COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 3. bis de 9. Januar 2022

An der Woch vum 3. bis den 9. Januar 2022 ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vun 5.643 op 10.680 geklommen (+89%).

Vun de 10.680 Neiinfektioune louch den Inzidenztaux bei Persounen, déi net geimpft waren, bei 1.990,26 Fäll pro 100.000 Awunner a bei de Persounen, déi ee kompletten Impfschutz haten, bei 1.544,11 Fäll pro 100.000 Awunner.

Wat d'Hospitalisatiounen ugeet, esou waren 27 vun de 49 Patienten an der Normalfleeg net geimpft (22 haten ee kompletten Impfschutz). An der Intensivfleeg ware 13 vun den 20 Patienten net geimpft.

D'Zuel vun de PCR-Tester, déi an der Woch vum 3. bis den 9. Januar duerchgefouert goufen, ass vun 23.014 op 36.198 eropgaangen.

Bannent der Referenzperiod, hunn 1.510 Persounen e positiven Antigène-Schnelltest gemellt, géintiwwer 151 déi Woch virdrun. Domat läit d'Gesamtzuel vun de positiven Antigène-Schnelltester, déi vu medezineschem Fachpersonal duerchgefouert goufen, bei 1.055. Säit dem Aféiere vun de Selbsttester, goufen 804 positiv Fäll gemellt (mat 0 Fäll an der Woch vum 3. bis den 9. Januar). Et sief nach drop higewisen, dass déi gemellte positiv Antigène-Schnelltester fir de Positivitéitstaux net matgerechent ginn.

Den 9. Januar war d'Zuel vun den aktiven Infektiounen op 16.343 geklommen (am Verglach zu 8.451 den 2. Januar), wärend d'Zuel vun de geheelte Persoune vun 95.991 op 98.767 geklommen ass. D'Altersmoyenne vun de positiv geteste Fäll läit bei 31,3 Joer.

An der Woch vum 3. bis den 9. Januar, goufen et 12 weider Doudesfäll am Zesummenhang mam COVID-19. D'Altersmoyenne vun den Doudesaffer ass 77 Joer.

An de Spideeler goufen et 49 nei Hospitalisatioune vu COVID-19 Patienten an der Normalfleeg. An der Intensivfleeg bleift d'Zuel vun de beluechte Better mat 20 stabel. D'Altersmoyenne vun den hospitaliséierte Patienten ass vun 56 op 57 Joer eropgaangen.

Positivitéitstaux an Inzidenztaux

Bannent der Referenzperiod, ass den effektive Reproduktiounstaux (RT eff) mat 1,48 géintiwwer 1,30 an der viregter Woch, eropgaangen. De Positivitéitstaux vun den Tester (Ordonnance, Contacttracing) ass op 29,50%, géintiwwer 24,52% an der Woch virdrun, eropgaangen.

Den Inzidenztaux op 7 Deeg ass op 1.682 Fäll pro 100.000 Awunner geklommen, géintiwwer 889 Fäll pro 100.000 Awunner an der Woch virdrun.

Am Verglach zu der viregter Woch, ass den Inzidenz-Taux an allen Alterstranchë substanziell geklommen. Ausser bei der Altersgrupp 75+ mat enger Hausse vun 48%, ass den Inzidenz-Taux em méi wéi 81% an allen aneren Alterstranchë geklommen. Déi héchsten Haussë gëtt et an der Altersgrupp vun 0-14 Joer (+195%) a vu 15-29 Joer (+103%). De niddregsten Inzidenz-Taux gëtt et bei der Altersgrupp vu 75+ (380 Fäll fir 100.000 Awunner).

Quarantän an Isolatioun

An der Woch vum 3. bis den 9. Januar, waren 14.511 Persounen an Isolatioun (+79%) an 3.605 a Quarantän (+42%).

Kontaminatiounen

Opgrond vun der héijer Zuel un Neiinfektiounen, ass d'Identifizéierung vun de Quellen aktuell net an alle Fäll méiglech.
 De Familljekrees schéngt déi heefegst Source (28,6%) ze bleiwen, duerno kommen d'Reesen an d'Ausland (11,8%) an d'Fräizäitaktivitéiten (4,9%). De Prozentsaz vun den net-identifizéierte Sourcë geet erop (50,8%).

Speziell Situatiounen am Schoul-Beräich

Déi signifikant Hausse vun der Zuel u Schüler, déi positiv op COVID-19 getest goufen (cf wëchentleche Rapport), steet an direkter Verbindung mat der Evolutioun vun der Verbreedung vum Virus an der Gesamtbevëlkerung a spigelt d'Hausse vun de positive Fäll am ganze Land erëm.

Fir déi éischt Schoulwoch no der Chrëschtvakanz ass eng breet Verdeelung vun de positive Fäll bei Schüler op nationalem Niveau festzestellen: sämtlech Regiounen aus dem Land an eng Majoritéit vun de Schoulen si betraff. D'Infektiounsketten u sech bleiwen awer begrenzt, wat beweist datt déi verstäerkten Testmoossnamen (deeglech), déi ageleet ginn esou bal ee positive Fall an enger Klass optrëtt, wierken.

