COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 18. bis de 24. Abrëll 2022

An der Woch vum 18. bis de 24. Abrëll ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vu 5.403 op 4.311 erofgaangen (-20%).

D'Zuel vun de PCR-Tester, déi an der Woch vum 18. bis de 24. Abrëll duerchgefouert goufen, ass vu 15.338 op 12.910 erofgaangen.

Bannent der Referenzperiod, hunn 58 Persounen e positiven Antigène-Schnelltest gemellt, géintiwwer 125 déi Woch virdrun. Domat läit d'Gesamtzuel vun de positiven Antigène-Schnelltester, déi vu medezineschem Fachpersonal duerchgefouert goufen, bei 2.814. Et sief nach drop higewisen, dass déi gemellte positiv Antigène-Schnelltester fir de Positivitéitstaux net matgerechent ginn.

De 24. Abrëll ass d'Zuel vun den aktiven Infektiounen op 10.005 erofgaangen, am Verglach zu 11.848 de 17. Abrëll, wärend d'Zuel vun de geheelte Persoune vun 218.062 op 224.209 geklommen ass. D'Altersmoyenne vun de positiv geteste Fäll läit bei 40,3 Joer.

An der Woch vum 18. bis de 24. Abrëll, goufen et 7 weider Doudesfäll am Zesummenhang mat COVID-19. D'Altersmoyenne vun den Doudesaffer ass 91 Joer.

An de Spideeler goufen et 24 nei Hospitalisatioune vu COVID-Patienten an der Normalfleeg, géintiwwer 29 an der viregter Woch. Op der Intensivstatioun ass d'Zuel vun de beluechte Better vu 3 op 1 erofgaangen. D'Altersmoyenne vun den hospitaliséierte Patiente läit bei 64 Joer.

Positivitéitstaux an Inzidenztaux

Bannent der Referenzperiod, ass den effektive Reproduktiounstaux (RT eff) mat 0,90 géintiwwer 0,93 an der viregter Woch, erofgaangen. De Positivitéitstaux vun den Tester (Ordonnance, Contacttracing) ass op 33,39%, géintiwwer 35,23% an der Woch virdrun, erofgaangen.

Den Inzidenztaux op 7 Deeg ass op 668 Fäll pro 100.000 Awunner erofgaangen, géintiwwer 851 Fäll pro 100.000 Awunner an der Woch virdrun.

Re-Infektiounen an déi certifiéiert Selbsttester an de Schoule ginn an der Berechnung vum Inzidenztaux mat abegraff. Am Verglach zu der viregter Woch, ass den Inzidenztaux an allen Alterstranchen erofgaangen, ausser bei der Altersgrupp vun 0-14 Joer (+1%).

Dee gréisste Réckgang gëtt et bei den Altersgruppe vun 75+ Joer (-36%) a vu 60-74 Joer (-30%). Deen niddregsten Inzidenztaux gouf et an der Alterstranche vun de 60-74 Joer mat 532 Fäll pro 100.000 Awunner. Deen héchsten Inzidenztaux gouf et an der Alterstranche vun 30-44 Joer mat 970 Fäll pro 100.000 Awunner.

Kontaminatiounen

Opgrond vun der héijer Zuel un Neiinfektiounen, ass d'Identifizéierung vun de Quellen aktuell net an alle Fäll méiglech. Vun de 5.105 Fäll, déi an der Woch vum 18. bis den 24. Abrëll enregistréiert goufen, goufen nëmmen d'Fäll, déi den 18.04, 19.04 an 21.04. gemellt a kontaktéiert goufen, analyséiert an d'Source ermëttelt.

Fir déi aner Deeg vun der Woch, goufen all d'Fäll vu Persounen vu 60+ analyséiert, sou wéi déi vu Residenten a Personal aus de Fleegeheemer. Fir d'Beschreiwung vun de Sourcë goufen déi 1.468 Fäll geholl, déi iwwert déi 3 Deeg. kontaktéiert goufen.

De Familljekrees ass déi heefegst Source mat 31% vun den Infektiounen. Duerno kommen d'Reesen an d'Ausland (20%), Fräizäitaktivitéiten (6%), d'Aarbecht (5%) an de Fleegesecteur (5%). Den Undeel vun den net-identifizéierte Sourcë geet erop (28%).

Impfung: aktuell Lag

An der Woch vum 18. bis de 24. Abrëll, goufen am Ganzen 980 Dosissen aginn. 67 Persoune kruten eng 1. Dosis, 140 kruten déi 2. Dosis, 424 Persoune kruten eng éischt komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema an 349 kruten eng zweet komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema. Domat klëmmt d'Gesamtzuel vun den administréierten Impfdosisse bis den 26. Abrëll op 1.278.920.

472.925 Persounen hunn ee kompletten Impfschema, wat engem Impftaux vun 78,7% vun der impfbarer Bevëlkerung entsprécht (also Persounen iwwer 5 Joer).

 

"Impf-Bus on tour"

Déi nächst Rendez-vouse vum "Impf-Bus on tour" ginn um Site www.covidvaccination.lu matgedeelt. Et sief nach drop higewisen, dass d'Impfung ouni Rendez-vous gemaach gëtt (Carte d'identité an CNS-Kaart sinn obligatoresch). Et kann entweder eng Éischtimpfung oder e Booster (Impfrappel) gemaach ginn.

Evolutioun vun de Varianten

D'Donnéeën zu der Sequenzéierung vun de Variante fënnt een all Freideg um Site vum

Nationale Gesondheetslabo (Laboratoire national de Santé, LNS) https://lns.lu/en/publications-en  

Monitoring vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kader vum SARS-CoV-2

Laut dem leschte Rapport CORONASTEP vum LIST (Luxembourg Institute of Science and Technology), weist de Kontaminatiounsniveau an den 13 Kläranlagen, déi am Laf vun der Woch vun der 16. Woch 2022 ënnersicht goufen, eng nach ëmmer ganz héich Prevalenz vum SARS-CoV-2 am Ofwaasser op nationalem Niveau. D'SARS-CoV-2-Stréim déi an dëser Woch gemooss goufe si méi niddereg wéi nach déi Woch virdrun. Änlech Tendenzen no gënne konnten an deenen eenzelne Kläranlage observéiert ginn, besonnesch bei deene 4 groussen: BEG, BET, SCH a PET D'Rapporte vum CORONASTEP kënnen um Site vum LIST consultéiert ginn: https://www.list.lu/en/covid-19/coronastep/.

 

Communiqué vum Gesondheetsministère, dem Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, dem Nationale Gesondheetslabo (LNS) an dem Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST) 

Aktualiséiert