Referenzperiod, ass den effektive Reproduktiounstaux (RT eff) mat 1,19 géintiwwer 1,24 an der viregter Woch, erofgaangen. De Positivitéitstaux vun den Tester (Ordonnance, Contacttracing) ass op 35,15%, géintiwwer 30,40% an der Woch virdrun, eropgaangen.

Den Inzidenztaux op 7 Deeg ass op 617 Fäll pro 100.000 Awunner geklommen, géintiwwer 438 Fäll pro 100.000 Awunner an der Woch virdrun.

Re-Infektiounen an certifiéiert Selbsttester ginn an der Berechnung vum Inzidenztaux mat abegraff. Den Inzidenztaux ass an allen Alterstranchen eropgaangen.

Déi héchsten Haussë gëtt et bei den Altersgruppe vu 75+ Joer (+82%) an 0-14 Joer (+73%). Deen niddregsten Inzidenztaux gouf et an der Alterstranche vun de 75+ Joer mat 454 Fäll pro 100.000 Awunner. Deen héchsten Inzidenztaux gouf et an der Alterstranche vun 30-44 Joer mat 958 Fäll pro 100.000 Awunner.

Kontaminatiounen

Opgrond vun der steigender Zuel un Infektiounen, ass et net méiglech all d'Fäll vun der leschter Woch bis zum Erstelle vun dësem Rapport unzeruffen, z'iwwerpréiwen an déi méiglech Kontaminatiounssource z'identifizéieren. Vun de 5.204 Fäll, déi an der Woch vum 13. bis den 19. Juni 2022 enregistréiert goufen, goufen 855 Fäll (16%), déi den 13.06. an den 19.06 ugeruff kruten, analyséiert an d'Source ermëttelt.

De Familljekrees ass déi heefegst Source mat 33% vun den Infektiounen. Duerno kommen d'Educatioun (11%), d'Reesen an d'Ausland (9%), d'Aarbecht (7%) an d'Fräizäitaktivitéiten (6%). Den Undeel vun den net-identifizéierte Sourcë geet erof (28%).

Impfung: aktuell Lag  

An der Woch vum 13. bis den 19. Juni 2022, goufen am Ganzen 1.560 Dosissen aginn. 74 Persoune kruten eng 1. Dosis, 95 kruten déi 2. Dosis, 543 Persoune kruten eng éischt komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema, 847 kruten eng zweet komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema an 1 krut eng drëtt komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema. Domat klëmmt d'Gesamtzuel vun den administréierten Impfdosisse bis den 20. Juni op 1.284.554.

473.785 Persounen hunn ee kompletten Impfschema, wat engem Impftaux vun 78,8% vun der impfbarer Bevëlkerung entsprécht (also Persounen iwwer 5 Joer).

Provisoresch Fermeture vum Impfzenter Victor Hugo Hal

Den Impfzenter an der Victor Hugo Hal mécht seng Dieren provisoresch vum 2. Juli 2022 un zou.

D'Lëscht vun den Impfméiglechkeeten kann op follgender Säit consultéiert ginn:  covidvaccination.lu

"Impf-Bus on tour"

Déi nächst Rendez-vouse vum "Impf-Bus on tour" ginn um Site  www.covidvaccination.lu matgedeelt.

Et sief nach drop higewisen, dass d'Impfung ouni Rendez-vous gemaach gëtt (Carte d'identité an CNS-Kaart sinn obligatoresch). Et kann entweder eng Éischtimpfung oder e Booster (Impfrappel) gemaach ginn.

An der Woch vum 4. Juli wäert den Impfbus och zu follgenden Auerzäiten um Parking vun der Victor Hugo Hal stoen:

  • Dënschdeg, de 5. Juli: vun 09:00 bis 17:00 Auer
  • Donneschdeg, de 7. Juli: vun 09:00 bis 13:00 Auer
  • Freideg, den 8. Juli: vun 13:00 bis 17:00 Auer
  • Samschdeg, den 9. Juli: vun 09:00 bis 13:00 Auer

Evolutioun vun de Varianten 

D'Donnéeën zu der Sequenzéierung vun de Variante fënnt een all Freideg um Site vum Nationale Gesondheetslabo (Laboratoire national de Santé, LNS) https://lns.lu/en/publications-en

Monitoring vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kader vum SARS-CoV-2 

Laut dem leschte Rapport CORONASTEP vum LIST (Luxembourg Institute of Science and Technology), weist de Kontaminatiounsniveau an den 13 Kläranlagen, déi am Laf vun der 24. Woch 2022 ënnersicht goufen, eng nach ëmmer héich Prevalenz vum SARS-CoV-2 am Ofwaasser. Souwuel op nationalem, wéi och op regionalem Niveau, ass d'Tendenz änlech wéi déi vun der viregter Woch, mat engem héijen awer stabelen Niveau vun de SARS-CoV-2-Stréim. D'Rapporte vum CORONASTEP kënnen um Site vum LIST consultéiert ginn: https://www.list.lu/en/covid-19/coronastep/.

Communiqué vum Gesondheetsministère, dem Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, dem Nationale Gesondheetslabo (LNS) an dem Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST)  

Aktualiséiert