D'Evolutioun an de Schoule gëtt weiderhi genau suivéiert. Déi schnell Verbreedung vum COVID-19 bedeit virun allem eng grouss organisatoresch Erausfuerderung fir d'Schoulcommunautéit.

Impfung: aktuell Lag

An der Woch vum 3. bis den 9. Januar goufen am Ganze 42.005 Dosissen aginn. 3.924 Persoune kruten eng 1. Dosis, 4.755 kruten déi 2. Dosis an 33.326 Persoune kruten eng komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschutz. Domat klëmmt d'Gesamtzuel vun den administréierten Impfdosisse bis den 11. Januar op 1.131.877.

450.399 Persounen hunn ee kompletten Impfschutz, wat engem Impftaux vun 81,4% vun der impfbarer Bevëlkerung entsprécht (also Persounen iwwer 12 Joer).

Upassung vum COVID-Gesetz

Nom Vott (11. Januar 2022) vum Gesetzesprojet N°7943, ass dat ofgeännert Gesetz vum 17. Juli 2020 iwwert d'Mesuren am Kampf géint d’Pandemie COVID-19 op folgende Punkten ugepasst ginn:

D'Isolatiounsdauer gëtt fir bestëmmte Persoune reduzéiert

D'Isolatioun dauert 10 Deeg. Si ka virun dem Oflaf vun den 10 Deeg ofgeschloss ginn, wann d'Persounen:

  • ee vollstännegen Impfschutz hunn, dee viru manner wéi 180 Deeg (6 Méint) ausgestallt gouf, oder
  • viru manner wéi 180 Deeg no engem positive PCR-Test vun enger COVID-19-Infektioun geheelt goufen, oder
  • en Impf-Rappel (Booster) kruten, oder

wa si fréistens de 5. an de 6. Dag vun der Isolatioun SARS-CoV-2 Antigène-Schnelltester duerchféieren an d'Resultat negativ ausfällt.

Am Fall vun engem negative Resultat hält d'Isolatioun um 6. Dag op.

Dës Kierzung berout dorop dass déi betraffe Persounen deen Ament eng méi geréng Viruslaascht a virun allem manner laang ustiechend sinn.

Dës Ännerunge betreffen och Persounen déi virum Vott vum 11. Januar 2022 an Isolement waren. Fir dës Persoune gëtt den Isolement vun 10 op 6 Deeg reduzéiert, och wann den Zertifikat dee si déi lescht Woch, haut oder muer per Post kritt hunn, dëst net spezifizéiert. Déi betraffe Persoune brauchen net bei der Hotline unzeruffe fir en neien Zertifikat ze kréien.

Gültegkeet vun den Impfcertificaten

Am Accord mat der Europäescher Kommissioun, ass déi allgemeng Gültegkeet vun den Impfertificaten op 270 Deeg (9 Méint) fixéiert, ab dem Datum, wou d'Impfung als komplett gëllt. Zurzäit steet d'Gültegkeetsdauer vun den Certificate fir den Impf-Rappel deemno nach net fest.​

CovidCheck 2G+ System

Folgend Persounen sinn ab elo am Kader vum CovidCheck 2G+ vun der Testflicht befreit:

  • déi, déi ee kompletten Impfschutz hu vu manner wéi 180 Deeg;
  • en Impf-Rappel (Booster) kruten, oder
  • déi, déi e Geheelt-Certificat virweise kënnen.

"Pop Up" Impfung: Lëtzebuerg léisst sech impfen

Fir den Impftaux ze verbesseren, huet d'Regierung decidéiert temporär Impf-Plazen ("Pop Up" Impfstatiounen) unzebidden, an esou den Zougank zu Impf-Méiglechkeeten ze vereinfachen. Mobil Ekippe wäerten ausserdeem op vill besichte Plazen ënnerwee sinn (Foussgängerzonen, Akafszenteren, Evenementer déi vu verschidde Gemengen organiséiert ginn).

D'Lëscht vun de Pop Up Statioune gëtt permanent aktualiséiert an ass um Site covidvaccination.lu ze fannen.

Evolutioun vun de Varianten

D'Donnéeën zu der Sequenzéierung vun de Variante fënnt een all Freideg um Site vum Nationale Gesondheetslabo (Laboratoire national de Santé, LNS) https://lns.lu/en/departement/department-of-microbiology/revilux/.

Monitoring vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kader vum SARS-CoV-2

Laut dem leschte Rapport CORONASTEP vum LIST (Luxembourg Institute of Science and Technology), weist de Kontaminatiounsniveau an den 13 Kläranlagen, déi an der éischter Woch vun 2022 ënnersicht goufen, nach ëmmer eng héich Prevalenz vum SARS-CoV-2 am Ofwaasser op nationalem Niveau op. D'Resultater vun dëser Woch weise SARS-CoV-2 Stréim op, déi en änlechen Niveau hunn, wéi déi vun Enn Dezember, woubäi sech de positiven Trend confirméiert. Eng änlech Tendenz ass och op regionalem Niveau fir déi meescht analyséiert Kläranlagen z'erkennen, ouni regional Disparitéiten. D'Rapporte vum CORONASTEP kënnen um Site vum LIST consultéiert ginn:.

Communiqué vum Gesondheetsministère, dem Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, dem Nationale Gesondheetslabo (LNS) an dem Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST) 

Aktualiséiert