D'Sproocheronn 2022 : Zesumme fir eng lieweg Lëtzebuerger Sprooch

An eiser méisproocheger Gesellschaft spillt d'Lëtzebuergescht eng wichteg Roll. Den Interessi vun de Leit, déi Lëtzebuergesch léiere wëllen, wiisst zënter Jore konstant. Esou wéi 2017 an der Strategie vun der Regierung fir d'Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch festgehalen, sollen d'Mesuren an deem Beräich e klore Kader kréien, mat engem 20-Joresplang, dee bis Enn 2022 virleie soll. 

Am Suivi vun der Sproocheronn 2017 kréien d'Bierger och elo nees Geleeënheet, fir sech aktiv an d'Entwécklung vun der Lëtzebuerger Sproochepolitik anzebréngen, dëst an enger neier Sproocheronn tëscht dem 7.  an dem 16. Juni 2022. 

Den 20-Joresplang wäert op de Conclusioune vun de Bierger an der Sproocheronn 2022, dem Input vum Comité interministériel, deen de Commissaire fir d'Lëtzebuerger Sprooch assistéiert, an op de Resultater vun der Ëmsetzung vun der Strategie vun 2017 baséieren.

Dem Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch, ass et wichteg, d'Bierger mat anzebannen: "Fir datt d'Lëtzebuerger Sprooch lieft, muss den 20-Joresplang fir d'Lëtzebuerger Sprooch och participativ entstoen. Een 20-Joresplang kann nëmmen ee Succès sinn, wann d'Bierger sech mat de Mesuren, déi mer fir déi nächst 2 Joerzéngte wëlle festhalen, kënnen identifizéieren". 

D'Sproocheronn 2022 gëtt op véier Owender a véier Regioune vum Land organiséiert an all Bierger ass invitéiert, dohinner ze kommen, matzediskutéieren  a Proposen ze maachen. D'Datumer sinn:

  • Dënschdes, de 7. Juni: Terre-Rouge-Gebai um Belval
  • Donneschdes, den 9. Juni: Lycée classique Iechternach
  • Dënschdes, de 14. Juni: Lycée Michel-Rodange an der Stad
  • Donneschdes, de 16. Juni: Lycée Edward Steichen zu Clierf

jeeweils um 19.00 Auer.

All Owend ginn 3 Workshoppen organiséiert, wou d'Leit hir Meenung an hir Iddie kënnen äusseren. Dës Workshoppen dréie ronderëm d'Theemen: Lëtzebuergesch léieren, Lëtzebuergesch am Alldag a Lëtzebuergesch am 21. Joerhonnert. 

Donieft kann een och online matdiskutéieren: Op der neier Internetsäit www.lux.lu ass ee Forum, deen och op déi 3 Beräicher opgedeelt ass.

Lancement vum neien Internetsite www.lux.lu

Am Beräich vun der Lëtzebuerger Sprooch huet sech an de leschte Joren immens vill gedoen an et war wichteg, all d'Informatiounen op enger Plaz ze regroupéieren. Op der neier Internetsäit www.lux.lu  ginn all d'Facettë vun der Sprooch beliicht, mat hirer Geschicht, den Acteuren, déi an deem Secteur schaffen an de Mesuren a Programmer, déi en place sinn. 

Hei fënnt een och reegelméisseg  Informatiounen iwwer nei Publikatiounen, Initiativen a Mesuren am Beräich vun der Lëtzebuerger Sprooch an et gëtt een online Forum, wou een am Kader vun der Sproocheronn 2022 ka matdiskutéieren.

De Site ass an enger éischter Phas op Lëtzebuergesch online. Weider Sproocheversiounen op Franséisch, Däitsch an Englesch si geplangt.

Communiqué vum Ministère fir Bildung, Kanner a Jugend

Aktualiséiert