Lancement vun der Kannerrechtsstrategie a vum nationalen Aktiounsplang 2022-2026: "Zesumme fir d'Rechter vum Kand"

Am Kader vun der nationaler Kannerwoch huet de Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch, den 18. Mee 2022 den nationalen Aktiounsplang fir d'Kannerrechter zu Walfer um eduPôle lancéiert. Den nationalen Aktiounsplang (PAN) ass net exhaustiv, mee behandelt déi Prioritéiten, déi de Comité fir d'Kannerrechter fir Lëtzebuerg festgeluecht huet. 

©MENEJ Gruppefoto
Gruppefoto

Säit der Ratifizéierung vun der Kannerrechtskonventioun virun 30 Joer ass vill erreecht ginn. D'Covid-Pandemie an de Krich an der Ukrain weisen awer, datt de Schutz vun de Rechter vun de Kanner a Jonke weiderhin eng Erausfuerderung ass.

Etüde wéi de Kanner- an de Jugendbericht weisen, datt d'Kanner enorm resilient sinn a Fäegkeeten hunn, sech ze adaptéieren. Si hu Stäerkten, op déi mir opbaue kënnen. An deem Sënn ass d'Kannerrechtsstrategie e solidarescht Engagement fir eng kohärent an transparent Ëmsetzung vun de Rechter vum Kand.

"Kanner hu Rechter. Mir Erwuesse mussen si doriwwer informéieren an si dra stäerken, fir hir Meenung ze soen an op hir Rechter ze bestoen. Dofir huet d'Regierung sech eng Strategie fir d'Kannerrrechter gi mat klore Mesuren an Aktiounen, un deene mer eis als Gesellschaft och reegelméisseg sollte moossen", huet de Claude Meisch bei der Presentatioun ënnerstrach.

 

Geliefte Kannerrechter: Fir datt aus staarke Kanner staark Erwuessener ginn

D'Kannerrechter prägen all Dag d'Liewe vun all de Kanner, och an der Schoul. D'Verankerung vun de Kannerrechter am Schoulalldag bedeit vill méi. Wann all d'Kanner hir Iddien, Wënsch, awer och hiert Uleies ausdrécke kënnen, wa verschidde Meenungen openeentreffen a respektéiert ginn, da bilden d'Kannerrechter d'Basis vun all Austausch. Si sinn Deel vum Prozess, wann d'Kanner hir eegen Entscheedungen treffen a léieren, mat de Konsequenzen, déi doraus resultéieren, ëmzegoen. Et sinn dës Situatiounen, déi d'Kanner zu staarke Perséinlechkeete maachen an hinnen erlaben, an engem demokratesche System zu verantwortungsbewossten Individuen ze ginn.

"Staark Kanner si Kanner, déi eng eege Meenung hunn, déi kritesch denken an déi wëlle matschwätzen. Dofir ass et wichteg, d'Kanner an de Mëttelpunkt vun der Bildungspolitik ze setzen: Kanner musse kënne Kanner sinn, mee aus hinne mussen och staark Jonker an Erwuessener ginn. Dofir musse mer op hire Stäerkten opbauen an si beim Liewe vun hire Rechter ënnerstëtzen", huet den Educatiounsminister och nach betount.

 

D'Ausschaffe vum Aktiounsplang: e breede konsultative Prozess

Den aktuellen Aktiounsplang gouf an engem breede Konsultatiounsprozess mat all de concernéierte Partner ‒ anere Ministèren, Representanten aus der Zivilgesellschaft a Kanner ‒ tëscht September 2021 a Mäerz 2022 erstallt. Aacht Beräicher goufen zeréckbehalen: Identitéit an Net-Diskriminéierung, Mesurë fir de Placement, Gesondheet an Wuelbefannen, onbegleete Mineuren, d'Justiz fir d'Kanner, Gewalt, d'Rechter vu Kanner a Krisesituatioune souwéi d'Recht op Participatioun.

D'Plattform Kannerrechter vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend regruppéiert d'Haaptacteure vun de Kannerrechter an identifizéiert, suivéiert an evaluéiert d'Mesurë vum Aktiounsplang.

De PAN huet 64 verschidden Aktiounen, déi op Basis vun den Ziler vun der Kannerrechtsstrategie mat all de Partner zesummen ausgewielt goufen. Ee vun den Haaptziler ass, d'Participatioun vun de Kanner a Jugendlechen ze stäerken. Dofir huet déi direkt Consultatioun vun de Kanner a Jonken souwéi vun allen anere Partner bei der Ëmsetzung vun der nationaler Kannerrechtsstrategie iewescht Prioritéit.

En éischten Tëschebilan vun den Aktioune wäert 2023 gezu ginn.

Communiqué vum Ministère fir Bildung, Kanner a Jugend

Aktualiséiert